Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debat iwwer Matschold vu Lëtzebuerg

Juddeverfolgung

Debat iwwer Matschold vu Lëtzebuerg

Waren d'Lëtzebuerger Autoritéiten un der Juddeverfolgung am Zweete Weltkrich bedeelegt? Gouf et virun der Occupatioun schonn institutionaliséierten Antisemitismus? D'Historiker si sech net eens.

auto_stories

3 min

Debat am Musée Dräi Eechelen

De 14. Dezember war ee mouvementéierten Historiker-Debat am Musée Dräi Eechelen. Ëmmer nees sinn de Vincent Artuso an de Charel Barthel sech an d’Wuert gefall. Béid Historiker si sech virun allem net eens doriwwer, wéi eng Roll d’Lëtzebuerger Autoritéite gespillt hunn, nodeems d’Nazien am Mee 1940 zu Lëtzebuerg amarschéiert waren.

Rassenideologie

Fir de Vincent Artuso huet d’Lëtzebuerger Verwaltung gehollef, déi anti-jüdesch Politik vun de Nazien hei am Land ëmzesetzen. An dat schonn éier d’Nazien déi komplett Kontroll zu Lëtzebuerg iwwerholl hunn.

Op Uerder vun de Nazien hätten d’Autoritéiten ugefaang Lëtzebuerger Judden anescht ze behandele wei aner Lëtzebuerger Staats-Bierger, esou de Vincent Artuso. "Mat Judde waren och Lëtzebuerger Bierger gemengt. Wat bedeit, dass déi nationalsozialistesch Rassenideologie a -Legislatioun acceptéiert goufen." Vun deem Moment u wären et dem Vincent Artuso no zwou Zorte Lëtzebuerger ginn: Arier an Net-Arier.

Anti-jüdesch Tendenze virum Krich

Och den Historiker Michel Pauly ënnerstëtzt des These. Och scho virum Krich wären et anti-jüddesch Tendenzen zu Lëtzebuerg ginn. Op administrativem Plang, beispillsweis, wär schonn an den 30er Joren en Ënnerscheed tëscht Judden an Net-Judde gemaach ginn. Dat wär, wéi wann haut an administrativen Dokumenter géif festgehal ginn, ob eng Persoun Supporter vum Islam wär, seet de Michel Pauly.

Ob ët scho virum Krich en institutionaliséierten Antisemitismus zu Lëtzebuerg gouf, bleift awer ëmstridden. Sou ass den Henri Wehenkel iwwerzeegt, datt de Lëtzebuerger Staat virum Krich nët antisemitesch gehandelt huet: An de Gesetzestexter a Reglementer hätt hie keng Indikatiounen dofir fonnt.

Lëschten

De Charel Barthel ass iwwerzeegt, dass d’Lëtzebuerger Autoritéiten och no 1940 net tëscht Judden a Net-Judden ënnerscheeden: "D'Lëtzebuerger maachen een Ënnerscheed zwëschent Lëtzebuerger op där enger Säit, 'toutes confessions confondues', an op där anerer Säit Auslänner, 'toutes confessions confondues'."

Dem Charel Barthel no hätt d’Lëtzebuerger Verwaltungs-Kommissioun, an och hire President Albert Wehrer, de Lëtzebuerger Judde gehollef ze flüchten. A Länner wou si virun de Nazien a Sécherheet gewiescht wieren. Dofir hätte si legal Pabeiere gebraucht.

Fir déi Pabeieren ze kréien hätt d’Lëtzebuerger Verwaltungs-Kommissioun, zesumme mam Consistoire israélite, Lëschten ausgeschafft mat den Nimm vun all de Lëtzebuerger Judden. Et wär deemno falsch ze behaapten, d’Verwaltungs-Kommissioun hätt Lëschten ausgeschafft fir den Nazien ze hëllefen.

"Eng positiv Entwécklung"

Eng eenheetlech Konklusioun gouf et also net. Mee et wär den Debat u sech, dee wëssenschaftleche Fortschrëtt géing bréngen, esou de Michel Pauly. Duerch de Rapport, dee virläit, géifen elo och aner Historiker sech mat dësem Sujet beschäftëgen. An deem Sënn wär et eng positiv Entwécklung.