Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tindersticks - Were We Once Lovers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Honger am Éischte Weltkrich

Zäithistoriker

Honger am Éischte Weltkrich

Während dem Éischte Weltkrich huet déi englesch Séiblockad eng decisiv Roll an der däitscher Nidderlag gespillt. D'Experienz vum Honger war och zu Lëtzebuerg essentiell. Si huet d'Leit obsedéiert, d'Gesellschaft déif gespléckt a fir eng schmäerzhaft Moderniséierung gesuergt. An engem Sënn war den Honger, deen am Éischte Weltkrich erlidde gouf, d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun.

auto_stories

7 min

Den Historiker Vincent Artuso beschäftegt sech mam Honger am Éischte Weltkrich. Foto: Archiv

Virun 100 Joer ass dat zweet däitscht Räich implodéiert. No véier Joer Krich a manner wéi zwou Woche Revolutioun ass déi al, vum Bismarck gewollten Ordnung ënnergaangen. No Jore vun endlosem Gemetzel op zwou Fronten hu sech eenzel militäresch Eenheeten, besonnesch an der Marinn, geweigert weiderzekämpfen. An den Häfen a Groussstied goufen Arbeiter- und Soldatenräte gebilt.

Dynastien, deenen hir Haiser zanter Joerhonnerten d'Muecht ausgeüübt haten - Hohenstaufer, Wittelsbacher, Hessen, Wettiner - hu vun engem Dag op deen aneren ofgedankt an de Sozialdemokraten d'Muecht iwwerlooss. Déi brutal Beschleunegung vun der Geschicht, gekoppelt mat der radikaler Feindschaft vun den däitschen Elitte géintiwwer der jonker Republik, huet eng zéi Legend un d'Liewe bruecht: déi vum Dolchstouss am Réck vum Keeserräich.

Dëser Legend no hate Judden a Marxisten Däitschland verroden. Nëmmen esou war d'Nidderlag z'erklären. D'Wourecht war, datt de Krich nom Feelschlag vun den Offensiven am Weste vum Summer 1918 net méi ze gewanne war, datt déi obrigkeitstaatlech Institutioune scho längst hir Legitimitéit verluer haten, an datt d'Bevëlkerung erschöpft war.

Déi vun der englescher Marinn imposéiert Blockad hat d'Zentralmuechte lues a lues erstéckt. Noutwendeg Nahrungsmëttele konnten net méi importéiert ginn, Däitschland, Éisträich-Ungarn an déi vun hinne besate Gebidder hunn Honger gelidden. Am Dezember 1918 huet d'Reichsgesundheitsamt d'Zuel vun den Affer vun der Hongersnout op méi wéi 760.000 geschätzt.

Et ass also de Facteur Honger, deen d'Weltgeschicht am November 1918 zum Kippe bruecht huet. Déi Experienz war och zu Lëtzebuerg essentiell. Si huet d'Leit obsedéiert, huet d'Gesellschaft déif gespléckt a fir eng schmäerzhaft Moderniséierung gesuergt. An engem Sënn war den Honger, deen am Éischte Weltkrich erlidde gouf, d'Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun.

Eng polariséiert Gesellschaft

Lëtzebuerg gouf am August 1914 vun däitschen Truppe besat. Vun deem Moment u gouf et extrem schwéier, déi néideg Nahrungsmëttelen ze importéieren. Déi schlecht Recolten, souwéi d'Präsenz vu 4.000 bis 5.000 däitschen Zaldoten hunn d'Situatioun nach verschlechtert. Vum Summer 1915 u sinn d'Präisser horrend an d'Luucht gaangen. An Zäit vun e puer Méint hu sech déi fir Weess a Grompere verduebelt; déi fir Bounen, Ierbessen a Lënse verdräifacht. Fleesch, Schmalz an Eeër sinn op eemol Luxusprodukter ginn.

"Unser Interesse für die Schlachten, die nicht vom Fleck kommen, ist das Interesse von Achselzuckern", huet de Batty Weber deemools geschriwwen, "die Kartoffeln sind uns näher". De Wanter 1916-1917, deen als "Kohlrübenwinter" an Erënnerung bliwwen ass, war nach méi schro, wéi dee vu virdrun. Den Honger huet d'Organisme gepéngegt, mee och d'Gesellschaft geféierlech polariséiert. Op der enger Säit gouf et déi, déi produzéiert, op der anerer déi, déi akaaft hunn; d'Land géint d'Stied, d'Éislek géint de Minett, Bauere géint Aarbechter.

De sozialdemokrateschen Deputéierte Jhang Schortgen, deen éischten Aarbechter, deen an d'Chamber gewielt gouf, huet a sengen Interventioune reegelméisseg versicht, d'prekär Situatioun vun der Bevëlkerung vum Minett däitlech ze maachen:

"Die Leute ziehen tagtäglich von Tetingen nach Kayl um ihr Viertelpfund Butter zu bekommen, das ihnen reglementsmässig zusteht; sie kommen um zwei Uhr mittags nach Kayl, da heisst es: es ist keine Butter für Tetingen da. Sie warten manchmal bis abends acht Uhr, wo dann einige Kisten ankommen und verteilt werden. Ich frage sie, meine Herren, ist das zulässig, dass eine Arbeiterfrau, die ein paar kleine Kinder zu Hause hat, von mittags zwei bis abends neun Uhr in Kayl warten muss, um ein Pfund Butter zu bekommen?"

