Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een "Non-Lieu de Mémoire"

Zäithistorikerin

Een "Non-Lieu de Mémoire"

De 25. Anniversaire vum Zesummebroch vum sowjetesche System am Hierscht 1991 gëtt an Europa net gefeiert. Am Contraire: Besonnesch an Osteuropa erënnert ee sech un den Zesummebroch net als Befreiung, mee als Katastroph.

auto_stories

7 min

Dëser Deeg hu sech eis däitsch Nopere mat hirem “Tag der deutschen Einheit” wéi all Joer un de Fall vun der Mauer tëscht BRD an DDR erënnert. De Mauerfall vum 9. November 1989 war och scho Stoff fir eng Rei vu Filmer. Dëst Evenement huet awer just den Ufank vun engem Prozess markéiert: Den Zesummebroch vum Ostblock a vun der Unioun vun de Sowjetrepubliken.

Een zentraalt Element ass dobäi d’Phas vum gescheiterte Putsch géint de Gorbatschov am August 1991 bis zur Opléisung vun der Sowjetunioun am Dezember. Dësen historesche Moment, deen elo genee 25 Joer zréck läit, gëtt awer an dëse Méint verhältnisméisseg wéineg commemoréiert.

De Fall vun der Mauer huet sech d’kollektiv europäesch Memoire ageschriwwen huet: Fir mam Historiker Pierre Nora senge Wierder ze schwätzen, ass dësen historeschen Evenement zu engem “Lieu de mémoire” ginn. An deem Sënn ass den Zesummebroch vun der Sowjetunioun een "Non-lieu de mémoire".

Een Zesummebroch ouni Biller

Dat läit sécher zum Deel drun, datt et kee präzisen Abléck gouf, an deem sech déi Entwécklung sou kristalliséiert huet wéi beim Opléisungs-Prozess vun der DDR. Een zweete Grond ass, datt et keng sou einfach a poignant bildlech Referenzpunkte wéi beim Mauerfall gëtt.

Den August-Putsch (dee vu Fonctionnairë vun der Kommunistescher Partei organiséiert gi war, deenen dem Gorbatschev seng Reformpläng ze wäit gaange sinn) gouf zwar mat Hëllef vu groussen Demonstratioune gestoppt. Mee den Held vum Dag, de Boris Jelzin, gouf net zu enger Liichtgestalt vun der Reformbewegung. Dat obwuel de Jelzin en engagéierte Reformer a schonn 1990 aus der KP ausgetruede war. Hien huet nom gescheiterte Putsch de Gorbatschev kalgestallt, an hie war den Architekt vun der offizieller Opléisung vun der Sowjetunioun den 8. Dezember a vun der Schafung vun der GUS, der “Gemeinschaft vun onofhängege Staaten”, déi haut kaum nach eng Roll spillt.

Mee de Jelzin sollt sech spéider als President net als groussen Demokrat erweisen. Hien huet mat autoritäre Mëttele versicht, dat onofhängegt Russland aus enger déiwer Wirtschaftskris ze féieren. Den haitege President vun der Russescher Federatioun huet dem Jelzin net nëmmen ze verdanken, datt hien him de Wee zur Muecht fräigemaach huet. Dem Wladimir Putin kënnt och ze gutt, datt de Jelzin 1993 eng Verfassung duerchgeboxt huet, déi e präsidial gefouerte Staatssystem virgesäit, an deem d’Parlament nëmmen eng ënnergeuerdent Roll spillt.

D'Kris no 1991

Den Haaptgrond awer, datt den Hierscht 1991 net zu engem staarken historesche Bezuchspunkt ginn ass, hänkt mat dëser komplizéierter Entwécklung zesummen: Si war begleet vun ideologesche Spaltungs- an Opléisungsprozesser, déi iwwert Osteuropa eraus d'"Gauche" international an eng Sënnkris gefouert hunn.

Och zu Lëtzebuerg huet sech d’kommunistesch Partei op de reale Sozialismus no sowjeteschem Modell bezunn. Der KP hir Stäerkt an den Nokrichs-Joerzéngte weist, datt och hei am Land nach laang un dee Modell gegleeft ginn ass. Mëttlerweil ass déi kommunistesche Bewegung kloer geschwächt, mee hält awer un hirer, anachronistesch formuléiert, moskau-treier Linn fest.

An och haut nach vertrëtt de KPL-Historiker Ali Ruckert, datt de Gorbatschov a seng "Clique" mat hire Reformbestriewunge Schold um Ënnergang vum sowjetesche Modell waren. An eisen Nopeschlänner waren d’kommunistesch Parteien dacks scho méi fréi kritesch géintiwwer der Sowjetunioun. Mee och fir si a fir déi net-kommunistesch "Gauche" an Europa gouf et no 1991 e Problem. Well d’Existenz vum sowjetesche Modell huet awer fir vill net-kommunistesch Lénker, op d'mannst bewisen, datt Alternativen zum kapitalistesche System méiglech wieren. An deem Sënn huet 1991 och der gesamter Gauche ze schafe gemaach. An et seet vill aus, datt déi net-kommunistesch "Gauche" ëmmer nees no neie lénke Modeller sicht.

D'Enn vun der Geschicht?

Net fir näischt huet den Historiker Francis Fukuyama 1989 vum "Enn vun der Geschicht" geschwat: Mat dëser radikaler Formel wollt hien ausdrécken, datt déi grondsätzlech ideologesch Widderspréch tëscht Kapitalismus a Sozialismus, déi bis dohinner geherrscht hunn, opgehuewe wieren, an datt de Modell vun enger demokratescher Maartwirtschaft sech duerchgesat hätt.

