Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grenzkontrollen: Eng Gefor fir den europäesche Projet?

Mäin Europa

Grenzkontrollen: Eng Gefor fir den europäesche Projet?

25 Joer laang gouf et tëschent europäesche Memberstaaten wéinst dem Schengener Accord esou gutt wéi keng Grenzkontrolle méi. Duerch d'Covid-19-Kris huet sech dëst awer verännert. Och zu Lëtzebuerg ass een heivunner betraff, a wien iwwer d'Landesgrenz wëllt fueren, muss dofir e gudde Grond hunn. Wéi lafen d'Policekontrollen un de Lëtzebuerger Grenzen of? A sinn dës eng Gefor fir den europäesche Projet? Mir ginn en Abléck an déi aktuell Situatioun op de Grenze mat eisen Nopeschlänner.

auto_stories

8 min

Eng zéng Kilometer hanner dem Grenziwwergang tëschent Lëtzebuerg an der Belsch kontrolléiert déi belsch Police, op der Autobunn Richtung Bréissel d'Autoen, déi an d'Land erafueren. Zanter fënnef Wochen ass d'Police Fédérale de la Route hei siwen Deeg op siwen tëschent sechs Auer moies an zéng Auer owes am Asaz, wéi den zoustännege Kommissär fir d'Lëtzebuerger Provënz, Dominique Cornez, erkläert:

"On est présent dans toute la Belgique, chaque fois qu'il y a une frontière. Même si les frontières ne sont pas fermées, nous sommes là pour controler l'accès au térritoire belge. Les déplacements essentiels peuvent se faire, mais ce n'est pas le moment pour faire des déplacements non-essentiels."

Vill Pendler gi kontrolléiert

Mat der Reprise vun de Chantieren zu Lëtzebuerg hätt de Verkéier an der leschter Woch staark zougeholl. Ronn 4.500 Autoen géife si pro Dag hei kontrolléieren. Déi meescht dovun nomëttes, wann d'Beruffspendler vu Lëtzebuerg aus heem fueren. Kontrolléiert gëtt express hanner der Grenz op belschem Territoire, fir datt sech op der Lëtzebuerger Säit kee Stau entwéckelt.

"Pour les déplacements en Belgique, il n'y a pas d'attestations, comme au Luxembourg ou en France. Donc nous, on doit estimer, si le déplacement est essentiel ou pas."

An awer géife si wärend de Kontrollen dovu profitéieren, datt vill Beruffspendler eng Attestatioun vum Lëtzebuerger Staat bei sech hunn, sou de belsche Kommissär. Och wa bei der Kontroll eng offiziell Bescheinegung net onbedéngt gebraucht gëtt, misst een e gudde Grond hu fir an d'Land kënnen anzereesen.

Positiv Réckmeldungen

Ufanks hätt d'Police vill Leit wéinst onnéidege Reese missen zeréckschécken. No bal fënnef Woche géif dëst elo manner dacks virkommen. Leit, déi d'Sécherheetsmesuren am Auto net anhalen, misste mat enger Strof vu bis zu 250 Euro rechnen.

Commissaire Dominique Cornez, Chef de Service

Eng sechs Beamte wiere konstant op der Plaz fir Kontrollen ze garantéieren. Iwwerrascht wiere si virun allem iwwer déi positiv Réckmeldunge vun de Bierger: "Je vous ne cache pas, qu' au moment de la fête de Pâques on recevait des chocolats."

Et fält op, datt vill Autofuerer un d'Kontrolle gewinnt sinn. Déi meescht schénge Beruffspendler ze sinn, déi hir Attestatioun a Carte d'identité duerch d'Fënster weisen a vun der Police duerchgewénkt ginn.

Eng Rei belsch Frontaliere soten eis op der Plaz, datt d'Grenzkontroll hiren Alldag wéineg verännert hätt, a si d'Mesurë kéinten novollzéien. D'Kontrolle géife séier verlafen an et wier eng rassurant Moossnam, mengt eng Fra. E weidere Grenzgänger seet, d'Kontrolle géifen hien net stéieren: "C'est normal qu'il y a des contrôles. Ca fait partie du jeu."

Grenzkontrollen an Däitschland

Eriwwer un den Dräilännereck zu Schengen: Do wou Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg unenee grenzen, gesinn eng Rei Bierger d'Grenzkontrollen éischter mat gemëschte Gefiller.

Eng jonk Fra, déi op hirem Heemwee ass, erzielt, datt si sech ageschränkt spiert: "Es ist relativ beängstigend, wenn man hier die ganzen Polizeiautos sieht und jeder trägt Schutzmaske."

Eng Rei Grenzgänger sinn och der Meenung, datt de Virus keng Grenze kennt, an dofir d'Grenzkontrollen hinnen iwwerflësseg erschéngen:

"Ich weiss nicht, ob es wirklich Sinn macht, da wir Grenzgänger sowieso den ganzen Tag in Luxemburg arbeiten, auch mit Luxemburgern zusammen sind. Abends fahren wir dann alle wieder über die Grenze, da verstehe ich den Sinn halt nicht ganz."

Déi däitsch Grenz zu Perl gëtt hei vun der Saarlännescher Bundespolizei kontrolléiert: Dat siwen Deeg op siwen a 24 Stonnen op 24, esou den zoustännege Pressespriecher Karsten Eberhardt: "Jeder, der ein berechtigtes Interesse glaubhaft darstellen kann, dass er in das Bundesgebiet einreisen muss, dem wird in der Regel auch stattgegeben."

