Radioen

On air

Notturno  |  Darcy James Argue's Secret Society - Ebonite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viruerteeler géintiwwer dem Juddentum ofbauen

Gesellschaft

Viruerteeler géintiwwer dem Juddentum ofbauen

Iwwer den europäeschen Dag vun der jiddescher Kultur an dem Patrimoine kann een indirekt Viruerteeler iwwer d'Judden ofbauen a géint den Antisemitismus agéieren, seet de François Moyse, vum Lëtzebuerger Consistoire Israélite. 30 europäesch Länner organiséiere mat der Ënnerstëtzung vum Europarot zanter 20 Joer, déi Deeg. D'Zil ass et de Bierger déi jiddesch Kultur an d'Gebräicher méi no ze bréngen.

auto_stories

2 min

Zu Lëtzebuerg ginn et am Kader vum europäeschen Dag vun der jiddescher Kultur an dem Patrimoine eng Rëtsch Aktivitéiten. Proposéiert ginn ënner anerem d'Visitt vum fréiere Kierfecht vu Clausen, Malakof, dee rezente Mémorial Kaddisch no bei der Kathedral, grad wéi d'Visitt vun der Synagog a vum rituale Bad. Donieft ginn an Europa Concerten organiséiert, fir och d'Traditiounen, de Folklor an déi jiddesch Musek ze weisen. D'Zil ass fir ze weisen, datt d'Judde sech an der Gesellschaft ëmmer gutt integréiert hunn. Hir spezifesch Gebräicher an Traditiounen hunn der Gesellschaft och eppes bruecht, ënnersträicht de François Moyse vum Lëtzebuerger Consistoire Israélite.

Indirekt géint den Antisemitismus handelen

A verschidde Länner, déi d'Journée de la culture et du patrimoine juif mat organiséieren, gesäit een datt den Antisemitismus zouhëlt. Déi Tendenze wiere kloer, seet de François Moyse.

"Den Antisemitismus verschwënnt net, mee e verstäerkt sech. Mir agéieren u sech net direkt géint den Antisemitismus, mee et ass eng aner Manéier indirekt géint d'Viruerteeler vir ze goen an deem een d'Méiglechkeet gëtt de Juddentum an d'Gebräicher kennen ze léieren. Dat ass eng gutt Manéier fir datt d'Judden net als Auslänner, als friem oder als komesch Leit do stinn. Mee datt een de Leit ka weisen, dass et Bierger si wéi aner och, déi eng Spezifizitéit hunn."

Net nëmme politesch Aktiounen

De Consistoire Israélite géif sech wënschen, datt et am Kampf géint den Antisemitismus net nëmmen um politesche Plang Aktioune gëtt.

"Mir probéiere souv ill Länner a sou vill Acteure mat an dee Programm ze kréien, wéi méiglech, fir datt ee sou wäit wéi méiglech a sou vill wéi méiglech de Leit déi verschidde Facetten vum Juddentum weise kann. Viruerteeler ginn dann zréck."

An Europa gëtt et eng grouss Diversitéit

Et gëtt an Europa eng grouss Diversitéit. Et ginn aschkenasesch Judden an Däitschland an an Ost-Europa. De sephardesche Juddentum ass méi a Spuenien oder Portugal a Frankräich present. Mee egal wéi ginn et Gemeinsamkeeten, ënner anerem d'Thora an d'Bibel, seet de François Moyse.


De Bäitrag vum Carole Schimmer:

Lauschterenplay_arrow