Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gefaangen am Reality Tunnel

Gesellschaft

Gefaangen am Reality Tunnel

Wann 62 Prozent vun den Amerikaner hir Noriichten aus soziale Medie kréien, wat bedeit dat fir d'Medien? Wann den Donald Trump eng Campagne féiert, déi méi un Emotiounen appelléiert, wéi u Fakten, wat bedeit dat fir eng Gesellschaft? D'"Oxford Dictionaries" hu "post-truth" als internationaalt Wuert vum Joer deklaréiert.

auto_stories

3 min

Ee Supporter vum Donald Trum als Santa Claus

Virun aacht Joer, also 2008, huet de Farhad Manjoo e Buch mam Titel "True Enough - Learning to live in a post-fact society" geschriwwen. Schonn deemools war deemno den Trend ewech vu Fakten an op eng méi emotional Rhetorik am politeschen an am mediale Kontext z'erkennen.

Wourecht an 140 Zeechen

Zënterhier huet sech sou muenches op der Welt gedoen. Deen extrem polariséierten US-Wahlkampf vun dësem Joer, bei deem d'Ignoréiere vun Tatsaachen a Lige ganz ouni Schimmt genotzt gi sinn, de Brexit, d'Stäerkung vu populisteschen a rietsradikale Parteien an europäesche Länner si just e puer Beispiller. Komplexitéite ginn an ëffentlechen Debatten dacks net berécksiichtegt: Wourecht an "Tweet-Form", net méi wéi 140 Zeechen, w.e.g.

Sécherlech dréit och déi parallel lafend Digitaliséierung a Globaliséierung zum Post-Faktum bäi. Noriichte sinn duerch Smartphones esou einfach accessibel, wéi nach ni. Mir bewegen eis bal all an diverse sozialen Netzwierker, hunn eis een Online-Liewen opgebaut. Sollte mir dann net déi wuel bescht-informéierte Generatioun zënter laangem sinn? Anscheinend net.

Facebook-Blos als Reality Tunnel

Wéi kënne mer dat sinn, wann Algorithmen eis andauernd nëmme mat Informatiounen a Meenunge fidderen, mat deene mir souwéisou schonn averstane sinn? "Reality Tunnel" huet den Timothy Leary dat an de 1960er Jore genannt: d'Iddi, datt mir all an engem Feedback Loop vun eiser eegener Wahrnehmung, vun eisen eegenen Interpretatiounen hänken.

D'psychologescht Konzept vum "Confirmation Bias" spillt hei och eng Roll, also déi ganz mënschlech Tendenz, nëmmen Iddien oder Observatioune wouerzehuelen, déi d'Astellung, déi mir vertrieden, confirméieren.

Verzerrung vun der Wierklechkeet

Mir sinn eis an anere Wierder net méi bewosst, datt eis Perceptioun vun Interpretatioun gepräägt ass, mir acceptéiere se als objektiv Realitéit. Ganz nom relativisteschen, postmoderne Motto: "Truth is in the eye of the beholder - d'Wourecht läit am A vun deem, dee kuckt".

Tatsaache gi mat Gefiller a Spekulatioun vermëscht, woubäi Gefiller eng méi grouss Wichtegkeet zousteet. Wann dann 62 Prozent vun den Amerikaner hir Noriichte mëttlerweil aus sozialen Netzwierker kréien, wou de "Reality Tunnel" weider ënnerstëtzt gëtt, féiert dat eben zur Verzerrung vun der Wierklechkeet. An dat natierlech zur Polariséierung.

En neit Bewosstsinn fir nei Technologien

Express gefälschte Meldungen an automatiséiert Messagë vu Chat-Roboteren, sougenannten "Chatbots", wéi se och beim US-Wahlkampf zum Asaz koumen, verbreede falsch Informatiounen onheemlech séier. Onofhängeg vun der Wourecht bewege mir eis als Gesellschaft dann a Gefilden, an deenen et normal ass, ofzelenken, ze léien, an ze verwässeren.

Mir hunn eng Flicht, op d'mannst ze probéieren, eis aus eisen Tunnellen erauszebewegen, an eis Kritikfähegkeet bäizebehalen. Och, a vläicht virun allem, wa mir mat Iddie konfrontéiert sinn, déi eis souwéisou nëmmen an eisem Denke bestätegen. Nei Technologië fuerderen nämlech och en neit Bewosstsinn, eng nei Verantwortung.

Technologesche Fortschrëtt eleng garantéiert keng ethesch Evolutioun vum Journalismus, vun der Politik, oder vun eis als Mënschen. Aussergewéinlech Zäite brauchen aussergewéinlech Aktioun.