Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Individualiséierung vun der Trauer

Grafkulturen

Individualiséierung vun der Trauer

D'Aart a Weis, wéi mir mat eisen Doudegen ëmginn, verréit eppes iwwer eis Gesellschaft. An enger rezenter Videokonferenz, déi den Institut Pierre Werner viru Kuerzem organiséiert huet, sinn dräi Geeschteswëssenschaftlecher der Fro op de Fong gaangen, wéi d'Grafkulture sech bis haut entwéckelt hunn.

auto_stories

5 min

Foto: Benkel/Meitzler - www.friedhofssoziologie.de

Tëschent den Zeile verrode Kierfechter manner, wéi et ëm den Doud, dofir ëmsou méi wéi et ëm d'Liewe steet, erkläert den Thorsten Benkel. De Soziolog vun der Universitéit Passau ënnersicht de Wandel an der Aart a Weis, wéi d'Mënschen traueren, wéi si Begriefnesser organiséieren, wéi si sech erënneren a mat doudege Kierperen ëmginn. Zanter der Mëtt vun den 1990er Jore wiere fundamental Verännerunge festzestellen. Ënner anerem wiere Griewer méi perséinlech an intim ginn, esou den Thorsten Benkel:

"Fréier gouf op d'Griewer geschriwwen: 'mir gesinn eis erëm'. De Glawen un de Paradäis respektiv un e Liewen nom Doud gouf esou ausbuschtawéiert. Zanter ongeféier 25 Joer stellt een allerdéngs fest, datt wann déi Lieweg sech op déi Doudeg bezéien, dat a Form vu Réckbléck gemaach gëtt. Et ass e bëssen d'Iddi vum Bilan, deen een zitt. Zentral Liewensleeschtungen oder dat, wat nodréiglech dofir gehale gëtt, ginn ervir gehuewen. Et gëtt dat ënnerstrach, wat als Eegenaart vun der Perséinlechkeet aus der Mass schéngt ervirzestiechen."

D'Liewensleeschtunge vum Individuum ginn ervirgehuewen

Dobäi géifen op de Griewer duerchaus och Schwächten a Feeler vun den Doudegen ervirgehuewe ginn am Sënn vun enger méi grousser Authentizitéit. Weider Tendenzen, déi een zanter 25 Joer ëmmer méi géif gesinn: Verweiser op d'Fräizäitbeschäftegungen a soss Virléiften, an dann och ee méi emotionale Bezuch zu verstuerwenen Hausdéieren. Am grousse Ganze wieren dës Verännerungen op d'Individualiséierung an der Gesellschaft zeréckzeféieren, esou den däitsche Soziolog. Traditionell Kollektiver wéi d'Famill, d'Natioun, d'Relioun oder déi sozial Klass géifen duerch méi fragil Zesummeschlëss wéi Veräiner, Parteien oder Subkulturen ersat ginn:

"Esou versteet een, firwat um Enn vum Liewen de Réckbléck op ganz spezifesch, héich perséinlech Evenementer a Leeschtunge gemaach gëtt. Fir déi Hannerbliwwe gläicht keng individuell Biografie enger anerer Biografie eent zu eent. Um Graf gëtt dofir gesuergt, datt e Mënsch postmortal ze identifizéieren ass. Net fir d'Famill, déi souwisou weess, wien dee Mënsch war. Mee d'Graf gëtt en Display, op deem déi Existenz, déi op en Enn gaangen ass, nodréiglech enger diffuser Ëffentlechkeet - de Visiteure vum Kierfecht - presentéiert gëtt. Déi Hannerbliwwen huelen Decisiounen, déi sech aus enger Mëschung aus Houfert an duerchaus och Exhibitionismus zesummesetzen. Si wëlle weisen, datt déi Doudeg individuell waren, datt si eenzegaarteg Leeschtunge vollbruecht hunn, a jiddweree soll dat gesinn."

