Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn et méi Tornadoen?

Wieder

Ginn et méi Tornadoen?

An de leschte Woche goufen et hei an Europa eng Rei Tornadoen, déi och deelweis fir zolidd Zerstéierung gesuergt hunn, zum Beispill an Tschechien, Holland an och an der Belsch, no un der Lëtzebuerger Grenz. Et kéint een dowéinst den Androck gewannen, datt dës Naturphenomeener bei eis an der Géigend vill méi heefeg gi sinn, seet de Philippe Ernzer. Allerdéngs waren dës Wierbelstierm schonn ëmmer en normalen Deel vun eisem Wiedersystem.

auto_stories

2 min

De Wiederexpert Philippe Ernzer. Foto: Archiv

Et misst ee sech bewosst sinn, datt bei engem Donnerwieder ëmmer d'Méiglechkeet besteet, datt sech en Tornado forméiert, esou de Wiederexpert Philippe Ernzer, dee sech op senger Facebooksäit Meteo Boulaide,och mat dem Phenomen vun dëse Wierbelstierm ausenanersetzt. Natierlech géifen et Deeg ginn, un deenen d'Konditioune besser wieren oder och mol méi schlecht.

"An dowéinst huet een zum Beispill an Däitschland all Joer tëscht 40 a 60 Tornadoen. Natierlech ass d'Donkelziffer zimmlech héich, mee d'Statistik seet dat awer, an dat weist, datt en Tornado eppes Normales ass bei eis um Kontinent."

An dach kéint een den Androck gewannen, datt méi Tornadoen ënnerwee sinn, gesäit een dach an de leschte Joren ëmmer méi dacks Biller vun dëse Wierbelstierm an der Zerstéierung, déi se uriichte kennen.

Biller, déi ee virun allem op de soziale Medie gesäit, an dat wier och den Haaptfaktor, datt Tornadoe méi bei eis present sinn, esou de Philippe Ernzer.

Net méi Tornadoen, mee méi Biller dovunner

"Hautzedaags hu méi Leit e Smartphone mat enger gudder Kamera an et brauch ee keng grouss Kamera méi, fir gutt Biller schéissen ze kënnen, well et geet schonn e normale Smartphone duer. An doduercher hunn d'Meldungen zougeholl, wat natierlech gutt ass fir d'Wëssenschaft, mee anerersäits kann dat och a verschiddene Beräicher zu enger klenger Verfälschung féieren an engem den Androck ginn, wéi wann dës Phenomener an de puer leschte Joren tatsächlech extrem zougeholl hätt."

Vill Tornadoe géifen op Felder an a Bëscher optrieden, a wiere viru Joren einfach net gesi ginn, mee elo géifen och déi dokumentéiert ginn.

Och wann Tornadoe bei eis am Summer also näischt Aussergewéinleches sinn, sinn zanter dem Ufank vum meteorologesche Summer den 1. Juni méi Wierbelstierm gemooss ginn, wéi normal.

Schonn 28 Wierbelstierm sinn elo am Juni hei an Europa gemooss ginn. Am Verglach, lescht Joer waren et der 17 ëm dës Zäit.

Dat hätt domadder ze dinn, datt et aktuell favorabel meteorologesch Konditioune ginn, fir datt sech déi Tornadoen entwéckele kennen, esou de Wiederexpert Philippe Ernzer.

Ob d'Zuel vun den Tornadoen, déi mer hei an Europa hunn an de nächste Jore wäert an d'Luucht goen an ob de Klimawandel do eng Roll spille wäert, kéint een aktuell nach net soen. Dat géif een dann eréischt an de nächste Jore gesinn.