Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Image amplaz Substanz

Fräie Mikro

Image amplaz Substanz

Mir rutschen ëmmer méi an en Zäitalter, wou den Image triumphéiert an d'Substanz an den Eck gedréckt gëtt. Dat biergt grouss Geforen, mä et ass vläicht de Präis, dee mir bereet sinn ze bezuelen, fir datt eis Gesellschaft sech ouni zevill Gedanken weiderentwéckelt. Iwwerleeunge vum Laurent Moyse.

auto_stories

4 min

D'lescht Woch huet de Finanzminister a Begleedung vun dräi aneren Tenoren aus der Regierungskoalitioun d'Mesure virgestallt, déi an der laang erwaarten Steierreform sollen ëmgesat ginn. Wat d'Detailer vun deem Steierpak an déi genee Wierkungen op de Staatsbudget betrëfft, gouf ee vertréischt, datt déi op engem spéideren Zäitpunkt bekannt solle ginn. Wéi esou oft an der Politik setzt d'Regierung hei virun allem op d'Wierkung vun der Annonce. D'Substanz spillt dogéint eng zweetrangeg Roll.

Zur selwechter Zäit kënnt een Documentaire eraus, deen ënnert dem Numm "Foreign Affairs" eisen Ausseminister vun enger méi intimer Säit un der Diplomatenfront am Asaz weist. De Jean Asselborn, deen de fréiere Premier Jean-Claude Juncker als beléifsten nationale Politiker an den Sonndesfroen ofgeléist huet, ass elo di nei politesch Ikon. Obwuel seng Aktioun oft un Grenze stéisst, déi um Terrain éischter zu bescheidene Resultater féiert.

Vereinfachung bis zur Verblödung

Dat sinn nëmmen zwee Beispiller déi weisen, dass Politik ëmmer méi zu engem Spektakel gëtt. "L'être et le paraître", dat ass eng Fro, déi d'Philosophen scho joerhonnertelaang beschäftegt huet. Mä et ass e bësschen einfach, fir eise Politiker eleng d'Schold ze ginn. Dësen Trend fënnt een iwwerall erëm, well grouss Deeler vun eiser Gesellschaft deen och ënnerstëtzen. Mat de moderne Kommunikatiounsmëttelen huet een d'Gefill, dass d'Substanz nach méi an den Hannergrond geréit. D'Informatioun gëtt pervertéiert duerch Iwwerflächlechkeet, duerch Vereinfachung bis zur Verblödung.

National an international Evenementer entgi kaum nach de gängegen Klischeeën. Wann een d'Noriichte kuckt, géif ee bal mengen, dass zu Lëtzebuerg – eng "Steieroas par excellence" – nëmme räich Leit wunnen an als Banker täteg sinn. Däitschland gëtt just nach duerch de Brëll vun der Politik vum Angela Merkel beuerteelt, Frankräich duerch d'Gemidder vum Locataire am Palais de l'Elysée. Griicheland kënnt vum Bild vum EU-Profiteur net méi of, Groussbritannien gëtt duerch den méiglechen Brexit als éiwege Spillverdierwer dohinner gestalt. D'USA gi bal nëmmen nach nom Donald Trump sengen deliranten Aussoe gemooss, wéi deemools beim George W. Bush, an a Russland schéngt ausser dem Poutine kee méi ze wibbelen.

Extremismus hëlt zou

Och di kulturell Ausernanersetzung hëlt radikal Zich un. An eisen säkuläre Gesellschaften ginn déi gleeweg Chrëschten als déi lescht Pafen ugesinn, d'Judde gi systematesch mat der israelescher Politik bemooss an d'Moslem stänneg mam Terrorismus a Verbindung bruecht. Ëmgedréit ginn Atheisten, Agnostiker an aner "Ongleeweger" a ville Länner als Feind betruecht, nëmmen well si sech trauen, eng aner Meenung ze hunn. An den Internetfore spigelt sech dat gutt erëm: Et geet just nach dorëms, wie seng Wouerecht am beschten duerchsetze kann. Vun engem kulturellen Austausch ass wéineg ze gesinn a kaum eppes ze héieren.

Et ass deemno kee Wonner, dass an där Constellatioun den Extremismus iwwerall zouhëlt. Riets gëtt de Nationalismus héichgeschaukelt, lénks ass d'Kritik un eisem System därmoosse staark, dass d'Kand mam Bued ausgeschott gëtt. Wierder wéi "moderat" ginn an d'Lächerlechkeet gezunn. Beispill Syrien: do gëtt heiansdo vu "moderate" Kräfte geschwat. Woubäi ee misst wëssen, datt an engem Krich kéng Moderatioun méiglech ass, esou laang d'Waffen den Toun uginn.

Et soll een sech deemno net wonneren, datt a ville Länner eng ëmmer méi grouss Zuel vun Bierger net méi wielen ginn, well si sech net concernéiert fillen oder vum Politspektakel därmoossen enttäuscht sinn. Wa kéng Substanz méi do ass, ginn och markant Spréch net méi duer, fir eng Gesellschaft zesummen ze halen.