Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Go Urban: Natur, Wëssenschaft an Neiwahlen

Scoutscamp

Go Urban: Natur, Wëssenschaft an Neiwahlen

Ronn 4.000 Guiden a Scouten aus 22 Länner si fir de "Go Urban"-Camp um Kierchbierg versammelt. Nach bis e Freideg kënne Kanner a Jugendlecher tëschent fënnef an 23 Joer un den Aktivitéiten Deel huelen. D'Organisateure wollten eng "Scoutestad" opbauen. Dofir gëtt et e Supermarché, eng Zeitung a souguer Politik.

auto_stories

3 min

D'Scoute kënnen hiren Dagesprogramm aus fënnef verschiddenen Themeberäicher zesummesetzen: Natur, Kreativitéit, Soziales, Aventure a Wëssenschaft. Fir sech fir d'Aktivitéiten anzeschreiwen, musse si an en Jobcenter goen.

De Georges organiséiert eng Aktivitéit am Beräich Wëssenschaft. A sengem "Rakéiten-Atelier" baut hie mat Kanner a Jugendleche Rakéiten aus Esseg a Bakpolver. Donieft kann een do awer och eppes iwwert Chimie a Physik léieren. "Mir hunn och fir déi ganz Kleng fënnef Atelieren. Dat nenne mir Science-Olympiad. Do schéisse mir zum Beispill mat enger Staubsauger-Bazooka. Oder mir spille mat enger Net-Newtonscher Flëssegkeet. Oder mir erklären de Fläschenzuch oder maache maache mat Zitroune Batterien."

Am Themeberäich Natur kann ee zum Beispill léieren, wéi ee mat gliddege Kuele säin eegenen hëlzene Läffel ka maachen.

Neiwahlen um Camp

Och d'Politik ass um Scoutscamp present. Wann een iwwert de "Go Urban" leeft, falen engem Plakater op, op deenen d'"Int" an d'"Schof" fir de Buergermeeschterposte vum Camp untrieden.

Am Ufank wier d'Frell Buergermeeschter gewiecht, erkläert d'Jeia Scholtus, déi de Camp mat organiséiert. "Mir wëllen nei Geschicht schreiwen. D'Frell ass gestierzt ginn, well si als Buergermeeschter net war, wéi si hätt sollte sinn. Si huet vill Problemer bruecht. De 27. kënnt et zu Neiwahlen."

Et gi ganz ënnerschiddlech Aktivitéiten ugebueden

Mega super Journalisten

Fir datt d'Scouten um "Go Urban" och ëmmer um Courant si wat geschitt, gëtt et am Camp eng eegen Zeitung. D'"Go News" kënnt all Moies eraus, a gëtt vun de Scoute selwer geschriwwen. Am Jobcenter kënne sech déi Jonk aschreiwen a kenne fir een Dag Journaliste sinn.

De Benoît huet sech och mat senger Grupp fir d'Zeitung gemellt. Si wéilten eppes iwwer d'Crèche maachen, déi um Camp ass. "Mir froe si, wéi si dat alles maachen, a wéi et de Kanner gefält." Déi Jonk freeë sech, datt si un der Zeitung mat schaffe kënnen. "Mega cool a mega super", resuméiert d'Melissa déi journalistesch Aarbecht.

Esou ee grousse Scoutscamp wéi de "Go Urban" gouf fir d'lescht 1994 hei am Land organiséiert, esou d'Jeia Scholtus. Viru fënnef Joer wier d'Iddi opkomm esou e Camp opzeriichten. Virun dräi Joer wier d'Aarbecht méi konkret ginn. "Mir hunn ëm déi 600 Leit Staff, déi an der Organisatioun dobäi waren", erkläert d'Jeia Scholtus.

Faarweg Hiemer a Foularden

Aus 22 Länner si Scoute bis op de "Go Urban" komm. Fir dat sech déi Jugendlech sech austausche kënnen, huet een ëmmer eng Scoutsgrupp aus dem Ausland mat enger Lëtzebuergescher zesumme geluecht. "Sou léiere mir aner Leit aus anere Länner kennen. Et ass wierklech mega interessant", seet d'Alexia.

D'Scouten um Go Urban kommen aus 22 verschiddene Länner

Grouss Ënnerscheeder géif et tëschent de Scouten aus de verschiddene Länner net ginn, seet d'Alice dat aus Frankräich op de Kierchbierg komm ass. Ausser bei den Uniformen. "A Frankräich änneren d'Hiemer jee no Alter. An deenen anere Länner ännert dacks de Foulard wann ee méi al gëtt."

D'Kommunikatioun tëscht de Scoute aus verschiddene Länner géif gutt klappen, esou den Dennis. Bei him kënnen d'Kanner um "Go Urban" hir eege Brietspiller entwéckelen. Do hätt een als Lëtzebuerger natierlech de Virdeel, datt ee vill Sprooche kéint.