Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fusioun AT&T- Time Warner: Impakt och op Lëtzebuerg?

Wirtschaft

Fusioun AT&T- Time Warner: Impakt och op Lëtzebuerg?

AT&T huet proposéiert, den Time Warner-Konzern fir 85 Milliarden Dollar opzekafen - dat wier déi bis dato déi gréisst Iwwernahm vun dësem Joer. Wann dësen Deal sollt gréng Luucht vun de Konkurrenz-Autoritéite kréien, kéint en d’Medielandschaft net nëmmen an Amerika, mee weltwäit veränneren. An en Impakt op Lëtzebuerg kënnt dës Fusioun och hunn.

auto_stories

3 min

Jean-Paul Hoffmann

De proposéierte Merger vun AT&T an Time Warner ass eng Hochzäit vun amerikanesche Giganten. Den een, e Schwéiergewiicht am Beräich vun der Telekommunikatioun, Breetband, Festnetztelefon, Mobil Kommunikatioun a Satellit. Den aneren, e Platzhirsch am Beräich vum Contenu, Audio a Visuel, Televisioun a Film. Geplangt ass eng vertikal Integratioun - mam Resultat, datt déi Entreprise, déi d’Distributiouns-Reseaue besëtzt, och de Programminhalt produzéiert.

De Ausgank vun den amerikanesche Presidentschaftswahle beaflosst de Rescht vun der Welt. Dat ass eng Evidenz. Genee esou huet och dëse Merger en Impakt op de Rescht vun der Welt. Wann d’Antitrust-Autoritéite sollte gréng Luucht fir dësen Zesummeschloss ginn, da wäert dat och eng Inzidenz drop hunn, wéi weltwäit an Zukunft d’Geschäftsmodeller am Medieberäich geduecht a geplangt ginn.

Firwat esou en Deal?

Wat dreift dësen Deal iwwerhaapt? Et ginn dräi grouss Ursaachekomplexer.

Éischtens, Profit: D’Logik vun der vertikaler Integratioun ass, datt si de Profit-Potential optimiséiert. Wann een esouwuel den Distributiounsreseau, wéi och de Contenu ka kontrolléieren, da kann een d’Valeur ajoutée an d’Luucht dreiwen.

Zweetens, d’Televisioun probéiert sech hei nei z'erfannen: Medie-Betriber musse sech esou positionéieren, datt si kënne mat de populären neie Modeller wéi Netflix an Hulu mathalen. Dat heescht, si musse Programmer à la demande ubidden, déi fir all Ecran formatéiert sinn - virun allem déi mobil, also Tabletten a Smartphonen. D’Bedreiwer vum Merger hu Kritik uklénge gelooss, datt déi traditionell Distributiouns-Reseauen, Kabel a Satellit, net genuch Innovatiounsdynamik géife weisen.

An Drëttens, nach emol Profit. Et hofft ee sech och um Publicitéitsmarché besser vis-à-vis vun de groussen online-Plattforme Google a Facebook, déi den Online-Publicitéitsmarché dominéieren, positionéieren ze kënnen.

Ee Virgeschmaach

Firwat ass dëst iwwerhaapt fir Lëtzebuerg relevant? Eemol, well dat wat an Amerika am Medieberäich geschitt, dacks e Virgeschmaach ass op dat wat sech och bei eis abiergere wäert. Och, wann an Europa de Marché an d’Konkurrenzrecht e bëssen anescht gestréckt sinn. Wann de Changement vun de Mediekonsumgewunnechten zu strukturelle Changementer an der Offer féiert, da sollt ee gutt lauschteren. Et ass unzehuelen, dass dat bei der Duechtergesellschaft vum RTL Group, CLT-UFA elo geschitt.

An da kéint et och sinn, datt Lëtzebuerg kéint méi oder manner direkt wirtschaftlech betraff ginn. Lëtzebuerg ass d’Haaptquartéier vun zwou Satellitegesellschaften, déi allebéid nenneswäert Interêten um nordamerikanesche Marché hunn. D’SES generéiert do ronn 400 Milliounen Euro Ëmsaz am Joer - e groussen Deel dovu mat Televisiouns-Iwwerdroungen. Dat selwecht gëllt fir de Konkurrent Intelsat, offiziell mat Sëtz um Kierchbierg. Vun hirem Gesamtëmsaz vun 2,3 Milliarden US-Dollar kënnt e gudden Deel aus dem nordamerikaneschen Televisiounsgeschäft.

Wann den Zesummeschloss vun AT&T an Time Warner da sollt Realitéit ginn, wäert hie Spuren hannerloossen. Wa sech nei Medie-Modeller degagéieren, geet dat seelen ouni Verwerfungen.