Radioen

On air

Tockcity  |  Stephen Bailey - Open Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hueseschréckeg, e wichtege Stull an eng Käerzepompel

100,7-Klassesall

Hueseschréckeg, e wichtege Stull an eng Käerzepompel

Hallo, a schonn ass et nees un der Zäit vun engem neien 100,7-Klassesall. Léif Kanner, dir hutt an der Lescht bestëmmt scho méi wéi eemol héieren, datt vun der Weltgesondheetsorganisatioun geschwat gouf. Mir sinn de siwenten Abrëll, d'Weltgesondheetsorganisatioun, déi ofgekierzt OMS oder WHO genannt gëtt, gouf de 7. Abrëll 1948 gegrënnt an se huet 194 Memberlänner. Si bekëmmert sech ëm Gesondheetsfroen, déi d'ganz Welt uginn.

auto_stories

3 min

News for Kids

Léif Kanner, hutt dir net och schonn an de leschten Deeg ären Elteren oder soss engem d'Froe gestalt, wéi: Wéini kënne mer eis nees fräi beweegen? Wéini ginn d'Geschäfter an d'Restauranten nees op? A wéini fänkt d'Schoul erëm un? Et si vill Mënschen op der ganzer Welt, déi sech Froe stellen. An e puer Länner si schonn amgaang doriwwer nozedenken. Wat dat heescht, dat erkläert iech de Pierre Reyland aus eiser Noriichteredaktioun.

Lauschterenplay_arrow


Wat ass hueseschréckeg?

Geschwë kënnt jo den Ouschterhues. D'Muriel Nossem aus dem natur musée erzielt eis elo ganz vill iwwer den Hues, a si huet fir d'éischt mol eng Fro un iech. D'Muriel wëllt wëssen, wat mat engem lass ass, wann een "hueseschréckeg" ass.

Lauschterenplay_arrow


Wat sinn ech?

Dat klengt Marie hëlleft der Julie Treff aus dem Stater City Museum iech e klengt Rätsel ze presentéieren. Wat beschreift eis d'Marie? Also als kleng Hëllef, direkt fir unzefänken, et geet ëm eng Zort Stull.

Wann dir elo net alles verstanen hutt, dir kënnt d'Julie an d'Marie esou dacks dir wëllt nach emol nolauschteren. An dann, moolt eis d'Bild a schéckt et an op klassesall@100komma7.lu oder iwwer WhatsApp op d'Nummer 621 44 00 44.

Lauschterenplay_arrow


De Mister Science an eng Käerzepompel

Et brauch een en Teller, eng Mënz, en Téiliicht, e Glas an e Fixspoun, a scho kann een zauberen. Behaapt einfach, datt dir déi Mënz, déi am Waasser um Teller niewent dem Téiliichtche steet, kënnt do erofhuelen ouni naass Fangeren ze kréien. Dir wësst net wéi dat geet? De Mister Science erkläert iech et.

Lauschterenplay_arrow


Deen zweeten Deel iwwer de Mupp, dee Cassis heescht

Haut lauschtere mer deen zweeten Deel vum Francis Kirps senger Geschicht "Ein Hund namens Cassis". D'Mamm huet den Tom geschéckt Cassis kafen ze goe fir hire Kir Royal, an hie gewarnt, datt hien net soll duerch Ünterfürung goen ... Follegt den Tom? Dat erzielt eis elo d'Tania Hermann.

Lauschterenplay_arrow


Sechst Kapitel vun ärer Geschicht mam Rol Meyer

Et gëtt ëmmer méi spannend an der Geschicht vum Sunny a Raphael. Firwat sinn den Alex, Tun an d'Nadine op eemol esou 'anescht'? A wat siche si an deem komesche Raum an der Hiel? Oder wéi koume si iwwerhaapt dohin? D'Sunni an de Raphaël wëssen net wat mat hire Kolleege lass ass a probéieren ze verstoen, fir wat hir dräi Frënn elo esou anescht sinn, anescht wéi déi geheimnisvoll Gestalt, déi d'Sunni ganz am Ufank vun dëser Geschicht erbléckst hat.

Déi Geschicht gëtt vu Kéier zu Kéier méi spannend, a mir freeën eis schonn all, wéi ze weidergeet. Wann dir elo Iddien hutt fir dem Roland Meyer ze hëllefen d'Geschicht weiderzebréngen, da schéckt eis dat, grad wéi är Biller op klassesall@100komma7.lu

Hutt dir e Musekswonsch oder wëllt dir eis iwwer WhatsApp eppes schécken, da gëllt d'Nummer 621 44 00 44.

Lauschterenplay_arrow