Eng schmäerzhaft Moderniséierung

Zu deem Zäitpunkt huet de Schortgen nach versicht z'iwwerzeegen. Seng Partei huet deemools dem Lénksblock ugehéiert, enger Koalitioun tëschent Sozialdemokraten a Liberalen, déi op der Iddi berout huet, datt et méiglech ass de Kapitalismus ze reforméieren. Mee dee reformistesche Konsens ass mat der Zäit zerbréckelt.

Schonn éischtens well d'Regierung säin traditionelle Laisser-faire huet missen opginn. De 15. Mäerz 1915 gouf eng Loi sur les pouvoirs nécessaires aux fins de sauvegarder les intérêts économiques du pays durant la guerre gestëmmt.

Dat Gesetz huet der Regierung Vollmuechte ginn, déi vun der Oppositioun als "diktatorial Muechte" gegäisselt goufen. Si hunn hir zum Beispill erlaabt, en Deel vun de Recolten ze beschlagnamen, Héchstpräisser z'imposéieren, verschidde Liewensmëttelen ze rationéieren an hiren Export ze verbidden. Am Abrëll 1915 gouf och eng staatlech Akafs- a Verdeelungszentral gegrënnt.

Lëtzebuerg huet och, wéi d'Belsch, eng amerikanesch Hëllef ugefrot. D'Westalliéierten, an éischter Linn d'Englänner, hunn déi Méiglechkeet allerdéngs refuséiert, well si der Neutralitéit vun der Lëtzebuerger Regierung net getraut hunn. Si hunn de Lëtzebuerger notamment virgeworf, datt hir Stolindustrie fir déi däitsch Arméi géif schaffen.

Déi alliéiert Oppositioun huet awer grad d'Ofhängegkeet vis-à-vis vun der Besatzungsmuecht verdéift. Am November 1916 huet d'Lëtzebuerger Regierung e geheimen Accord mat Däitschland ofgeschloss. Géint d'Verspriechen Liewensmëttelen aus Däitschland ze kréien, huet se acceptéiert d'Soziallegislatioun opzehiewen.

Den Enn vum Lénksblock

Dat ambivalent Spill vun der Regierung mat Däitschland an den erhéichten Drock vun de Stolkonzerner, déi hirersäits vum Krich profitéiert hunn, huet d'Roserei vun den Aarbechter verschäerft. Am September 1916 huet de Schortgen, deen Regierung trotzdem nach ënnerstëtzt huet, un d'Profitter vun der Stolindustrie erënnert an d'Frustratioun vun der Aarbechterschaft mat klassekämpfereschen Akzenter ausgedréckt:

"Es gibt in jeder Gesellschaft welche, die stehlen wollen, und da brauchen Sie nicht gleich durchblicken zu lassen, als ob es immer die Armen seien, die stehlen. [...] Auf den Reichen wird sehr selten der Stein geworfen. Er drückt sich am Gesetz vorbei, und dann heisst es von ihm später, er sei ein tüchtiger Mann gewesen, obgleich er so gut gestohlen hat wie der andere, der sich vom Hunger getrieben, aus fremdem Acker einen halben Sester Kartoffeln holt. [...] Das ist das Prinzip in unserer heutigen Gesellschaft. Das ist noch lange keine Ehre für die heutige Gesellschaft, und es beweist, dass die Sozialdemokraten vollständig Recht haben, wenn sie sagen, die bürgerliche Gesellschaft von heute habe sich überlebt. Das System wenigstens ist falsch und krank."

Am Hierscht 1916 sinn déi éischt Aarbechtergewerkschaften entstanen. Am Mee 1917, no der Demissioun vum Gouvernement d'unité nationale, déi den Enn vum Lénksblock bedeit huet, hunn déi Gewerkschaften den éischte massive Streik organiséiert. Den 31. Mee 1917 hunn Dausende vun Aarbechter, zu Esch, géint de Verfall vun der Kafkraaft a fir d'Unerkennung vun hire Rechter manifestéiert. D'Zäit vun der Konfrontatioun war komm.

Déi Mobilisatioun gouf zwar vun der däitscher Arméi niddergeschloen, mee den 10. November 1918, nom Réckzuch vun de Besatzungstruppen, gouf och zu Esch en Aarbechter- a Bauererot ausgeruff. Déi Agitatioun huet d'Patronat gezwongen, en Accord mat den Aarbechtergewerkschaften ze fannen. De 15. November 1918 gouf eng al Revendicatioun befriddegt: den Aachtstonnendag gouf ageféiert. An de Joren dono si munch Réckschléi komm, mee d'Aarbechterbeweegung war lancéiert.

D'Experienz vu Besatzung an Honger huet modern Antagonisme verschäerft an d'Verständnis vun der Lëtzebuerger Gesellschaft als Agrargesellschaft zerstéiert. D'Rëss, déi deemools entstane sinn, goufen an den Joren dono zougemaacht am Kader vun der Natioun, dee fir d'Aarbechter Inclusioun bedeit huet a vun der Demokratie. D'Demokratie ass nämlech kee Kader, an deem et keng Konflikter gëtt, mee een, an deem d'Konflikter eng institutionell Léisung fannen.