Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt

Sot Emol

Jean-Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt

Zanter iwwer 30 Joer stellt den Dokter Jean-Claude Leners een Deel vu sengem Congé a senger Fräizäit an den Déngscht vun anere Mënschen. De Generalist ass reegelméisseg am Asaz fir d'Gesondheetsversuergung vu Mënschen ze assuréieren, op Plaze wou dat eben net garantéiert ass.

auto_stories

2 min

De Jean-Claude Leners war mat der Associatioun "German Doctors schonn an Indien, dem Bangladesch a virun allem an de leschte Joren op verschiddene philippinneschen Inselen. En si manner Akutasäz wéi éischter Laangzäit-Projet fir déi de Jean-Claude Leners sech a setzt.

Et gëtt ee vill, mee et kritt een och vill

Bei esou engem Asaz ass de ganzen Dag derbäi, Pause fir ze iessen an ze drénken si wuel wichteg, mee gedanklech ass een de ganzen Zäit derbäi.

Duerch de Kontakt mat de Leit op der Plaz do kann een esou munches léieren an et léisst een och iwwerleeën. Zemools wéi enger Dignitéit déi Mënschen hir deels schwiereg Existenz an da kënnt deels och nach Krankheet derbäi meeschteren.

"Mat wéi enger groussen Zouversiicht unhuelen, wou mer hinnen dat och kënne ganz genau erklären an der dote Situatioun, do kënne mer ganz vill fir iech maachen. An da si Situatioune wou mer soen, do kéinte mer vill fir iech maachen."

Wat dann awer zemools wann e gréisser Interventioune wieren, déi net op der Plaz kënne realiséiert, och duerch finanziell Contrainte n eben net ginn. An och erdroen d'Mënschen dat mat grousser Dignitéit.

Et dierf ee sech selwer och net vergiessen

Et ass wichteg datt ee sech bewosst ass, wat esou eng Missioun bedeit, net nëmme vum fachlechen hir mä och d'Ëmgeréits. Ech muss ee bedenken datt et och kierperlech kann ustrengend sinn, vill trëppelen op schwéierem Terrain, d'Hëtzt, d'Loftfiichtegkeet, eng kierperlech Fitness ass sécher net vu Muttwëll.

"An dat kann een heiheem scho maachen, also relativ vill Fousstier ze maachen, ech hat de ganzen Ardenner oder Eisléck-Pad, dat heescht 18 Etappen déi een am Virfeld ka maachen. Dat ass esou bëssen en Terrain wéi dohannen, vill Bierg op an of."

Impfunge sinn wichteg

An dann eben och datt ee sech en adequaten an adaptéierten Impfstatus zouleet. D'Impfunge mussen top sinn, an och iwwert dat normaalt Impfe wéi zum Beispill Tetanus eraus.

"Mä och d'Tollwut muss geimpft sinn an esou weider. Also do muss ee scho seng Précautiounen huelen. Fir de Rescht denkt ee jo och u Malaria oder esou, mä do war an deene Géigenden nimools e Fall gewiescht."

De Jean-Claude Leners huet elo 68 Joer, an op d'Fro op schonn eng nächst Missioun geplangt huet, war seng Äntwert: Mol kucken, mä "Why not!"