Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geet de Projet an déi richteg Richtung?

Institut fir Zäitgeschicht

Geet de Projet an déi richteg Richtung?

An Zäit vun e puer Wochen diskutéiert d’Chamber zweemol iwwert de geplangten Institut fir Zäitgeschicht. Moutarde après dîner? Dat freet sech d'Zäithistorikerin Renée Wagener.

auto_stories

8 min

Eigentlech wor d’Bir schonn am Juni lescht Joer geschielt. Deemools huet de Regierungsrot net nëmmen d’Schafung vum Institut d’histoire du temps présent” (kuerz IHTP) approuvéiert. Mee en huet och festgehalen, datt den zoustännege Minister der Uni sollt "proposéieren", deen Institut bei hir an der Form vun engem "Centre Interdisciplinaire" ënnerzebréngen.

Domat huet de Marc Hansen de gordesche Knuet vun deene verschiddene Positiounen a punkto Zweck a Struktur vum IHTP duerchschloen, dee bis dohin einfach net wollt opgoen. D’Positiounen op der Uni Lëtzebuerg dozou woren nämlech zimmlech ënnerschiddlech. Um Enn gouf et awer eng däitlech Majoritéit fir eng Integratioun an der Uni.

Nach net all Kniet geléist?

Trotzdem gëtt op anere Plaze weider diskutéiert: Wéi Enn Januar an der Chamber de Gesetzprojet iwwert d’Ofschafung vum Centre virtuel des connaissances sur l’Europe approuvéiert gouf, ass während deem Debat zu 80 Prozent iwwert den neien Institut fir Zäitgeschicht geschwat ginn.

Elo steet fir an den nächste Wochen eng Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Serge Wilmes un. Duerno wäert et dann nach mindestens zweemol d’Geleeënheet ginn, iwwert den IHTP ze schwätzen, well och d’Opléisung vun den zwee Centres de documentation et de recherche iwwert d’Resistenz an iwwert d’Zwangsrekrutéierung am Zweete Weltkrich muss wuel iwwer Gesetz geregelt ginn.

Eleganz am Duerchzéie vu politeschen Entscheedunge gesäit anescht aus. Et wier op d'mannst vu bausse gekuckt méi aliichtend gewiescht, wann all déi Zentren, déi per Gesetz mussen opgeléist ginn, zesummen ofgeschaf gi wieren. Awer och d’Chamber hätt kéinten hirer Roll gerecht ginn, wa se schonn am Virfeld vun den Decisiounen, net nëmmen an interne Kommissiouns-Sitzungen, mee och ëffentlech eng Diskussioun gefouert hätt, zum Beispill a Form vun engem Hearing.

Gëtt en IHTP gebraucht?

Den Debat vum 23. Januar huet nämlech gewisen, datt et, wat d’Schafung vun deem Institut ugeet, ënnerschiddlech Positioune gëtt. Hannert hinne verstoppen sech e puer grondsätzlech Froen.

Déi éischt ass: Brauche mer iwwerhaapt esou en Institut? Den DP-Vertrieder Lex Delles huet an der Chamber ugemierkt, et hätt e Member vun der CSV-Fraktioun an der Kommissioun a sengem perséinlechen Numm gemengt, et sollt een net méi weider iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg fuerschen, well "domat géifen onnéideg Wonnen opgerappt ginn".

Esou Positioune si sécherlech mëttlerweil minoritär, souguer an der CSV. Do trëtt eng nei Generatioun fir méi e pro-aktiivt Ëmgoe mat der Vergaangenheet an. Dat ass allerdéngs eng grouss Ännerung, well et wor jo grad d’CSV, déi 2002 an 2005 zwar déi zwee Dokumentatiouns-Zentren zum Zweete Weltkrich duerchgesat huet, mee déi awer keen iwwergräifenden Institut zur Zäitgeschicht wollt hunn.

