Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Januar 1941

Zäithistoriker

Januar 1941

Ufanks 1941 huet de Grouss-Rabbiner Robert Serebrenik e Rapport fir d'Exilregierung geschriwwen, an deem en op d'Resistenz vun der Bevëlkerung insistéiert an d'Situatioun vun de Judden relativéiert huet. Deen Text ass vill méi zweedeiteg, wéi een dat no enger éischter Lektür kéint mengen.

auto_stories

6 min

Den Zäithistoriker Vincent Artuso. Foto: Archiv

Den 23. Januar 1941 huet den éischte Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte an der Occupatioun stattfonnt. Fir verschidde Lëtzebuerger war et wichteg fir dee bis dohinner wichtegen nationale Feierdag iergendeppes ze maachen - sief et just eng diskret Party ze organiséieren. Et war eng Aart a Weis der neier Uerdnung ze trotzen. Dem Naziregimm war dat, engem deemolege Bericht no, net entgaangen:

"Am 23. Januar feierte die Bourgeoisie Luxembourgeoise den Geburtstag der Großherzogin. Man zog den Smoking an, die Damen die Grande Toilette und lud Freunde zum Essen zu sich ein. Wie üblich war die Patisserie von Namur, Kuntgen, Kaempf-Kohler etc. Das Obst vom Jardin d'Espagne und die Traiteure, die bekannten, lieferten das Hors d'œuvre. Angestellte genannter Firmen übergaben der Gestapo die Liste der Bestellungen und die genaue Adressen. Gegen 10 Uhr abends erschienen, in 400 Wohnungen überfallartig, zu gleicher Zeit, teils mit Schlüsseln aufmachend, teils die Türen aufbrechend, die Gestapo und überraschte die im geheimen Feiernden und hunderte von Luxemburgern wurden verhaftet und ins Gefängnis gebracht. Immer wieder nachdem sie vorher in der Villa Pauly die üblichen Torturen ausgehalten hatten. Dr. Clees Vic, Dr. Kuborn, Weihnachter Tid und andere sind noch immer inhaftiert."

En héich vertraulechen Text

De Rapport, an deem dëse Passage ze fannen ass, war vum Robert Serebrenik, dem Grouss-Rabbiner vu Lëtzebuerg, verfaasst ginn, warscheinlech ufanks Februar 1941. En ass awer réischt den 28. Abrëll bei sengem Destinatär ukomm, dem Joint oder JDC, eng jüddesch Hëllefsorganisatioun - haut géif een NGO soen - déi zu New York baséiert war.

Den Joint huet d'Flucht vu Judden aus Europa organiséiert a finanzéiert. Et ass dowéinst unzehuelen, datt e Flüchtling aus Lëtzebuerg, no enger wochelaanger Rees iwwer dat besaten an onbesate Frankräich, duerch Spuenien a Portugal, an dann iwwer Lissabon mat engem Schëff Richtung New York, de Rapport vum Rabbi Serebrenik an Amerika matbruecht huet.

Den 13. Mee 1941 huet den Joint der Lëtzebuerger Exilregierung eng englesch Versioun vum Schreiwes op Montréal adresséiert a se gebieden, se no der Lektür zeréckzeschécken. Dat Dokument war vertraulech an héich sensibel, säin Auteur wier a Liewensgefor geroden, wann déi Däitsch dovunner gewosst hätten. Anscheinend huet d'Exilregierung awer eng Kopie gehalen. Déi ass am Nationalarchiv, am Fong Gouvernement en Exil ze fannen.

Wat ass den 23. Januar 1941 passéiert?

D'Ministere ware warscheinlech berouegt ze liesen, datt d'Lëtzebuerger, wéi dat och am Rescht vum Text ophand vu weidere Beispiller bewise gëtt, hirer Heemecht an hirer Herrscherin trei bliwwe waren. Si ware vermuttlech och impressionéiert ze liesen, datt däitsch Polizisten honnerte vu Wunnengen vu Leit aus der sozialer Elitt gestiermt haten. Wann dat wouer war, da ware vill vun hire Bekannter, warscheinlech och Familljememberen verhaft a gefoltert ginn.

De Problem ass awer, datt den SD, de Sicherheitsdienst, déi Verhaftungen an de sougenannten "Lage- und Stimmungsberichte", deen en all Woch geschriwwen huet, net erwäänt. Dobäi hat dee Noriichtendéngscht vun der Nazipartei naturgeméiss éischter d'Tendenz all Form vun Oppositioun peinlechst ze registréieren. An déi sinn zu deem Zäitpunkt anscheinend ëmmer méi sëlleg ginn:

"Die luxemburgische Widerstandsbewegung sei nach wie vor sehr aktiv", war am Rapport vum 2. Februar 1941 ze liesen: "Nach aussen hin werde diese Tatsache in der Zunahhme staatsfeindlicher Äusserungen, in der Verbreitung von Gerüchten, in der Verwendung von Hetzschriften, in der Anbringung deutschfeindlicher Inschriften, in dem Abhören von englischer Sender und der Weiterbringung der Parolen der englischen Lügenpropaganda erkennbar."

Mee den 23. Januar war anscheinend alles roueg. D'Resistenz hat Tracte verdeelt, op déi dem SD no folgend Warnung stoung: "Bleib zu Hause, an diesem Tage beherrschen die Preissen die Strasse." De Bëschof hat och geroden deen Dag all Form vu Provokatioun ze ënnerloossen.

