Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guy Helminger: Schrëftsteller, "Fastelovend" an den "Effzeh"

SOT EMOL

Guy Helminger: Schrëftsteller, "Fastelovend" an den "Effzeh"

1985 koum de Guy Helminger éischter duerch Zoufall op Köln, well bei Kolleegen an der WG eng Plaz fräi gouf, an zanterhier lieft hien do. En huet sech an de Joren als fräie Schrëftsteller mat Succès etabléiert.

auto_stories

2 min

De Guy Helminger ass e Mënsch déi gäre vill erlieft an och villes probéiert. En huet, an dat bis haut, Punk-Musek gelauschtert a ganz séier huet en och säi Stammbistro, de "Station" fonnt "e bësse Freigebiet Köln" mat "Studenten, Punks, Klengkrimineller".

Iergendwann gouf gefrot hien da gefrot, ob e Loscht hätt, hanner der Théik ze stoen:

"An dat war eng rau Zäit, eng gutt Zäit, déi mech och ganz beaflosst huet. Jo, denken ech gär zeréck, mä ech wëll se net méi erliewen, ech sinn ze al dofir."

"Ech haasse Rou"

D'Covid-Zäit huet de Guy Helminger och getraff, seng Liesungen, seng Moderatiounen, säi literaresche Salon a virun allem d'Reesen si komplett ewech gefall. Dat huet dem Guy Helminger sécher net gefall - mee wéi bei villen koum déi Zäit dem Gaart ze gutt.

"Mer hu vill Geméis geplanzt, dat ass richteg, mee ech sinn en Hektiker, ech stinn ëmmer ënner Stroum, ech hunn en Uewen a mer, mer ass et ëmmer ze waarm an esou. Also ech mengen, vläicht ass et aus Therapiegrënn, wou ech schreiwen, well do ginn ech jo gezwonge roueg ze sëtzen."

Fussball a Fuesent

Iwwer 35 Joer lieft de Guy Helminger elo schonn zu Köln, an no sou laanger Zäit ginn et zwou wichteg Froen. Vum "Effzeh", dem 1. FC Köln, ass hie Member an huet eng Dauerkaart.

An dann natierlech d'Kölner Fuesent, de Kölner "Fasteleer" an d'Kölsch Lidder vun deenen de Guy Helminger och e zolitten Adept ass: "An ech ka bestëmmt honnert Stéck auswenneg, wann net nach méi a net nëmmen de Refrain."

Aktuell leeft dem Guy Helminger säin Theaterstéck, eng Komédie "Madame Köpenick" am Kasemattentheater, a grad ewéi säi leschte Roman "Lärm" kënnt "Madame Köpenick" a Buchform och geschwënn am Capybarabook-Verlag eraus.