Wann déi Thes schonn deemools staark kritiséiert gouf, sou huet d’Geschicht zënterhier gewisen, datt de Sozialismus op d'mannst als politesch Utopie weider existéiert, sief et a verschiddene lénke Parteien, sief et an neien antikapitalisteschen oder kapitalismuskritesche Mouvementer. Zugläich sinn donieft aner Ideologien, besonnesch reliéis an/oder nationalistesch orientéierter um Virmarsch, déi och net onbedéngt an dem Fukuyama seng Visioun passen.

D'Ierwen vun der Sowjetunioun

An de Länner vun der fréierer Sowjetunioun kënnt et zu Entwécklungen, déi am Weste schwéier novollzéibar sinn. A Russland verléiert zum Beispill déi kommunistesch Partei weider un Terrain, dat weisen d’Resultater vun de Parlamentswahle vu virun e puer Wochen. Dem Putin seng konservativ an nationalistesch Partei "Eenegt Russland" huet nees zougeluecht.

Dat verhënnert awer net, datt de Putin sech op déi glorräich Zäite vun der Sowjetunioun bezitt oder de Stalin rehabilitéiere léisst. Fir de Putin, sou sot hie schonn 2005, war den Zesummebroch vun der Sowjetunioun déi gréisst Katastroph vum 20. Joerhonnert. Op grouss Commemoratiouns-Feierlechkeete gouf dann och konsequenterweis verzicht, well den Hierscht 1991 gëtt just vun enger Minoritéit nach als positive Moment an der russescher Geschicht interpretéiert.

Osteuropa: Verzweiwelte Patriotismus

Net nëmmen a Russland, mee och an anere Länner vum fréieren Ostblock gesäit een, virum Hannergrond vu schwieregen ekonomesche Verhältnisser, dëse Versuch vun enger oft nationaler Reinterpretatioun vun der eegener Geschicht. Déi sozial Ziler vun de sozialistesche Revolutiounen - ekonomesch Ëmverdeelung a Chancëgerechtegkeet - geroden an den Hannergrond. Bei deem "Patriotism of Despair", wéi de Sozialanthropolog Serguei Alex Oushakine et fir Russland formuléiert huet, schockéiert, wéi wéineg Kredit an Osteuropa déi wierklech Wäerter vum Sozialismus - Solidaritéit, Gerechtegkeet, Gläichheet vun alle Mënschen - schéngen ze hunn.

Och d’Stäerkt vun Neonazi-Bewegungen am fréieren Ostblock werft dach Froen op doriwwer, wéi een Ierfdeel de "reale Sozialismus" hannerlooss huet. D’Politik vun der nationaler Preferenz, méi nach, déi vum Clan, deen no bausse verdeedegt gëtt, ass net nëmmen e réckschrëttleche Modell. Et ass och en negative Modell, dee vun Ofwierhaltunge geprägt ass: Friemenhaass, Rassismus, Antisemitismus, gesellschaftlech Intoleranz.

EU: Kee Modell

Mee den Non-Lieu de Mémoire, deen den Hierscht 1991 duerstellt, seet och eppes aus iwwert de Verloscht vum Kredit, deen de westleche Modell vun der Demokratie an Osteuropa no 1991 hat. Et huet een den Androck, datt déi Réckbesënnung op national Wäerter deelweis och eng Reaktioun op d'Europäescher Unioun wier, där hir als arrogant erliefte Politik soll ofgestrooft ginn. Do ass sécher eppes drun.

Wann ee sech nëmmen un déi éischt Jore vun der EU-Osterweiderung erënnert, wou westlech Konzerner sech déi nei Marchéen an Osteuropa geséchert hunn, da kann ee sech denken, datt de westeuropäeschen Discours vun der europäescher Konstruktioun schwéier ze vermëttelen ass. D’Ënnerstëtzung, fir déi enorm sozial Käschte vun der Erweiderung wéinstens ze reduzéieren, war dogéint schwaach, an de Gruef tëscht dem Liewensstandard a West- an an Osteuropa bleift grouss.

Reformbewegung: Net memorabel

Den europäeschen Demokratiemodell iwwerzeegt awer och nach aus engem anere Grond d’Leit an deene Länner net. D'Osteuropäer, déi bis virun enger Zäit a méi rigiden an zentralistesche Systemer gelieft hunn, setzen wéi et schéngt dee Modell mat Onsécherheet gläich. Dat obwuel hinnen an de leschte Joren d’Onfäegkeet vun der EU, d’Finanzkris ze geréieren, d’Hängepartie mat Griicheland, de Brexit oder d’Oneenegkeet iwwert d’Flüchtlingspolitik gutt Argumenter geliwwert hunn. Och dës Onsécherheet diskreditéiert aus där Perspektiv an der kollektiver Memoire d’Reformbewegung vun 1991.

Den Zäitzeie Serguei Bountman, deen an engem Artikel vun der Isabelle Mandraud an der Zeitung "Le Monde" den 10. September zu Wuert komm ass, geet a sengen Erënnerungen un 1991 nach e Schrëtt méi wäit: “Il y avait quelque chose de serein, d’optimiste dans cette résistance. Ni avant ni après n’avons nous connu cela. La Russie aujourd’hui ne veut pas être l’héritière de cette révolution, - car c’était bien un mouvement populaire, une libération – mais celle de saint Vladimir, des tsars, de l’URSS, de Brejnev! Elle ne veut pas être fille de la liberté. La liberté, c’est quelque chose de suspect.”