En plus kruten déi zwee Zentren, déi direkt vum Staatsministère ofhoungen, deemools och d’Aufgab, sech ëm d’Commemoratioun ze këmmeren. Sou wor scho virginn, datt se schwéier kéinten eng kritesch historiographesch Aarbecht maachen. An zugläich gouf eng wichteg aner Grupp, déi spezifesch vum Zweete Weltkrich betraff wor, déi jiddesch Communautéit, ausgeschloss.

Wéi soll een d'Fuerschung organiséieren?

Déi zweet Fro ass: Firwat e getrennten Institut fir Zäitgeschicht? An eisen Nopeschlänner goufen esou Instituter oft schonn an an nom Krich, spéitstens awer an de 1970er Joere gegrënnt. Si hunn sech méi oder manner schnell iwwert den Thema vum Krich eraus méi e breede Kader ginn an sech och anere Phenomener aus der Zäitgeschicht, wéi dem Kolonialismus, dem Kale Krich oder der Fraen-Emanzipatioun zougewandt.

Den Accent, deen domat op d’Zäitgeschicht geluecht gëtt, bedeit e Paradigmewiessel an der Geschichtsfuerschung, well fréier ass dru festgehal ginn, datt een nëmme mat enger gewëssener zäitlecher Distanz kéint Geschichtsfuerschung bedreiwen. Zäitgeschichtlech fuerschen, datt heescht ëmmer och, mat Interpretatiounsvirschléi an aktuell Debaten agräifen, oder se eropbeschwieren.

Sou ass et keen Zoufall, datt den Artuso-Rapport d’Gemidder beweegt. Oder en internationaalt Beispill: Wéi den hollänneschen Institut fir Krichs-, Holocaust a Genozid-Studie virun e puer Joer de Rapport iwwert d’Roll vun Holland am Massaker vu Srebrenica erausginn huet, huet dat zum Fall vun der hollännescher Regierung gefouert.

E Sonderstatus fir d'Zäitgeschicht

Duerfir mécht et Sënn, fënnt jiddefalls eng grouss Fraktioun an der Geschichtsfuerschung, datt d’Zäitgeschicht e Sonderstatus kritt par rapport zu deenen anere Geschichtsfuerschungsfelder. Munnecher betounen zwar, datt op der Uni Lëtzebuerg scho laang géif Zäitgeschicht bedriwwe gëtt, och ouni spezifeschen Institut.

D’Beispill vum Rapport Artuso weist awer d’Risiken, déi domat verbonne sinn, wann d’Zäitgeschicht e Fach ass wéi di aner. Mat engem hallwe Posten op zwee Joer sollt zu Lëtzebuerg eng Aarbecht gemaach ginn, déi bei eisen Noperen a Fuerschungs-Equipen an iwwert eng Rei vu Joren ewech geleescht gouf.

Gehéiert den IHTP an d'Uni?

Den drëtte Punkt: Wou gehéiert den IHTP hinn? Eng Rei Leit, an och ech selwer, hu fir en Institut plädéiert, dee méi eng Autonomie a méi eng Visibilitéit gehat hätt, wéi deen, deen elo an der Uni geplangt ass. Esou en Institut hätt och méi liicht kënnen an e Gesamtkader gesat ginn. Wéi wäert zum Beispill deen neien Institut mat de Muséeën oder och dem Zentrum fir politesch Bildung zesummeschaffen? Wat bleift vun de Commemoratiouns-Sitë vun der Resistenz an der Zwangsrekrutéierung? Wat passéiert mat der Fuerderung no engem Dokumentatiounszentrum iwwert d’Shoah?

En eegene finanzielle Spillraum wier och eng wichteg Conditioun, fir datt deen neien Institut sech e fil conducteur fir seng Aarbechte kéint ginn. Am Unis-Gesetz steet, datt esou Centres interdisciplinaires iwwert en eegene Budget innerhalb vum Gesamt-Etat vun der Uni verfügen an doniewt iwwert “apports externes” kënne finanzéiert ginn. Eng eegen Enveloppe also, där hire Montant awer zu engem gudden Deel vun der Uni definéiert gëtt. Bei den zwee schonn existente Centres interdisciplinaires, déi allerdéngs an der industrieller Fuerschung an an der Biomedezin aktiv sinn, loung 2014 den Undeel vun der Uni fir d’Finanzéierung vu Fuerschung bei 28 respektiv 50 Prozent.