Eng - heiansdo ambivalent - Kloerstellung

Déi Evenementer, déi deemools vun der däitscher Police ënnerbrach goufen, hate jo och net op der Strooss stattfonnt a ware streng gesinn och net ëffentlech. De Grouss-Rabbiner Serebrenik huet se warscheinlech net erfonnt, mee éischter staark dramatiséiert. Firwat? Vläicht wollt en e positiivt Bild gi vun engem Milieu, op deen en ugewise war.

Säi Rapport fänkt jo och direkt mat enger Apologie un; eng - heiansdo - ambivalent Kloerstellung par rapport zu enger Ried vum Josef Bech, déi d'BBC ebe grad den Dag vum Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse ausgestraalt hat:

"Die Rede des luxemburgischen Aussenministers Bech vom 23. Januar wurde in Luxemburg gehört und hinweisend auf den Satz, wo Bech es bedenklich findet dass nach Aussage des Gauleiters Simon - 55.000 eingeschriebene Mitglieder in der Volksdeutschen Bewegung sich befinden - was naturgemäss das Interesse der Engländer und Amerikaner an der Wiederherstellung eines unabhängigen Luxemburg schwächen musste, nachstehender Bericht: Der Widerstand der Luxemburger ist vor allem innerlich, d.h. in der Gesinnung und in der moralischen Haltung ein vorbildlicher. Wenn er sich auch nicht äusserlich demonstrativ wirksamer Weise Platz machen kann. Der Luxemburger, gleichgültig, ob er Privatmann, unabhängiger Kaufmann, Angestellter, Bauer, Arbeiter oder öffentlicher Beamter ist wird [...] angehalten, in die Volksdeutsche Bewegung einzutreten. Im Weigerungsfall verliert er nicht bloss seinen Posten oder seine Stellung oder wird von den wirtschaftlichen Quellen abgeschnitten."

An do schreift den Auteur, tësche Klameren folgend Bemierkung:

"(was viele materiell gesicherte Menschen etwa tun könnten und was ihnen auch im Sinne der Forderung einer heroischen Haltung verlangt werden könnte) - sondern es wird den sich weigernden erklärt, dass alle in diesem Falle das Land verlassen müssten, weil für sie in dem "deutschen Luxemburg" kein Platz mehr wäre. So ist es leicht begreiflich, dass unter diesen Umständen der Luxemburger zähneknirschend sich fügt, den Aufnahmezettel unterschreibt und damit eine Formalität erfüllt."

Ambivalenzen a Géigesätz

Et ass interessant, datt de Rabbi Serebrenik an dësem éischten Abschnitt vu sengem Rapport déi ënnerlech Resistenz vun der ganzer Bevëlkerung ënnersträicht, mee dann trotzdeem ënner Klamere bemierkt, datt déi räichst, déi déi also no sengen eegenen Aussoen den 23. Januar 1941 eng Party geschmass haten, sech net heroesch genuch géife verhalen. Déi Ambivalenz fält och op, wann een den éischten Abschnitt mam leschte vergläicht, an deem dat heite steet:

"Es ist bedeutsam, sich zu Bewusstsein zu bringen, dass die katholische Bevölkerung psychisch, wie physisch, mehr zu leiden hat als die Juden im Lande. Die Letzteren sollen bloss zur Gänze ausgetrieben werden und diese Austreibung wird mit den erschreckendsten Einschüchterungsmethoden betrieben. An den ersteren aber will man eine Mission erfüllen, und sie im Lande haltend, zu den Idealen "Deutsch" (sic.) machen."

Am Ufank vun sengem Rapport schreift de Serebrenik, datt d'Lëtzebuerger - domadder mengt en d'kathoulesch Lëtzebuerger - sech just scheinbar dem Besatzer ënnerworf haten, well se keen anere Choix haten. Si wiere soss aus hirem eegene Land verdriwwe ginn. Zum Schluss awer ënnersträicht en, datt d'Katholicken vill méi gelidden hu wéi d'Judden well si, am Géigesaz zu deenen, d'Land net hunn dierfte verloossen.

Wat war déi gréisst Tragedie?

Wat war also elo d'gréisst Tragedie vun där Zäit? Forcéiert ginn ze goen, oder ze bleiwen? Dem Robert Serebrenik säi Rapport ass vill méi ambigu, wéi een dat fir d'éischt kéint mengen. Hat hien e bewosst esou geschriwwen? Wie weess. Fest steet just, datt säin Text an enger besonnesch beweegter Period entstanen ass.

D'Lëtzebuerger Elitten hate sech tatsächlech an de Woche virdrun dem Naziregimm äusserlech ugepasst. Net nëmmen, well se Angscht haten, mee well se der Meenung waren, datt et keng Alternativ géif ginn. Ufanks 1941 huet hir Attitüd awer evoluéiert, well den däitschen Endsieg net méi esou sécher war. D'Luftwaffe war an der Schluecht ëm England vun der Royal Air Force geschloe ginn, an d'Italiener hunn a Nordafrika a Griichenland militäresch Katastrophen erlidden.

De Rabbi huet am ambivalente Kontext vum Januar 1941 dat geschriwwen, wat seng Kontaktpersounen, déi Säit vum Atlantik, liese wollten. 2.000 Judden ware condamnéiert Lëtzebuerg ze verloossen a wossten net wouhin. E war also op all Form vun Hëllef ugewisen.