Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Grenzen ewech

Medium Radio

Iwwer d'Grenzen ewech

Radiowelle kenne keng Grenzen. Ob fir Propaganda, Resistenz, Solidaritéit oder einfach nëmmen fir d'Distraktioun - de Medium Radio ass a senger Geschicht dacks fir déi verschidden Zwecker transnational agesat ginn. Eng wichteg Roll als kulturell Acteuren hunn RTL an Europe 1 gespillt.

auto_stories

5 min

Transnational, de Begrëff beschreift am Fong all Radio, well d'Radiowelle maachen net Halt un der Grenz. De Problem war ganz um Ufank vun der Radiosgeschicht d'Fro, wéi een d'Frequenze sollt regléieren. All Radio huet seng eege Frequenz benotzt, seet den Direkter vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, den Andreas Fickers.

"No puer Joer war en totale Chaos um Ether hei an Europa, well de Radio sou populär gouf. Et huet eng europäesch Reguléierung gebraucht, well Radio par definition transnational ass. Leider ass d'Radiogeschichtsschreiwung awer net transnational, mee méi national."

An där Zäit, also an den 20er an 30er Jore waren d'Radiosstatioune méi transnational wéi national, well et vill Radioe gouf, déi net staatlech kontrolléiert goufen, erkläert den Andreas Fickers.

Den Ufank maache Privatleit

Um Ufank wiere virun allem Privatleit aktiv an dësem Beräich gewiescht. Vill Amateuren hunn eege Radiosenderen opgebaut an domat experimentéiert. Well et sou erfollegräich war, an d'Konkurrenz esou grouss war, ass de Staat méi spéit als Regulateur bäikomm an huet probéiert, ee Monopol ze kréien, fir deen neie Medium ze reguléieren, seet den Andreas Fickers. Am Zweete Weltkrich wier de Radio och ee Propagandainstrument gewiescht.

"Do ass och politesch Bewosstsinn komm, datt de Medium Radio méi staatlech muss kontrolléiert ginn."

Den Usproch war also à priori net, national Radioe mat staatlecher Kontroll ze schafen, mee en techneschen. Duerch d'Reglementatioun vun de Frequenzen wollt een de radiophonesche Chaos an de Grëff ze kréien.

"Déi éischt Frequenzpläng, déi an den 20er Jore vun der International Broadcasting Union opgestallt gi sinn, hu probéiert, all Land eng oder zwou Frequenzen ze ginn, fir sécherzestellen, datt an deem Land Radio ouni Stéierung méiglech war. Déi Reguléierung vun de Frequenze war eigentlech den Usporn, fir eng méi staatlech Perspektiv ze entwéckelen iwwer dat, wat iwwer déi Frequenzen ausgestraalt gëtt."

An de verschiddenen Europäesche Länner géif et ënnerschiddlech Modeller. Zu Lëtzebuerg krut CLT de staatleche Frequenzmonopol zougeschriwwe fir kommerzielle Radio ze maachen.

An de meeschten anere Länner an Europa goufen ëffentlech-rechtlech Radiosenderen opgebaut.

Radio Lëtzebuerg ee Piratesender?

"Lëtzebuerg ass also e Sonderfall an huet fir vill Diskussioun gesuergt. Radio Lëtzebuerg an den 30er Jore gouf a ganz Europa als Piratesender beschriwwen, well e kommerziell Programmer gemaach huet a Reklamm ausgestraalt huet. Dat huet deenen aneren net geschmaacht", seet den Andreas Fickers.

Et muss een den Ënnerscheed maachen tëscht der Radiosfrequenz an de Radiowellen.

D'Frequenze gi pro Staat verdeelt. D'Radiowelle vun där Frequenz stoppen awer natierlech net bei de Landesgrenzen. An den 20er Jore gouf et haaptsächlech Laangwellen, an den 30er Jore koume Kuerzwellen dobäi.

"Kuerzwell goung jo ronderëm déi ganz Welt. Dat konnt ee guer net kontrolléieren."

Den FM-Radio oder Ultrakurzwellenfunk koum eréischt an de 50er Joren. Bis an d'50er Jore war Radio dowéinst op Laang- a Mëttelwell weltwäit ze empfänken. Dat erkläert och, firwat Radio ee wierklecht transnationaalt Phenomen war. Net nëmme wat d'Reguléierung vun de Frequenze betrëfft, mee och den Empfang vu Programmer.

Instrumentaliséierung a Propaganda

An déi Programmer hätten dunn och deelweis eng Instrumentaliséierung a propagandistesche Charakter gehat. An déi huet vill méi fréi ugefaangen, wéi een dat kéint mengen, seet den Andreas Fickers.

D'Sovietunioun war deen éischten Acteur, dee friemsproocheg Sender a Programmer opgebaut huet. Dës Senderen hu vu Moskau aus Sendungen op franséisch, däitsch an a villen anere Sproochen ausgestraalt, well se genee wossten, wat fir een Afloss Radio op d'Leit kann hunn.

"D'Nazie waren net déi éischt, déi dat gemaach hunn. Dat geet am Kale Krich weider, wéi d'Amerikaner Voice of America opgebaut oder och Radio Free Europe. Deelweis goufen dës Sendere vun der CIA finanzéiert."

Deemools wier vun zwou Säite probéiert ginn, fir politesch Propaganda iwwer den "Iron Curtain" ze schécken, sou den Andreas Fickers.

Hie schwätzt awer léiwer vun engem "Airy Curtain".

"D'Amerikaner hu Programm Richtung Oste geschéckt, d'Sowjetunioun an d'osteuropäesch Länner hunn dorop reagéiert."

Golden age vum Radio an Ultrakuerzwell

De Golden age vum transnationale Radio war tëscht 1920 an 1970. Beispill hei RTL mat sengem engleschen, hollänneschen an däitsche Programm, déi e grousse Succès kannt hunn. So hat den engleschen RTL dräimol méi Nolauschterer wéi d'BBC.

No der Laangwell, der Kuerzwell an der Mëttelwell koum d'Ultrakuerzwell FM. Déi hat eng vill besser Qualitéit, mee och manner Reechwäit. D'Radioen hu sech domat och vun transnationalen zu regionalen a lokale Radioen zeréckentwéckelt.

An hautdesdaags mam Radio iwwer den Internet?

Déi aktuell Situatioun wier schwéier mat där vun den transnationale Radioe vu fréier ze vergläichen, seet den Andreas Fickers.

"Et gëtt keng Synchronitéit méi, déi wichteg ass. Haut kann een e Podcast lauschteren, egal wou een ass."

De gréissten Ënnerscheed ass awer, datt Radiostatiounen hautdesdaags an de meeschte Fäll keng Messagë méi a Richtung Ausland wëllen transportéieren, de missionareschen Usproch ass net méi do.

Haut ka jiddwereen iwwerall op der Welt säin "Heemechtssender" lauschteren. A sou gesinn huet dat dann och en transnationale Charakter.