Grenzkontroll am Dräilännereck Richtung Däitschland

Virun allem wärend de Stousszäite géife vill Beruffspendler iwwer d'Grenz fueren. Leit, déi ouni Attestatioun an d'Land wëlle reesen, ginn awer vun der Police eenzel kontrolléiert:

"Wir versuchen dann natürlich jedem gerecht zu werden und weiterzuhelfen. In wenigen Ausnamesituationen mussten wir Personen natürlich auch zurückweisen, die ihrerseits zwar ein begründetes Interesse hatten in das Bundesgebiet einzureisen, allerdings die Einreisevorraussetzungen nicht erfüllt haben. Das ist sehr, sehr wenig und beschränkt sich dann meistens auf Tanktourismus oder Einkaufstourismus."

Am Ganze géifen et véier Grenziwwergäng tëschent dem Saarland a Lëtzebuerg ginn, hei ginn et iwwerall Grenzkontrollen. Am Grenzgebitt mat Rheinland-Pfalz ginn et awer eng Rei Grenziwwergäng, déi zou sinn. Dat géif am Moment seng Spueren hannerloossen, mengt de Jérôme Laurent. Dem Buergermeeschter vu Mäertert no géifen déi Grenzen, déi nach op sinn, méi Stau erliewen.

Geschäfter a Famille si betraff

Mee och eng Rei Geschäfter aus de betraffene Gemengen zu Lëtzebuerg hätte mat Aboussen ze kämpfen. Beispillsweis ass d'Fär, déi Waasserbëlleg mat Uewerbëlleg verbënnt, den Ament net a Betrib.

Den Andreas Beiling, Buergermeeschter vun Uewerbëlleg, erkläert, datt et fir hir Gemeng wichteg wier, datt dëse Grenziwwergang erëm opgeet.

"Viele Pendler aus Oberbillig, aber auch aus den Dörfern um Oberbillig herum, nutzen die Fähre als Weg zu ihrer Arbeit. Das ist jetzt nicht mehr möglich und sie müssen deshalb grosse Umwege in Kauf nehmen."

Donieft géifen an all Gemeng eng Rei Bierger wunnen, déi hir sozial Bezich an den Nopeschgemengen iwwer d'Musel hunn. "Viele Familien aus Luxemburg wohnen bei uns in den Dörfern, haben aber noch Familie in Luxemburg."

D'Grenze sollen erëm opgoen

An engem oppene Bréif un d'Regierungen a Rheinland-Pfalz a Saarland hu virun zwou Wochen 13 Gemengen aus dem Däitsch-Lëtzebuergesche Grenzgebitt fir oppe Grenze plädéiert. Heiranner geet och ervir, datt déi Betraffe sech wéinst de Grenzkontrollen ëm den europäesche Projet Suerge maachen.

"Durch den Schengenraum haben wir uns ja ganz normal bewegt. Wir erfahren diese Grenze ja nicht mehr, sie ist ja auch nicht mehr sichtbar und genauso muss es eigentlich sein. Und durch die Kontrollen, die eingeführt worden sind, sind mit dieser Massgabe unnötige Bewegungen einzudämmen - das ist ja genau das Gegenteil von dem Europäischen Gedanken."

Dem Andreas Beiling no wier nozevollzéien, datt duerch d'Pandemie d'Infektiounsketten huet missen ënnerbrach ginn, mee et géif ee sech d'Fro stellen, firwat dat huet un de Grenze misse geschéien.

"Die Unterbrechung könnte ja auch an einer anderen Stelle kontrollierbar sein. Aber sie wird an der Grenze kontrolliert, und das hat dann unter Umständen eine ganz andere Wirkung."

Souwuel an Däitschland wéi och an der Belsch sinn d'Grenzkontrollen nach op d'mannst bis Ufank Mee virgesinn. Datt d'Grenzen an Europa erëm esou visibel sinn, mécht awer och de Grenzgänger um Dräilännereck Suergen: "Früher konnte man zwischen den Ländern hin und her pendeln, ohne jemals von der Polizei angehalten zu werden, oder einen Ausweis zeigen zu mussen."

D'Grenzkontroll ass direkt niewend enger Imbissbud

Mee elo kéint een net mol méi an d'Nopeschland reesen. Dat wier e komescht Gefill, mengt och en Däitsche Frontalier: "Ich kenn' das nur noch aus meiner Jugend her, wenn ich mit den Eltern mal nach Luxemburg gefahren bin, da gab es dann auch Grenzkontrollen. Ja, es ist ein komisches Gefühl."

Grenzkontrolle si just temporär

Datt d'Police an net Douane den Ament d'Grenzkontrolle géif duerchféieren, géif dem belsche Kommissär Dominique Cornez no awer e groussen Ënnerscheed maachen: "Il ne faut pas prendre ça comme une fermeture. Sinon, on serait carrément à Sterpenich et il n'y a plus personne qui passerait. Hors ce n'est pas le cas."

An och de Karsten Eberhardt vun der saarlännescher Bundespolizei weist sech zouversiichtlech: "Der Vorteil an der ganzen Sache ist, dass diese Grenzkontrollen immer nur für einen festgelegten Zeitraum von maximal sechs Monaten durchgeführt werden können."

Ob oder net, déi Betraffen d'Grenzkontrollen am Moment kënnen novollzéien - ännert näischt dorun, datt si sech op d'mannst an engem Punkt eens waren: an dat ass d'Hoffnung, datt soubal d'sanitär Kris eriwwer ass, d'Grenzkontrollen tëschent europäesche Memberstaate erëm der Vergaangenheet ugehéieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.