Wann deen neien Direkter oder déi nei Directrice vum IHTP net d’Halschent vun hirer Zäit soll domat beschäftegt sinn, fir no Fuerschungsgelder ze sichen, a wann d’Aarbecht vun deem neien Institut Kohärenz a Kontinuitéit soll kréien, misst hei d’office en héije Montant vun Eegefinanzéierung duerch d’Uni festgehale ginn.

Konkrete Fortschrëtt

Nom Helmut Kohl sengem Prinzip "Entscheidend ist, was hinten raus kommt", kann een awer ëmmerhi feststellen, datt mer zënter 2013 an där ganzer Matière e puer Schrëtt weider komm sinn.

  • D’Regierung huet e Verspriechen ageléist, wat am Koalitiounsaccord enthal wor;
  • Si ass am gaang, déi divers kleng Recherche-Instituter ze regroupéieren an der Lëtzebuerger Zäitgeschichtsfuerschung sou méi eng zolitt Basis ze verschafen, och wann dat an der Praxis net sou einfach iwwert d’Bühn geet.
  • Si schaaft en Institut, deen net méi ënner tutelle vun engem Ministär ass an deem seng Missioun net méi verwéckelt ass mat der staatlecher Erënnerungs- a Commemoratiounspolitik. 
  • Si setzt op Interdisziplinaritéit, op d'mannst ass dat am Choix vun der Struktur vun engem “Centre interdisciplinaire” enthalen. D’Unis-Gesetz gesäit nämlech vir, datt bei deenen Zentren Disziplin-iwwergräifend Thematiken, innovativ Approchen an nei Fuerschungsperspektive wäerten ugepak ginn.
  • Mat deem Choix ass och e Fuerschungskader verbonnen, dee méi lassgeléist vum Stack-Lëtzebuerger Kontext ass.

Besonnesch dee leschte Punkt huet fir Kritik gesuergt. Sou huet déi sozialistesch Deputéiert Taina Bofferding vum Risiko geschwat, datt "den ursprénglech geplangtenen Zweck vun der zäitgeschichtlecher Fuerschung am Interesse vum Land kéint verluer goen". Dora schwéngt d’Kritik mat, datt d’Uni ze vill wäit vun originär Lëtzebuerger Themen ewech wier, an datt se géif ënner Ausschloss vu Lëtzebuerger Fuerscherinnen a Fuerscher schaffen.

Wéi eng Plus-Value fir Lëtzebuerg?

Grad am Geschichtsberäich huet d’Uni awer an deene leschte Jore Fachleit aus dem akademeschen an net-akademeschen, aus dem Lëtzebuerger an internationale Kontext zesummebruecht. Et ass souguer vläicht de gréisste Plus vun der Uni, datt d’Lëtzebuerger Fuerschung an en internationale Kontext agebonne gëtt.

Et kann een am 21. Joerhonnert keng Lëtzebuerger Geschicht schreiwen, an där d’portugisesch Immigratioun oder de Kale Krich feelt, an där d’Shoah just an engem Niewesaz erwähnt gëtt, an där déi Nei Sozial Bewegungen aus de 70er Jore keng Roll spillen oder d’Finanzplaz net kritesch gekuckt gëtt. All dës Phänomener sinn awer eigentlech europäescher, souguer internationaler, déi sech zu Lëtzebuerg a gewësse Formen niddergeschloen hunn.

Duerfir muss sech deen neien IHTP op eng Geschichtsfuerschung aloossen, déi souwuel am Echange mat aneren Disziplinne schafft wéi am Echange mat aneren nationale Gegebenheeten. An andeems en de Mythos vun enger eenheetlecher, nationaler Geschichtsschreiwung dekonstruéiert.