Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Healthy Ecosystems

Post vum Christiane

Healthy Ecosystems

Landwirtschaft huet dacks e schlechten Image, dobäi ass se mat villen Aspekter verbonne wéi Gesondheet, Biodiversitéit, Gerechtegkeet, Fairtrade, Klimawandel, Erosioun vum Buedem - a si liwwert dat, wat de Mënsch am meeschte brauch: Liewensmëttel. D'Christiane Walerich ass op senger Weltrees, bei där si divers Forme vun Agrikultur an enger ganzer Rei Länner kenneléiere wëllt, an den USA ënnerwee, an hëlt mat an naturno Graslandschaften am mëttlere Weste vun de States.

auto_stories

10 min

De 25-järege Beatboxer Kyle Hauk lieft op der Strooss zu Los Angeles. D'Zuel vun den Obdachlosen a Kalifornien ass enorm héich - dat waarmt Wieder erlaabt Betraffenen dobaussen ze iwwernuechten.

Zanter der Wunnengskris 2007 huet sech Kalifornie wirtschaftlech erholl, trotzdeem ass d'Schéier tëschent aarm a räich déi lescht Jore méi grouss ginn. Statistike ginn dovun aus, datt 13,5 Prozent vun der Bevëlkerung an den USA ënner der Aarmutsgrenz liewen - dat si ronn 45 Millioune Persounen - dovu si schwaarz Leit am meeschte betraff. Ëmmer méi Mënsche musse sech zwou bis dräi Aarbechtsplaze siche fir hire Liewensënnerhalt ze finanzéieren.

Net déi sozial Erausfuerderungen an den USA sinn eist d'Thema - mee den Erhalt vu Kulturlandschaften, engem Gläichgewiicht tëschent Agrikultur an Natur.

Déi naturno Graslandschafte sinn a Gefor

Zu den am meeschte bedroten Ekosystemer op der Welt gehéieren naturno Graslandschaften. Grad an den USA haten d'Prairie-Ekosystemer e groussen Deel vun de Fläche bedeckt - vun den Héichgras-Steppen am Osten - bis zu de Kuerzgras-Steppen am Westen.

Prairië si Gras- a Gestrëpplandschaften - ze naass fir eng Wüst, mee ze dréchen, fir datt ee Bësch sech hei bilde kann. Si bestinn aus enger grousser Vilfalt u verschiddene Planzen - nieft Grieser, déi allgemeng zur Famill vun de Poacae gehéieren - fënnt een hei Binsen, Gestrëpp a Kraider.

Haut sinn dës naturno Graslandschaften um Verschwannen. Si hu sech a riseg landwirtschaftlech genotzte Fläche fir Weess oder Mais verwandelt oder gedüngt als Beweidung vu Ranner genotzt.

D'US-Ëmweltorganisatioun versicht dës verluere Prairien erëm opzebauen, dobäi geet et nieft dem Erhalt vun der Biodiversitéit, der Buedemfruchtbarkeet och ëm de Schutz vu Kulturlandschaften. Bedrot ginn dës Steppen duerch den Import vun invasive Grieser aus Eurasien, weess d'Elsie Denton.

"One of our major threats out in the sage brush step is invasive species principal annual grasses, that have been brought in from Eurasia in animal feat."

Si ass Grieser-Ekologin a schafft am Oregon Agricultural Research Center. De Schwéierpunkt vun hirer Aarbecht ass d'Restauratioun vun Ekosystemer. Grad versiche si erauszefannen, wéi den Wuesstum vu lokalem Gras virum Hannergrond vum Klimawandel nach besser gesteiert ka ginn.

Wärend déi naturno Stepp aus verschiddene Strukture mat héije Grieser an niddrege Kraider besteet, wou Déieren eng vilfälteg Nahrung fannen a sech dra verstoppe kennen, bilde kënstlech ausgeséite Kulturwisen en eenheetleche flaachen Teppech. Dës Grasmatten dréchnen am Summer vill méi séier aus a si sensibel op Feier:

"And unfortunately when annual grasses come in, they form a single mat. And then they dry out very easy in the early season and they light up on fire very easily. And then they burn, they burn everything around them, basically completely altering the ecosystem, eliminating all of that structure, that is important ..for the wild life, that we want protect there. And once they burned all of that away, it takes time to get re-established, but because the annual grass is so good at just establishing itself - you end up with just annual grass and nothing else there, which is a very poor ecosystem."

erkläert d'Elsie Denton. Déi ursprénglech Grassteppen zeechne sech duerch vill Biomass aus. Grad beim Héichgras, dat bis zu zwee Meter wuesse kann, sinn d'Wuerzelen am Buedem mindestens geneesou laang:

"The tall grass prairie ... grows grasses like two meters tall ... if not taller sometimes. That had an equally corresponding amount of organic matter below ground, like two meters of roots and other things going down to the soil making it really nice firm binding. It keeps the soil in place and provides a lot of habitat for microorganisms and worms, bugs and all that kind of things that lives in the soil."

