Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Kohnen: Radio, Musek a Wëssenschaft

Sot emol

Georges Kohnen: Radio, Musek a Wëssenschaft

Zanter 1996 ass de Georges Kohnen schonn als fräie Mataarbechter beim radio 100,7 derbäi. Ufanks war e virun allem am Beräich vun der klassescher Musek aktiv, an zanter Joren ass hien den 100,7-Korrespondent an der Belsch.

auto_stories

2 min

De Radio huet dem Georges Kohnen et ugedoen, an engem Moss datt en nieft senger Zäit beim 100,7 esouguer no 1999, wou en zu Mons op der Uni war, eng Radiostatioun op der Uni Mons, gegrënnt huet.

"Et wat esou, datt an der Belsch systematesch an en 1990er Joren eng Rei Frequenzen un d'Schoulen, speziell un d'Unien distribuéiert goufen. Mee zu Mons ass déi Frequenz just ganz sporadesch genotzt gi vun engem Studenteradio, an dunn een Ament guer net méi. Mer hunn eng aner Demande gemaach an dat huet e bësse gedauert.(...) 2007 hu mer do ugefaangen ze senden an zanter 2011 sende mer do 24 Stonnen op 24."

An och wann de Georges Kohnen hautdesdaags kaum nach Sendungen op deem Unisradio mécht, ass hien nach ëmmer President vun der ASBL, déi de Radio dréit.

Déjeuner, Diner, Souper

De Georges Kohnen lieft haut an der Géigend vu Mons mat senger Fra an sengen zwee Kanner. Him gefält déi, wéi hie seet, "chaleureux" Approche, déi d'Belsch hunn. An et ass och scho vill Belsch an him, zum Beispill seet hien "Septante" an "Nonante". Mee et gëtt eppes, wou hien sech awer ni dru winne konnt.

"An der Belsch soe se jo Déjeuner, Dîner, Souper a Frankräich soe se Petit-Déjeuner, Déjeuner an Dîner. Fir mech ass de Petit-Déjeuner einfach Moies an Dîner, dat evoquéiert bei mer eppes, wat mam Owend zesummen hänkt, an do gesäit ee ganz formatéierte Belsch sinn ech nach net. An deen Dîner kréien ech einfach ni eran"

Uergel a Piano

De Georges Kohnen ass vu Formatioun hir Physiker a besonnesch déi experimentell Physik huet him et ugedoen, dofir ass och op der Uni zu Mons hänke bliwwen. An dann natierlech d'Musek, wou sécher säin Doheem ma gespillt huet, well d'Eltere vill a virun allem klassesch Musek gelauschtert hunn. Et ass awer net nëmme beim Lauschtere bliwwen, de Georges Kohnen huet och selwer Musek gemaach, a mécht der haut och nach fir sech.

De Georges Kohnen huet beim Pierre Nimax sen. Piano geléiert a spéider och beim Jean Jacques Kasel Uergel. An en huet gesongen, bei de "Pueri Cantores" vum Stater Conservatoire a beim Lëtzebuerger Männerchouer eben och mam Pierre Nimax sen.

"Ech war och an enger Rock-Pop-Band an der Belsch wärend e puer Joer, et huet mer gutt gefall, mä een Ament "on a fait le tour", géif ee soen. Fir den Ament muss een och Zäit hunn fir déi Saachen"