Ënnerscheeder tëschent a bannent de Reliounen

Déi hollännesch Anthropologin Mariske Westendorp huet sech hirersäits mat de Kierfechter um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg beschäftegt. Si ass do op eng grouss Diversitéit gestouss, d'Resultat vun der internationaler Migratioun. D'Wëssenschaftlerin vun der Uni Groningen huet d'Griewer vun dräi Reliounsgemeinschafte matenee verglach. Virop déi bei wäitem majoritär réimesch-kathoulesch Traditioun. Dann déi jüddesch Traditioun, mam eegestännege Kierfecht a Clausen, deen an Tëschenzäit voll ass an duerch eng eege getrennte Sektioun zu Märel komplettéiert gouf: am Géigesaz zu de kathoulesche Griewer, déi duerch Concessiounen an der Zäit begrenzt sinn, sinn déi jüddesch fir d'Éiwegkeet ugeluecht. De Märeler Kierfecht huet zanter ongeféier 20 Joer och e moslemeschen Deel, an deem d'Griewer no Mekka orientéiert sinn.

"D'Griewer ënnerscheede sech net nëmme jee no Reliounsgemeinschaft, et gëtt och Ënnerscheeder bannent deene verschiddene Communautéiten. All Graf ass anescht. Et hänkt natierlech vun der Relioun oder der ethnescher Originn of, mee och vu perséinleche Virléiften, vu Familljentraditiounen, an dann och vun de finanzielle Méiglechkeeten: huet ee Sue fir grouss an opulent Monumenter oder just fir méi klenger?"

A Westeuropa war laang méi wäert op d'Séil vum Doudege geluecht gi wéi op säi Kierper. Déi Adeleg, déi Räich an de Klerus hate Grafplacken an der Kierch oder un de Baussemaueren. De Rescht vum Vollek einfach Kräizer an de Felder ronderëm. De Kierfecht als separaten, sakralen Uert vum Undenken gëtt et eréischt zanter datt de Bezuch zum Kierper sech geännert huet, Enn vum 18. -Ufank vum 19. Joerhonnert. Dobäi kommen hygieenesch Iwwerleeungen an d'Mainmise vum Staat, deen d'Concessioune strikt kontrolléiert a verwalt, erkläert d'Sonja Kmec. D'Historikerin vun der Uni.lu huet un engem rezente Sammelband iwwer dee Sujet matgeschafft.

Nei Alternativen: ''Bëschkierfecht'' an Online-Trauer

D'Griewer hei am Land ware mat der Zäit ëmmer méi grouss ginn, mee zanter 1930 a besonnesch zanter 1960 dann ëmmer méi platt. D'Krematioun ass hautdesdaags eng Optioun fir iwwer 60 Prozent vun der Populatioun, deen Undeel ass am Norde vum Land allerdéngs méi kleng. Nieft der Conservatioun an Urne kënnen d'Äschen och verstreet ginn. Dat war ufanks nëmmen an de Kierfechter erlaabt, zanter 1978 dann och op anere Plazen. D'Politik encouragéiert zanter enger Rei Joren d'Verstreeë vun den Äsche op engem vun de mëttlerweil zwielef Bëschkierfechter uechter d'Land, esou d'Sonja Kmec:

"Kleng diskret Placke mat der Nummer vum Bam an den Numm vun de Verstuerwene sinn um Bam fixéiert. Um Panneau zu Esch gëtt e Bois du souvenir ausgewisen, ee lieu alternativ du dernier repos. Op dësem Ufank vum 21. Joerhonnert gëtt d'Natur dacks och mat där Iddi vu Fridden, vun Erhuelung, vu Regeneratioun a Verbindung bruecht. Dat steet am Kontrast zu den 'doudege' Steng an de Bauten, déi verlaangen, datt ee sech ëm se këmmert, datt ee sech deplacéiert - heiansdo vu Wäitem -, datt een dat eegent Graf mat den Nopeschgriewer vergläicht ... De Choix vum Bëschkierfecht gëtt dacks als en ekologesche Choix gesinn, och wann d'Verbrennen u sech vill Energie verbraucht an et Diskussioune ginn, ob d'Äsche gëfteg sinn.''

D'Trauer huet sech och ëmmer méi op den Internet verlagert. Dat kann den Ausdrock si vun enger Form vun Exhibitionismus. Mee fir Famillen, déi a vill verschidde Länner verstreet sinn, si virtuell Begriefnesser dacks déi eenzeg Optioun, gëtt d'Sonja Kmec ze bedenken.


Déi ganz Konferenz ''Grabkulturen im Wandel - Cultures funéraires en mutation'' fënnt een um Site vum Institut Pierre Werner.