Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japan: Loss of Population

Post vum Christiane

Japan: Loss of Population

Landwirtschaft huet oft ee schlechten Image - dobäi ass se mat villen Aspekter verbonnen - wéi Gesondheet, Biodiversitéit, Gerechtegkeet, Fairtrade, Klimawandel, Erosioun vum Buedem - an se liwwert dat, wat de Mënsch am meeschte braucht: Liewensmëttel. Mat dëser Serie, gi mir op d'Rees an kucken, wéi Landwirtschaft an anere Länner ass. Dës Kéier verschafe mir eis en éischten Abléck an Neiséiland op enger esou genannter Food-Tour.

auto_stories

10 min

Tokyo gehéiert mat zu de gréisste Stied op der Welt, mat ronn 37 Milliounen Awunner. Et ass de Sëtz vun der japanescher Regierung an dem Tenno, dem japanesche Keeser.

Tokyo ass un sech net wierklech schéin - faarflech dominéieren Téin wéi gro, beige, a brong, d'Architektur ass mol al, mol nei - mol kleng, mol grouss. Tëscht den Haiser ass eng Baulück vu ronn 30 cm, eng Pufferzone géint eventuell Äerdbiewen an aus dem gläiche Gronn sinn a Japan iwwerall d'Stroumleitungen iwwerierdesch.

Mee trotz senger Gréisst, den dichten, ausgedeenten Haiserschluchte gëtt et kaum Individualverkéier, déi meescht Japaner benotzen de Metro fir sech vun A no B ze deplacéieren - dowéinst ass och d'Loftqualitéit an dëser Milliounestad iwwerraschend gutt. D'Stroosse gehéieren éischter de Passanten an de Vëloen - sou parken och keng Autoe laanscht d'Trottoiren, mee a Parkhaiser.

Ufank Mee, zäitgläich zum traditionelle Kiischtefest, huet dëst Joer den Naruhito de Keesertroun vu sengem Papp Akihito, dee Japan ronn 31 Joer geleet hat, iwwerholl. Mat dëser neier Herrschaft huet a Japan och déi nei Zäitrechnung "Reiwa" ugefaangen. Den aktuelle japanesche President Shinzo Abe huet "Reiwa" als Fréijoersufank an Hoffnung no engem laangen däischtere Wanter bezeechent.

Tatsächlech waren déi lescht Joren net esou sonneg: Net nëmme koum et zum Platze vun enger Spekulatiounsblos mat engem Abroch vun der Wirtschaft. Am Mäerz 2011 war dunn dat fataalt Äerdbiewe mat dem katastrophalen Tsunami an der Nuklearkatastroph vu Fukushima.

Eng vun de groussen Erausfuerderungen, déi den neie Keeser ze meeschteren huet, ass déi héich Verscholdung vu Japan, eng vun den héchsten op der Welt.

Am Ëmweltberäich huet Japan massiven Nohuelbedarf. Sou falen am ostasiatesche Staat - laut Berichter - al Joer ronn 9,6 Milliounen Tonnen Offall un - mat enger Tendenz no uewen. Japan gehéiert weltwäit zu den zweet gréisste Plastikverbraucher pro Awunner direkt hanner den USA. An de Supermarchéë si praktesch all d'Liewensmëttel a Plastik verpaakt, och frëscht Geméis oder Uebst. A Japan schéngt Offall keen Thema ze sinn, kaum ee mécht sech Gedanken iwwer déi grouss Offallteppecher, déi d'Mierer verschmotzen. Dës Ignoranz kënnt wuel och dohier, datt den Offall quasi onsiichtbar ass, et gi keng Backen am ëffentleche Raum, säin Dreck muss en doheem entsuergen.

Een Deel vum Offall gëtt verbrannt oder begruewen - mee bis viru kuerzem goufen och ronn 70 Prozent dovun no China exportéiert. Mee zanter leschtem Joer huet China et ofgelehnt, dësen Offall ze importéieren, well China selwer eng Mëttelklass huet, déi ëmmer méi konsuméiert. Dat ass een Challenge fir Japan, well d'Land bis elo net gewinnt war, sech selwer em d'Endprodukter vun dengem Konsum ze këmmeren.

Mat enger Gesamtbevëlkerung vun 127 Millioune Mënschen huet Japan doriwwer eraus de Problem, datt seng Bevëlkerung am Duerchschnëtt immens al ass. Fir dem entgéint ze wierken, huet d'Land éischt Schrëtt ënnerholl, fir sech méi staark fir auslännesch Migranten opzemaachen. Experte schätzen de Bedarf un Aarbechtskräften op iwwer eng Millioun. Ee spezielle Visum soll Auslänner mat einfache Japanesch-Kenntnisser eng Beschäftegung vu bis zu fënnef Joer a verschiddene Branchen erméiglechen dorënner de Bau, d'Fleeg vun ale Leit an d'Landwirtschaft.

