Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Heiansdo nëmmen e platonescht Nolauschteren"

Kannerrechter

"Heiansdo nëmmen e platonescht Nolauschteren"

Am Kader vun den 30 Joer vun der UN-Kannerrechts-Konventioun, huet d'Unicef zéng jonk Ambassadeuren tëscht 15 an 18 Joer genannt, déi sech ee Joer laang fir d'Kannerrechter asetze sollen.

auto_stories

3 min

Dräi vun hinne sinn d'Maria, den Alec an de Luis, déi sech fir de Projet gemellt hu well et fir si eng gutt Geleeënheet wier sech fir aner Kanner staark ze maachen. D'Aufgab vun den zéng Ambassadeure wäert et elo déi nächst Méint sinn, Projeten auszeschaffen, mat deene si genau dat maache kënnen, souwuel am Ausland, wéi och hei zu Lëtzebuerg. D'Situatioun hei am Grand-Duché wier am a ville Beräicher gutt, seet d'Maria.

"Wat d'Educatioun ugeet, fannen ech, datt mer hei zu Lëtzebuerg gutt viru komm sinn. Et gi jo och zum Beispill Schoulen, déi duerch Projeten an aner Länner hëllefe ginn an dat ass eng gutt Saach, datt mir dat zu Lëtzebuerg maachen, well mir och d'Méiglechkeeten hunn."

Net jiddwereen ass sech doriwwer bewosst

Ob sech déi Jugendlech hei am Land awer iwwer hir Rechter esou richteg bewosst sinn, do ass sech déi jonk Unicef-Ambassadrice net sécher. Et ginn hei am Land Infraktioune géint déi Rechter, mee net jiddwerengem wier sech däers bewosst, seet den Alec:

"Ech war op engem Discours, bei deem eng Fra geschwat hat, déi ass als jonk Meedchen exploitéiert ginn. Si war mat 17 geflücht an huet sech hei misse prostituéieren. Ech mengen dat gëtt et méi hei zu Lëtzebuerg, wéi mer eis dat bewosst sinn."

Déi zéng Ambassadeuren hu sech elo och schonn e puer Mol getraff fir sech e bësse kennen ze léien, an de nächste Woche géif een da méi konkret Projeten ausschaffen, seet de Luis. Eng Méiglechkeet ass et do direkt op den Terrain ze goen.

Den Alec war zum Beispill am Summer mat der Unicef am Malawi, engem vun den äermste Länner op der Äerd. Et wier interessant gewiescht fir do ze gesinn, wéi d'Aarbecht vun enger ONG ausgesäit an och wéi déi do mat der lokaler Politik zesumme schafft, seet hien.

Ginn déi Jonk eescht geholl?

Op d'Fro, ob d'Jugend eescht geholl gëtt, soten déi dräi, datt se zwar d'Gefill hunn, datt der Jugend nogelauschtert gëtt, mee et géif dono awer net genuch dorausser gemaach ginn. Den Alec mengt, et wier éischter ee "Platonescht Nolauschteren". Et géif zwar gemaach ginn, awer net mat der Intentioun eppes z'änneren.

D'Maria seet nach, datt d'Politiker an d'Erwuessener heiansdo kritiséiere géifen, datt sech déi Jonk net genuch engagéiere géifen. Et wier awer éischter de Fall, datt déi Jugendlech eppes maache géifen, dorausser dann, awer näischt entsoe géif.

Wie gären zu Aarbecht vun den zéng jonken Ambassadeuren um Courant bléift, d'Unicef wäert ëmmer nees iwwer d'Joer op hire soziale Reseauen informéieren.