Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hei kënne mir un eis Zukunft denken"

Integratioun vu Flüchtlingen

"Hei kënne mir un eis Zukunft denken"

De Safar Bilal an de Khadem si Refugiéen aus Syrien an aus Afghanistan. Zu Lëtzebuerg probéiere si sech sou gutt wéi méiglech ze integréieren. Si stoussen awer op verschidde Barrièren, wéi zum Beispill d'Sprooch oder administrativ Hürden.

auto_stories

5 min

De Safar Bilal aus Syrien ass zanter dräi Joer zu Lëtzebuerg. Zu Aleppo hat hie seng eegen Dréckerei, wou hien op Stoft gedréckt huet. Déi gouf allerdéngs duerch Bommen zerstéiert. Elo schafft hien als Drécker an enger Dréckerei zu Nidderaanwen. Uganks ass hien a Course gaange fir Franséisch ze léieren. Dat huet awer net gutt geklappt, erzielt de Safar Bilal, well hien net gutt eens ginn ass mat der laténgescher Schrëft.

Sprooch ass eng Barrière

Hien zielt, datt hie gär schafft, mee an d'Schoul wier hien net esou gäre gaangen, well et enorm schwéier fir hie gewiescht wier, an hie villes net verstanen hätt. Et wier fir hie méi einfach mat den Noperen ze schwätzen.

D'Plaz an der Dréckerei krut de Safar Bilal vun der Gemeng Schëtter vermëttelt, erzielt hien. Fir Franséisch ze léiere kritt hien Ënnerstëtzung vum Noper, deen zwee Deeg d'Woch bei hie géif kommen, fir him ze hëllefen ze schwätzen an ze schreiwen.

Fussball verbënnt

A Syrien huet de Safar Bilal an engem Club Fussball gespillt. Dat mécht hien och elo zu Mënsbech a vum Summer u wëllt hien och déi Kleng trainéieren. Dorënner ass och säi Jong, de Roni, deen houfreg ass, datt säi Papp sech dorëms wëllt këmmeren.

D'Famill plënnert elo allerdéngs an eng aner Gemeng an de Roni ass och e bëssen traureg, datt hie vu September un net méi wäert an déi selwecht Schoul goe wéi seng Kolleegen. Deen aacht Joer ale Jong empfënnt dat awer als net sou schlëmm. An där neier Schoul wieren e puer Jongen, déi hie schonn aus senger Equipe géif kennen.

Zeréck a Syrien goe wëllt de Safar Bilal éischter net. Dat virun allem, well d'Kanner elo hei Lëtzebuergesch an Däitsch geléiert hunn a keen Arabesch schwätzen

Dokumenter ginn net all unerkannt

Ähnlech ass et fir de Khadem aus Afghanistan. De jonke Mann ass eleng op Lëtzebuerg komm a wëllt och éischter net méi zeréck a säin Heemechtsland. Am Afghanistan wier een ëmmer am gaangen doriwwer nozedenken, wéi een a Sécherheet kéint si fir ze iwwerliewen. Zu Lëtzebuerg wier een ëmmer a Sécherheet, och an der Nuecht. D'Leit wieren enorm frëndlech, et géife keng Streidereie ginn, an hei kéint een u seng Zukunft denken.

De Khadem huet eng Zäit laang bei enger Famille d'accueil gewunnt. Doduerch versteet hien och vill Lëtzebuergesch, seet hien. Elo schafft hien ënner anerem an engem syresche Restaurant. Allerdéngs just zwee Deeg d'Woch, well hie sech wëllt preparéiere fir nees op d'Uni ze goen. An Afghanistan hätt hie während annerhallwem Joer Medezin studéiert, an dee Studium wier och säi grousst Zil. Hei kéint hien awer net do weidermaachen, wou hien a Syrien opgehalen huet, mee misst vu vir ufänken, well et keen Ofkommes tëscht Lëtzebuerg an Afghanistan géif ginn. An der EU géifen net all Dokumenter aus Afghanistan ugeholl ginn, mee de Khadem ass frou, datt säi BAC unerkannt gouf, an hie sech op eng Uni aschreiwe kann.

Elo muss de Khadem virun allem d'Fachbegrëffer léieren, fir kënne Medezin op Franséisch oder Englesch ze studéieren. Hien hätt zwar gär seng Famill bei sech, mee dat wier komplizéiert, seet hien. Fir de Khadem si seng Kolleegen elo wéi seng Famill. Wou hien zu Lëtzebuerg ugefaangen huet, hätt hie keen hei kannt, mee mëttlerweil géif hie vill Leit kennen. Lëtzebuerger, Fransousen, Belsch, ... "Et gi vill Nationalitéiten hei", zielt hien.

Leit zesummebréngen

Vill verschidden Nationalitéite begéint een och an engem Grupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, dem Grupp Arche de Noé. Dat ass eng moslemesch Scoutsgrupp an d'Membere komme vun iwwerall hier, seet de Gruppechef Salah Wawinat. Duerch déi verschidden Aktivitéiten, wéi zum Beispill an de Bësch goen oder Feier maachen, bräichten d'Kanner net onbedéngt vill mateneen ze schwätze fir sech ze verstoen. Heiansdo géife sech d'Kanner, déi sech bei sou Aktivitéite begéinen, scho vu virdru kennen, an et géife Frëndschaften entstoen. Duerch Spiller an e gudde Programm géif een d'Leit zesummeféieren, déi sech scho vu virdru kannt hunn, an déi, déi sech nach net kannt hunn. Zum Schluss wier jidderee frou, seet de Salah Wawinat.

Bei Scoutstreffen Scouts Welcome Refugees sollen Demandeurs de protection internationale an de Scoutissem integréiert ginn. Eng 90 Leit hunn deelgeholl an et gouf a verschiddenen Ateliere gekacht: Marokkanesch, indonesesch, indesch oder syresch. Ëm dat syrescht Iessen hu sech eng Partie syresch Refugiéë gekëmmert.

De Salah Wawinat ënnersträicht d'Wichtegkeet vun der Missioun vun de Scouten bei dësem Treffen: Et géif een déi Jonk dorop virbereeden, fir spéiderhi Verantwortung fir sech a fir anerer ze iwwerhuelen. Et wéilt ee si zu gudde Biergerinnen a Bierger opbauen, déi gutt integréiert, motivéiert an aktiv an der Gesellschaft sinn.

D'Kanner solle virun allem fräiwëlleg bei de Scoute matmaachen, esou de Salah Wawinat. Dowéinst organiséiert de Grupp vun Zäit zu Zäit oppen Aktivitéiten. Dat, fir datt d'Kanner wéi och d'Elteren sech e Bild kënne maachen, wéi d'Scoute funktionéieren.