Et ass Mee, Fréijoer a Japan an d'Räisfelder gi grad mat Waasser gefëllt, ganz zur Freed vun de ville Fräschen.

Eppes wat direkt opfält an de japaneschen Dierfer: Et herrscht Landflucht. Just nach ronn véier Prozent verdénge mat der Landwirtschaft - virun allem dem Räisubau - méi schlecht wéi recht hire Liewensënnerhalt. Haut gi ronn zwee Drëttel vun de Liewensmëttel a Japan importéiert. Just beim Reis leit de Selbstversuergungsgrad nach ëmmer bei 100 Prozent.

Den Ubau vu Räis setzt och nach haut d'Kooperatioun innerhalb enger Regioun viraus, dat well Maschinnen a virun allem d'Waasservirkommes gedeelt ginn: D'Bewässerungssystemer waren traditionell esou ugeluecht, datt d'Waasser duerch déi verschidde Räisfelder no ënne gefloss ass. Op eege Virléifte konnt an dësem System net vill Rücksicht geholl ginn - den Interessi vun der Grupp stoung ëmmer am Virdergrond. Op dem berühmte japaneschen "Wa", der Verflichtung géintiwwer aneren, berout och - am positive wéi am negativen - déi japanesch Gesellschaftsstruktur. Räis ass also net nëmmen d'Basis vun all Moolzecht - mee och d'Basis vun der japanescher Kultur.

Déi meescht Räisfarme sinn haut just een hallwen Hektar grouss. Nëmmen aacht Prozent vun de lokale Betriber sinn iwwer zwee Hektar grouss. Fir de Maximum aus dëse klenge Flächen erauszehuelen, gëtt eng intensiv Landwirtschaft bedriwwen, grouss Menge vun Düngemëttel kommen zum Asaz. Statistike weisen, datt Japan just zwee Prozent vun de weltwäite Räisflächen huet - mee beim Verbrauch vun Düngemëttel wäit fir ass. An dat am Land, wou de Kyoto-Protokoll ënnerschriwwe gouf, deen 2005 a Kraaft getrueden ass, an deen déi éischte Kéier vëlkerrechtlech verbindlech Zilwäerter géint Zäregaser festgeluecht huet, den Haaptverursaacher vun der globaler Erwiermung.

An ganz Japan stinn Lautsprecher uechter d'Landschaft. Dräimol am Dag, moies, mëttes an owes, gëtt iwwer dës Speakeren eng Melodie gespillt fir den Ufank an d'Enn vun der Aarbecht unzeweisen oder Duerchsoen ze maachen.

Mir besichen eng Farm, déi sech bei der Stad Mizunami befënnt, ronn 340 km südlech vun Tokyo. De Betrib gehéiert dem Shige-San.

A siwe Gewächshäiser wuessen ënner groussen Drauweriewen, déi vun enger Pergola gestützt ginn, ronn zwanzeg verschidde Geméiszorten. Dernieft baut de Shige-San Shiitake-Champignonen un, verkeeft Amago-Séissswasserfësch an Holz un Privatleit an un néng verschidde Supermarchéen. Een Hobby vum Shige-San si seng Bonsai-Beem, déi hie selwer zanter Jore schneit. Säi Prachtstéck ass mëttlerweil 40 Joer al - an huet ee Wäert vu 500.000 Yen, ronn 5.000 Euro.

De Shige-San war säi Liewe laang am Gemengerot vun der Stad Mizunami mat hire ronn 38.000 Awunner aktiv. Säin Engagement huet him esouguer eng Unerkennung duerch de japanesche Keeser abruecht, op déi e stolz ass.

Zanter kuerzem huet hien d'Pensioun - an trotz sengen 71 Joer huet hien nach eng Zort landwirtschaftleche Gemeinschaftsprojet opgebaut, fir Mënschen op der Basis vun Agrikultur an dem Kachen zesummenzebréngen. E weidert Zil vu sengem Projet ass, eppes fir d'Beliewe vu Mizunami bäizedroen: Gouf et virun 30 Joer nach ronn 40 Keramik-Manufakturen a senger Stad, sou ass haut just nach eng hallef Dozent iwwreg. D'Aarbechter wieren ze deier ginn - verglach mam Ausland. Och wier d'Rohmaterial Toun mëttlerweil opgebraucht a misst deier importéiert ginn.

"Mizunami ...has a ceramic history of 600 years and until 30 years ago, there were many ceramic factories and many young people were working. However, many factories have gone bankrupt now and there is no place to work. The reason is that other south-east Asian countries produce cheaper ceramic products, and our ceramic products were not sold. Many young people went to other cities to look for jobs. Industrial production has fallen to one tenth of its peak."

Déi Jonk géifen all an d'Groussstied zéien, iwwreg wieren déi Al. Dës al Bevëlkerung ass dann och eng Belaaschtung fir d'Finanze vun der Stad - ronn een Drëttel vum Gemengebudget gëtt benotzt fir Strukture fir all Leit ze schafen.