Mee dëse fruchtbare Buedem, dee sech iwwer Dausende vu Joren ënner dëse Grieser gebilt huet, gouf duerch d'Plouen an doduerch, datt keng Fruchtfolleg mat Broochland praktizéiert gouf, vun den éischte Siedler massiv opgebraucht.

"When the settlers in America came west and they pretty much tilled up the entire ecosystem. There is only one percent of the tall grass prairies still remaining. And it is really hard to get it back ... a lot of that has been lost."

Gutt ugepasst un dës naturno Graslandschafte waren d'Bisonen. Et war de Barack Obama, deen 2016 de Bison als éischt Mamendéier zum nationale Symbol erhuewen hat.

60 Millioune Bisone sinn iwwer d'Steppe vun Nordamerika Richtung Mexiko gezunn - bis se am 19. Joerhonnert duerch wäiss Siedler an d'Militär bis op wéineg bal systematesch ausgerott goufen. Dank intensiver Schutzmoossname gëtt et haut am Mëttlere Weste vun den USA bal erëm 350.000 Bisonen.

Si hu quasi eng symbiotesch Bezéiung zur Prairie. Déi grasfriessend, sech am Matsch wänzelend Kolosse verdeelen nämlech mat hirem zottelege Fell de Som vun de lokale Planzen, hiren Urin a Kot si wäertvollen Dünger. Doduerch datt just nach ee Prozent vun den urspréngleche Prairien iwwereg sinn, kënnen déi puer Bisonen net méi zirkuléieren - si ginn tëschent verschidde Reservater hin an hier beweegt.

Ëmweltschützer hoffen, datt mam Bison dat verluerent Gläichgewiicht erëm hiergestallt gi kann. Doduerch, datt Bisone grasen, wier de Risiko fir Feier vill méi kleng ginn. Eng intensiv Notzung vum Land verklengert d'Vilfalt vun den Insekten. 50 Prozent vun der Nahrung vum Steppenhong besteet aus eben dësen Insekten.

"And so it is what we consider an umbrella species, because it has so many requirements in this ecosystem. If you keep it healthy, the entire ecosystem is going to be healthy."

Bauere wieren encouragéiert, gesond Grasland fir d'Steppenhong ze erhalen, well falls dëst Déier eemol op d'Lescht vun de bedroten Aarte kennt, spéitstens da wäre Bauere mat nach vill méi Restriktioune konfrontéiert. Virun allem hätte Studien awer bewisen, datt gutt bewirtschaftet Gréngland och dem Véi zegutt kënnt.

"One of the slogans, that we are using is: what is good for the bird, is good for the herd",

mengt d'Elsie Denton ofschléissend.

Mir verloossen Zentralamerika a Richtung Kalifornien, laanscht Küst erop bei eng Farm, déi am Yosemite National Park läit. Fir dohin ze kommen, muss een duerch de Central Valley fueren - e Wüstendall, dee sech just dank Aquadukter, wou d'Waasser aus dem Norde bis an de Süde vu Kalifornien transportéiert gëtt, zu engem Agrargebitt entwéckele konnt. 80 Prozent vun de weltwäit verkaafte Mandele stamen aus dësem Wüstegebitt. Absurd - well fir ee Kilo Mandelen ze ernten, gi ronn 15.000 Liter Waasser gebraucht. Esou huet den akute Waassermangel déi lescht Joren a Kalifornien dozou geféiert, datt ëmmer méi Farmer no Grondwaasser buere - wat d'Waasserversuergung fir d'Allgemengheet immens strapazéiert huet.

De Yosemite National Park, ee vun den eelsten Nationalparken, mat senge Granitfielsen, Mammutbeem - ass dogéint erëm eng ganz aner Landschaft. Dëst Naturgebitt ass - wéi d'Graslandschaften - duerch den Impakt vum Mënsch bedrot.

Mir besichen de Betrib vun der Famill Kern. Ronn 33 Hektar ëmfaasst hiert Land, geleeën an de Bëscher vum Nationalpark, iwwer dem San Joaquin Floss.

