Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - Days Go By

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschicht a Biologie

Ausbroch

Geschicht a Biologie

Den 10. Mee 1940 huet Nazi-Däitschland seng Offensiv am Weste lancéiert an och Lëtzebuerg iwwerfall a besat. Wat haut, op d'mannst fir déi jonk Generatioune wäit ewech ass, huet deemools zu engem komplette Bouleversement vum deegleche Liewen am Groussherzogtum geféiert. Am éischten Episod vu senger Serie ronderëm den 80. Joresdag vun der Nazi-Occupatioun vu Lëtzebuerg kuckt de Vincent Artuso zeréck an d'19. Joerhonnert, ouni dat den Nationalismus a Rassismus vun der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert net ze erkläre gewiescht wier.

auto_stories

6 min

2020 gedenke mir dem 80. Joresdag vun der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940 an erënneren un den Ufank vum Nazi-Regime zu Lëtzebuerg. Dës Serie erzielt d'Evenementer vun deemools aus der haiteger Perspektiv, déi vun der Pandemie a vum Lockdown. Natierlech ass eng Pandemie kee Weltkrich. Trotzdeem ginn et Änlechkeeten tëschent béide Situatiounen.

Haut wéi deemools waren d'Joren, d'Joerzéngte virun der Kris gepräägt duerch eng latent Angscht virum Ënnergang. Vun der Iddi, datt iergend eppes schrecklech schif gaange war an eiser Zivilisatioun. Haut wéi deemools war déi eenzeg Gewëssheet, datt et nach vill méi schlëmm gëtt bis et iergendwa besser geet.

D'Perplexitéit virum abrupten Enn vun all deem, wat den Alldag ausmécht; d'Mësstraue vis-à-vis vun den Noriichten; d'Angscht virum politesche Chaos; d'Schwieregkeet am Däischteren de richtege Choix ze treffen. Dat alles hunn d'Leit virun 80 Joer och empfonnt. Hir Verletzlechkeet schaalt an eiser erëm.

Déi haiteg Kris ass eng Bréck zu der Kris vu gëschter. Si weist eis, datt mir net eleng sinn. Erënnert eis drun, wéi fréier aner Leit mam Ausbroch vun enger Katastroph hu missten eens ginn. Datt si déi iergendwann iwwerwonnen hunn. Si gëtt eis och déi néideg Empathie fir se ze verstoen, net méi ze verherrlechen oder ze jugéieren.

Eng immens Hoffnung

Wéi eis Gesellschaft, war déi virum Zweete Weltkrich vun der Alternativ tëschent Wuesstum an Niddergang obsedéiert. Am Géigesaz zu eis hunn d'Leit se deemools awer net virrangeg aus enger ekonomescher Perspektiv betruecht. Hir Geeschter ware vu Geschicht a Biologie formatéiert ginn. An deem mentale Kontext hu sech déi Konzepter entfaalt, déi esou eng zentral Roll an der Tragedie gespillt hunn: Nationalismus, Imperialismus, Rassismus.

Den Ufank vum Féiwer, deen zu den déidlechen Ausbréch vum 20. Joerhonnert féiert, läit am laangen 19. Joerhonnert, der Period vun der Franséischer Revolutioun bis zum Éischte Weltkrich. Eigentlech hat alles mat enger immenser Hoffnung ugefaangen, mat der Opklärung. Mam Glawen, datt d'Mënsche fräi sinn, gläich sinn. Datt an hirer Intelligenz de Schlëssel zu hirem Gléck läit. Datt de Fortschrëtt de Sënn vun der Geschicht ass.

Eng politesch Revolutioun huet fir d'éischt den Ancien Régime ewechgekiert. Duerno huet eng industriell Revolutioun den Europäer erlaabt d'Welt ze erueweren. Alles war elo méiglech, alles virstellbar. Deen Ëmbroch huet sech awer nach an der Kontinuitéit vum Chrëschtentum situéiert: d'Universalitéit, d'Ratio, de fräie Wëllen, dat waren alles chrëschtlech Konzepter.

D'Iddi vu Gott, seng Noutwendegkeet, huet och weidergelieft. Am Robespierre sengem Être suprême, am Hegel sengem Zeitgeist, mee och an der "Onsiichtbarer Hand vum Marché" un déi d'liberal Ekonomiste gegleeft hunn. Gott huet der Modernitéit weiderhin eng Koherenz an eng Richtung ginn. Et war awer e Gott, dee ganz wäit ewech war. Zemools fir déi, déi aus dem Paradäis op der Äerd ausgeschloss waren.

Revolutioun a Konterrevolutioun

De Liberalismus huet zwou Reaktioune provozéiert. Eng revolutionär an eng konterrevolutionär. Déi Revolutionär huet, vum Gracchus Babeuf bis zum Karl Marx, am Liberalismus eng onvollkomme Revolutioun gesinn. Eng, vun där just d'Bourgeoisie profitéiert hat. Si hunn d'Gläichheet als Finalitéit betruecht, net d'Fräiheet.

Eréischt mat der Erriichtung vun engem Räich vun der Gerechtegkeet géif d'Geschicht hir Vollendung erreechen. Dowéinst hu si no engem Wee gesicht déi ënnerdréckte Massen ze mobiliséieren. Déi déi näischt waren, ausser dozou bestëmmt alles ze ginn.