"I think the average age of Mizunami city is around 48 years old. The number of young people has been decreasing year by year and the city is not lively. The number of the elderly people living alone has been increasing in Mizunami city... As welfare costs put pressure on Mizunami-city's budget, the city asks the families to take care of elderly people, and strive to reduce welfare costs."

Et gi Schätzungen, déi dovun ausginn, datt Japan déi lescht zwee Joerzéngte ronn 16 Milliounen Awunner verluer huet. Sou sn virun allem déi ländlech a suburban Regioune vu Japan voll mat eidelen Haiser, fir déi keen neie Besëtzer fonnt ka ginn oder déi just nach fir ee symbolesche Präis verkaaft ginn. Et ginn och ëmmer manner Jonk Leit, déi Haiser kafen, well déi meescht a grouss Stied plënneren an d'Famillen ëmmer méi kleng ginn.

De Shige-San lieft eleng an engem groussen Haus, mee ass am Géigesaz zu villen Noperen ni wierklech verlooss. Säi Projet invitéiert reegelméisseg Schoulklasse fir op Besuch ze kommen, zesummen am Gaart ze schaffen, frëscht Geméis ze plécken an duerno Pizza domat ze beleeën an ze deelen. Mee hien huet och vill internationale Besuch, Jonker, déi "Woofing" maachen, en fräiwëllege Stage op engem biologesche Betrib:

"Yes we accepted 54 woofers from 16 countries last year. This year we have already accepted 22 woofers from 11 countries from January to the end of April. As farming work has increased, it is the lack of manpower. Another reason is internationalization of city."

D'Bedeitung vum Wuert "WWOOFING" war ursprénglech "Working Weekends On Organic Farms". An den 1970er Joren huet d'Englännerin Sue Coppard ugefaangen um Weekend op biologesche Landwirtschaftsberiber ze schaffen - doraus gouf mat der Zäit en internationale Projet a ronn 200 Länner, dee sech haut "World Wide Opportunities On Organic Farms" nennt.

Während de Betrib Kost a Logis offréiert, stellt de Woofer seng Aarbechtskraaft ronn sechs Stonne pro Dag zur Verfügung. Am Mëttelpunkt steet dobäi den Echange: d'Kenneléiere vum Alldag vun engem Land, d'Schaffen an der Natur, d'Entdecke vun der lokaler Landwirtschaft.

Fënnef Wooferen hëllefe grad am Gaart vum Mister Shige, deele sech d'Aarbecht a kachen zesummen.

Nieft dem Florient aus Frankräich, hëlleft och d'Wing aus Hong Kong mat am Gaart. A sengem beruffleche Liewen, ass hat Pilotin vun enger Airbus A350. Fir hat bedeit Woofing virun allem raus aus der Groussstad:

"I want to go woofing because I like the nature and living in a city for like many years - so I want to get off the city go to some quiet place, which we cannot find in Hong Kong."

An do sinn och déi zwee jonk Thailänner, Poon an Fa, déi virun allem dat japanescht Iesse genéissen. De Shige-San leet ganz vill Wäert dorop senge Gäscht net nëmmen déi lokal Ubaumethoden, mee och d'japanesch Kiche bäizebréngen. Esou gëtt all Dag eppes anescht zesumme gekacht.

"We found that Japanese people are very disciplined and punctual, they are also very kind like our host Shige-San. He is 71 years old but he is still very healthy and he cooks us many kinds of Japanese food. And there are many kind of vegetables in Japanese cuisine. So we choose to work in this lovely farm to learn about agriculture."

De Shige-San wierkt mat sengem Projet zu Mizunami, bal wéi een Don Quichote, dee géint Wandmille kämpft. 65 Joer ass den Duerchschnëttsalter vun de Baueren.

"The average age of farmers is over 65 years old. The number of farmers has decreased year by year, and I think it is about 2,5 million now. I am worried that in the future there will be no more people in farming."

De Shige-San mécht sech Suergen. Joer fir Joer ginn d'Ubauflächen zeréck, Broochland entsteet. De japanesche Staat wëll d'Baueren ewech vun de klenge Betriber hin zu groussen Zesummeschlëss féieren.

"The government encourages to become large farmers, but the government does not quite well. It is also a problem that young people do not try farming."

Fir d'Zukunft vun der Agrikultur zielt de Shige-San dorops, datt Schoulen a modern Informatiounstechniken een Impakt kënnen hunn, fir Jonker erëm zeréck an d'Landwirtschaft ze kréien.

"Unfortunately I don't have a concrete solution yet, but. Think education and IT will be a hint."

Ob dat duer geet? Villäicht gëtt ee sech awer och am Land mam Kyoto-Ofkommes bewosst - datt grad virum Hannergrond vum Klimawandel, der Landwirtschaft eng enorm Bedeitung zoukënnt.