Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ hie mécht, sécher, dréchen

Lëtzebuerger Sprooch

hie mécht, sécher, dréchen

Wisou schreiwe mir verschidde Wierder mat "éch", och wa se wéi mat engem "ë" kléngen? D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erkläert, firwat mer dat mat <éch> schreiwen?

auto_stories

3 min

Simon Larosche: D'Fro ass haut: Firwat schreiwe mer e Wuert wéi "sécher" mat "é", wann ech et "sëcher" ausschwätzen, wéi wann et en "ë" hätt?

Caroline Döhmer: A jo. Dat ass eppes, wat grad méi jonke Spriecher besonnesch opfält.

Deenen aneren net?

Also et ass tendenziell esou, datt Spriecher iwwer 50 nach en Ënnerscheed maachen tëschent de Wierder "hie mécht" (dt. er macht) an "hie mëscht" (dt. er mistet). Hei kommen och zwou Saache beieneen: d'Vermëschung vum Laut "ch" an "sch" an d'Ännerung vum Laut an de Wierder wéi "sécher" oder "dréchen".

Wat huet et da mam "ch" op sech?

Wéi am Däitsche gëtt et am Lëtzebuergeschen am Fong en Ënnerscheed tëschent "ch" an "sch". Aktuell Donnéeë weisen awer, datt et ëmmer méi zu engem Mëschlaut kënnt, also enger Form tëschent dem "ch" an dem "sch". Och hei hunn eeler Spriecher nach zwee Lauter, déi ee relativ gutt auserneenhale kann. Bei deene jonken ass dat da méi gemëscht. Fir mech sinn dann "Wischer" an "Bicher" quasi deeselwechte Laut, obwuel mer eemol "sch" an eemol "ch" hunn. Deen Ënnerscheed bleift och wichteg, wa mer Lëtzebuergesch schreiwen.

A wouhier weess ech, wéi een et schreift, wann et d'selwecht kléngt?

Hei kann een nees de Wee iwwer d'Däitscht goen: Wischer, Bücher.

A wat war elo nees mam "sécher"? Do war jo och eppes mam "e"?

Doduerch, datt sech d'Qualitéit vum "ch" fir vill Spriecher ännert, ännert och de Laut virdrunner. De Laut "é" wéi bei "Méck" réckelt méi bei de Laut "ë" wéi bei "mëll". An da si mer bei zwou Aussproochen, déi méi traditionell, an déi méi nei (ech gi mäi bescht, fir béid Formen hei däitlech ze maachen): Spréchwuert, dréchen, hie knéchelt. Fir déi ursprénglech Aussprooch vum "ch" kënnt der och gären déi entspriechend Wierder an den LOD nolauschtere goen. Einfach am Artikel uewe riets op déi kleng Nout klicken, fir den Audio ze lauschteren.

Ok, also mir schwätzen et anescht, mee mer schreiwen et awer ëmmer "éch"?

Genee, mer schreiwen ëmmer "éch" bei dëse Wierder. Och hei kann ee sech dat däitscht Parallelwuert ukucken, fir ze wëssen, ob een et elo mat "ch" oder "sch" schreift: Sproch - Spréch (dt. Sprüche). A wann ech weess, datt et en "ch" kritt, da weess ech och, datt do en "é" muss stoen. Et steet ni en "ë" virun "ch": du méchs, sécher, Spréch.

An dann nach eng kleng Hëllef: den "é" steet just an der betounter Silb. An dëse Wierder kënnt also keen Accent: Dippech, Heemecht, zäertlech.

An dat steet och an där neier Orthographie?

C: Dat steet effektiv och am neien Text, awer dat ass eng Reegel, déi schonn zanter 1975 besteet an och net geännert gouf.

Da musse mer dat also net nei léieren!

Nee, alles gutt!