Dem Aaron Kern war séier kloer, datt hien de Betrib iwwerhuele wëllt: Op 1,5 Hektar gëtt Geméis ugebaut, doniewent gëtt et ee Bongert mat Uebstbeem, Drauwestäck, 300 Hénger an 20 Geessen. D'Waasser kennt aus de Bierger. Verkaaft ginn d'Produkter am eegene lokale Biobuttek an u solidaresch Landwirtschaftsmemberen.

D'Zil vun der Famill ass eng lokal, regenerativ Landwirtschaft, net nëmme fir gesond Liewensmëttel hierzestellen, mee och fir d'Land, d'Biodiversitéit an d'Waasser ze schützen. D'Kern Famill orientéiert sech op hirem Haff un enger holistescher Approche, déi ekonomesch, ekologesch a sozial Aspekter wäertschätzt:

"And in general we try to operate here with what is considered a holistic approach ... where you take in account the economic legs, the environmental legs and the social legs of a sustainable operation.",

sou den Aaron Kern. Ganz anescht esou an der industrieller Landwirtschaft: Hei wäre sozial Leeschtunge fir d'Aarbechter dacks minimal, mengt den Aaron Kern. Finanziell baséiert dës Agrikultur meeschtens op der CO2-Subventionéierung vu groussen Hektaren: Dat heescht - subventionéiert gi grouss Maschinnen, Bensin, chemesch Stoffer fir grouss Landmassen ze kultivéieren, wat fatal fir d'Ëmwelt ass, an déi niddreg Liewensmëttel-Präisser verursaacht, déi der Landwirtschaft zousetzen. Och Ëmweltkrittäre kéime bei dëser Agrikultur ze kuerz:

"And the environmental aspect as we all know, shows the degradation of the soil, the lowering of the fruit nutrition density, the inefficient uses of the water, the destruction of the landscape, the deforestation",

mengt den Aaron Kern. De mënschlechen Impakt hätt sech déi lescht Jore staark bemierkbar gemaach - z. B. beim Klima.

"Of course climate instability is a big one. We have now longer hot periods in the middle of winter. We have sporadic cold seasons in the middle of early spring ... In general the trends on which we become to rely upon, are no longer stable",

stellt den Aaron fest. Doduerch, datt et am Wanter net méi kal géif ginn, géife vill méi Insekten iwwerliewen.

"And freezing impacts the most pest control of the bug species all over the world. And with leg of freezing comes new bugs and more amount of bugs that, we are all not used to."

D'Summere wieren déi lescht 15 Joer immens dreschen ausgefall, wat dozou geféiert hätt, datt ëmmer méi Déieren aus dem Yosemite Park d'Farm opsiche komm si fir Nahrung ze fannen.

"During our drought period most of our wild animals were becoming much more desperate and they found our garden and our farm as an garden Eden as a place, where they can find food and water. And so the pressure becomes much tighter."

Déi instabil Klimakonditioune géifen e reegelméissegen Ubau méi schwéier maachen an och d'Feierisiko wär duerch Dréchent enorm geklommen.

"But in our ecosystem California is one of the places ... we had most of our highest temperatures in the last 10 or 15 years ... and the most fires ... in the last 10 to 15 years - based on the last 150 years of records",

sou de jonke Bauer. Dat hätt och een Impakt op den Yosemite National Park, wou et zu engem massive Bamstiewen opgrond vu Waassermangel a Schädlinge komm ass.

"Most of the trees are too high of a density, then struggle for the water and will start dying and all becoming weak together. And then a native beetle that is found in California ... their population exploded and ended up decimating our pine forest in the higher regions of the Sierra Nevada mountains. We lost 90 to 95 % of our pine trees, which has a huge effect on the ecosystem and on all of the animals that live in there."

Trotzdeem ass den Aaron Kern nach optimistesch.

"And California is one of the states that is taking one of the strongest stands against our, I hate to say president, but the person, who is denying climate change with all means."

Kalifornien hätt grad déi lescht Joerzéngte vill ënnerholl am Beräich Loft- a Waasserqualitéitsnormen, Bëschrestauréierung, och wann d'Lobby fir industriell Agrikultur nach ongebrach wär. Responsabilitéit fir Natur an Agrikultur kéint net verlagert ginn, esou säi Fazit.

"Ultimately the problems that I find in agriculture is, that the brains have been removed from farming, that we have become to rely on machines and automation and basically the scientists, who creates the chemical recipes for our agriculture and become dependent on that. So farmers have less personal interaction with their soil and less holistic understanding of their ecosystems around them.