Radioen

On air

Espresso Beats  |  Get Well Soon - Eulogy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Glécklech Famillen - den zentrale Message vun Amateurfilmer

Medien a Gesellschaft

Glécklech Famillen - den zentrale Message vun Amateurfilmer

D'Famill steet am Mëttelpunkt vun den Amateurfilfmer. Déi eege Kanner, Familljememberen, Hochzäiten a Kommunioune maachen dës Form vu private Filmkreatiounen aus. D'Mediewëssenschaftlerin Danièle Wecker huet sech op der Basis vun enger Kollektioun vum CNA iwwer 500 där Filmer ugekuckt an se analyséiert.

auto_stories

3 min

D'Mediewëssenschaftlerin Danièle Wecker huet fir hir Thes iwwer 500 Amateurfilmer aus de Joren 1929 bis 1983 analyséiert. D'8-Millimeter-Filmer stamen aus enger Kollektioun vum CNA. Am Ufank wieren et haaptsächlech méi räich Leit gewiescht déi gefilmt hätten. Dat géif ee virun allem un de Kleeder an um Liewensstil vun de Leit erkennen. Awer och well ee wéisst, datt d'Filmmaterial am Ufank nach immens deier war.

Spéider, an de 50er a 60er Jore wieren d'Präisser méi demokratesch ginn, an et hätte méi Leit ugefaange mat Filmen. Et wier awer virun allem d'Mëttelschicht gewiescht déi sech domat beschäftegt hätt. Dat géif och den Zäitgeescht vun deemools erëmginn: D'Wirtschaft wier am Opschwong gewiescht an d'Leit hätten nees Mëttelen am sougenannte "Postwar-Boom" gehat. Do dernieft hätt een och wéilte weise wat een hätt. D'Leit wieren ënnert anerem houfreg op hir Autoen an Haiser gewiescht

Eng schéi Vergaangenheet opbauen

Dem Danièle Wecker no sinn et virun allem Familljefilmer déi der Kollektioun vum CNA predominant sinn. Et wieren ënnert anerem vill Noopname vu Kanner ouni visuelle Kontext, déi och bësse chaotesch wieren, well et haaptsächlech géif drëms goe fir d'Kanner duerzestellen. "D'Filmer selwer zielen eis keng Geschichten. Si funktionéieren als Basis, op där Geschichten erzielt ginn."

Et géif dorëms goe fir eng visuell Basis ze hunn, fir e Familljennarrativ opzebauen. An dat hätt mat Identitéitskonstruktioun vun den individuelle Memberen ze dinn. Et géife just schéi Saache gewise ginn. Tabuen, wéi Mëssbrauch, Scheedung a Sträit géifen net dokumentéiert ginn. D'Leit vun deemools hätte léiwer positiv Biller kreéiert, fir eng schéi Vergaangenheet opzebauen, déi sech individuell Membere vun der Famill kënnen ukucken. Awer och d'Ritual fir d'Filmer zum Beispill um Sonndegowend kënne mat der Famill ze kucken, géif matspillen.

Distanz ass net méiglech

D'Danièle Wecker huet sech bei hire Recherchen och selwer iwwert d'Schëller gekuckt. Et géif een een ëmmer e gewëssene Rapport mat de Familljen opbauen, wann ee sou vill Stonne Filmmaterial vu Famillje kucke géif. "Do sinn och heiansdo ganz traureg Saachen. Et war eng Fra an de 50er déi huet hiren Iessdësch gefilmt an da geet si op eng Foto mat engem schwaarze Band vun engem Jong. Dat si Saachen do ass et bal onméiglech distanzéiert ze bleiwen. Dat sinn elle Saachen."

Sënn hunn duerch Sënner

Am zweeten Deel vun hirer Thes kuckt d'Danièle Wecker sech ganz konkret d'Sënnstëftung duerch Kierpersënner un, a schwätzt och vun Theoretiker wéi dem Barthes a sengem Punctum. Si bezitt sech op Film-Phänomenology, e Mouvement deen et zanter zéng Joer an de Film Studies gëtt. Dat heescht, datt Sënnstëftung am Film an enger Wiesselbeweegung tëscht Film a Kierper vum Spectateur entsteet. Sou kënne mir och haut nach Accès fannen zu enger Filmwelt an eiser Géigewaart, och wann d'Welt aus dem Film an der Vergaangenheet läit. Dëse philosophesche Kader ass nach ni op Amateurfilmer applizéiert ginn. Sou bezitt sech den zweeten Deel éischtens dorop, wéi Sënn am Kierper primär entsteet, mee konzentréiert sech och op de sozio-kulturellen Hannergrond vun der Chercheuse selwer.

Gefrot ob et Ënnerscheeder am Filmen tëscht haut a fréier gëtt, mengt d'Mediewëssenschaftlerin, datt et keng grouss Differenzen a Filmsprooch a Motiver gëtt, mee datt d'Léit haut hiert Privat an engem méi publike Bewosstsinn filmen.