Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuuss: Juegdverbuet bleift ëmstridden

Emwelt

Fuuss: Juegdverbuet bleift ëmstridden

De Verbuet vun der Fuussejuegd bleift ëmstridden - och annerhallef Joer no der Decisioun vun der Regierung. Uganks des Mounts goufen e puer Kaalwer attackéiert, an et huet net laang gedauert bis de Fuuss beschëllegt gouf. Un de Positiounen zur Fuussejuegd huet dësen Tëschefall awer näischt geännert.

auto_stories

2 min

Stanislav Duben / Bigstock

Fir de President vun der Fédération St-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg, de Georges Jacobs vun der Jeeërfederatioun ass d'Fuussejuegt wichteg, fir ze verhënneren, datt d'Fuussepopulatioun klëmmt. Da wier senger Meenung no d'Gefor vun enger Verbeedung vum Fuussebandwuerm méi grouss. Ma de Laurent Schley, Directeur-adjoint vun der Naturverwaltung, gesäit dat anescht. D’Juegd op de Fuuss géif d’Populatioun net limitéieren, mee de Géigendeel bewierken: A Stress-Situatioune géif de Fuuss nämlech dozou tendéieren sech méi ze reproduzéieren.

Bei der Naturverwaltung ass een iwwerzeegt, datt d’Populatioun vun de Fiiss zu Lëtzebuerg nom Verbuet vun der Fussejuegd net geklommen ass. Präzis Zielunge ginn et awer keng – D'Käschte vun enger fundéierter Zielung wieren ze héich.

Ass de Fuuss nëtzlech?

D'Argument vun der Jeeërfederatioun, datt eng Fuussejuegt de Fuussebandwuerm kéint andämmen, léisst de Laurent Schley net gëllen. Zwar hätt de Fuussebandwuerm sech an de leschte Joerzéngten europawäit verbreet hätt, ma eng Juegd op de Fuuss kéint dee Problem awer net léisen. De Bandwuerm hätt sech nämlech virun allem a Fuussepopulatioune bannent Europa verbreet, déi bejot gi wieren.

De Sous-Direkter vun der Naturverwaltung betount, wéinst dem Verbuet vun der Fuussejuegd géife Virfäll, déi de Fuuss concernéieren – wéi eng Attack op Källefcher uganks November – méi thematiséiert ginn. Där Virfäll wieren et awer och scho virum Verbuet ginn. Dogéint, géifen 'Baueren sech esou guer beschwéieren, datt net méi genuch Fiiss do wieren. Déi géifen nämlech hëllefen, Maisploen z'evitéieren.

Ma doru gleeft de President vun der Jeeërfederatioun awer net. De Georges Jacobs betount, déi lescht zwee Joer wieren immens vill Mais an de Felder gewiescht, "an do gëtt et Situatiounen, do sinn 10.000 Mais op engem Quadratkilometer. D'Fiiss kënnen héchstens een hallwe bis ee Prozent dovu vertilgen." Deemno hätten d'Fiiss guer keen Afloss op eng Maisplo. "A souwisou, wann et eng Plo gëtt, da gëtt et eng Plo. Da mussen d'Leit kucken, datt si domat eens ginn." Hie betount, et wier een net automatesch en Déierefrënd, wann ee géif refuséieren fir an d'Natur agräifen an zum Beispill géint eng Juegt wier.