Déi Konterrevolutionär hunn am Géigendeel gemengt, dat de Liberalismus schonn ze wäit gaange war. En hat déi equilibréiert, koherent, traditionell Gesellschaften zerstéiert. En hat an hirer Plaz artifiziell, willkürlech, amoralesch politesch Entitéiten zesummegebastelt.

Fir si waren d'Natiounen net just d'Additioun vun isoléierten Individue mat abstrakte Rechter a Flichten. Nee, et ware lieweg, organesch Entitéiten, déi sech Generatioun no Generatioun erausgebilt haten. Kollektiv Wiese mat gemeinsame Virfaren, gemeinsamem Blutt, engem besonnesche Genie, enger Séil.

Eng Taxonomie vun der Mënschheet

D'Geschicht krut doropshin eng nei, zentral Roll zougeschriwwen. Un hir louch et elo d'Originnen, an d'Limitten, vun deene kollektive Wiesen ze erfuerschen. Déi historesch Merkmaler vun den Natiounen ze fannen, hir natierlech Schicksaler ze ergrënnen. Mee am Zäitalter vun der Vernunft sollt déi Sich no den Originne méiglechst seriö sinn.

Dokumenter aus der Vergaangenheet goufe systematesch gesammelt an archivéiert. Nei kritesch Methoden hunn hir Verwäertung rationaliséiert. D'Entwécklung vun der Archeologie huet och d'Entschlëssele vun ongeschriwwene Quellen erméiglecht. D'Geschicht gouf zu enger Wëssenschaft erkläert.

Fir d'Rätsele vun de mënschleche Gruppen ze erfuersche goufen och d'Naturwëssenschafte mobiliséiert. Déi hunn an hiren historeschen Eegenaarten den Ausdrock vu biologeschen Ënnerscheeder erkannt. Wéi d'Déieren, goufen d'Mënschen der Taxonomie ënnerworf, klassifizéiert. A Rassen agedeelt.

Evolutioun amplaz Fortschrëtt

Genee wéi déi animalesch Rasse waren och déi mënschlech Rassen ziichtbar, verbesserbar. Fir d'éischt emol kierperlech. Duerch d'Progrèsen um Niveau vun der Hygiène. Duerch d'Begeeschterung fir de Sport. Duerch den Opbau vu Gesondheetssystemer. Duerch d'Entdeckung vun de Viren a Bakterien. Duerch d'Entwécklung vun Impfstopffer a Medikamenter. Dank Fuerscher wéi de Louis Pasteur oder de Robert Koch.

Genee esou wéi physesch Erkrankungen hu missten behandelt ginn, goufen och sozial Krankheete bekämpft. De Mënsch war souwuel kierperlech wéi och moralesch perfektibel. An Europa mee och ausserhalb. D'Europäer hunn hir iwwerschësseg Energie exportéiert. Hirer Zivilisatioun déi enorm Laascht zougeschriwwen dekadent Vëlker ze regeneréieren.

Verschiddener waren natierlech onverbesserlech. Tasmanen, Charrùas, Hottentoten, iwwerflësseg, ausgerott. Affere vun der eegener Primitivitéit. Dat war en Naturgesetz. Den Charles Darwin hat et mat senger Evolutiounstheorie identifizéiert. Iwwer d'Zäit hate sech d'Déierenaarten hirem Milieu upasse mussen. Déi déi sech am beschten adaptéiere konnten, haten iwwerlieft, sech duerchgesat. Déi aner waren ausgestuerwen.

Dekadenz a Vitalismus

Dem Darwin seng Theorië waren eng Bomm. Si hunn déi humanistesch Iddi vu Fortschrëtt duerch dat naturwëssenschaftlecht Konzept vun der Evolutioun ersat; hunn d'Verneinung vun der Universalitéit am Numm vun der Hierarchie encouragéiert. Si hunn d'Entchristianiséierung beschleunegt, besonnesch an der protestantescher Welt. De Mënsch war net vu Gott kreéiert ginn, no sengem Bild. E war e Primat, en Af, deen sech héichgeschafft hat.

Déi furios a verzweiwelt Konsequenz vun dëser Entdeckung huet de Friedrich Nietzsche gezunn: Gott war gestuerwen a mat him d'Iddi vu Providenz. D'Geschicht hat keng Finalitéit. D'Geheimnis vum Liewen louch am "Wille zur Macht", am Striewen no Existenz, wat all liewegen Organismus animéiert. An der dionysescher Akzeptatioun vum natierleche Zyklus vu Liewen a Doud.

D'Modernitéit war an der Kris. Vill Europäer hu gespuert, datt si d'Kontroll verluer haten; datt d'Responsabilitéit fir dat eegent Schicksal allze erdréckend gi war; dat d'Zivilisatioun déi falsch Richtung ageschloen hat. Datt de Fortschrëtt net méi hiren Heel, mee hiert Verdierfnes war.

Vill hunn no der aler Gesellschaft verlaangert, den ale Wäerter, der chrëschtlecher Gebuergenheet. Dat war awer net méi méiglech. D'Welt war scho gréisstendeels vun der Modernitéit infizéiert. Si waren zwar esou räich a gesond wéi nach ni. Trotzdeem ware si besiess vu Virstellunge vu Verwesung a Dekadenz.

Alternativlos hu si sech enger vitalistescher Hysterie higinn. Dem Kampf vu jiddwerengem géint jiddwereen, deem säi Ausgang eleng kapabel war gerecht iwwer d'Gesondheet, den evolutionäre Wäert vun hirer Rass ze urteelen.