Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"

Sot emol

Jean-Claude Schlim: "Ouni Passioun wier et net gaang"

De Jean-Claude Schlim ass fréiere Journalist a kuckt op eng Karriär vun iwwer 30 Joer am Filmsecteur als Filmtechniker, Regisseur, a Produzent zeréck. Hien ass eng vun de Referenzen am Lëtzebuerger Kino an huet bannent enger Zäit wou et weder eng Filmindustrie nach een Tax Shelter zu Lëtzebuerg gouf, Pionéieraarbecht geleescht.

auto_stories

3 min

Haut ass hien houfreg drop bei den Ufankszäiten dobäi gewiescht ze sinn, a qualifizéiert sech selwer als Veteran, a säi CV temoignéiert vun impressionnante Realisatiounen, als line an executive producer, fir Lëtzebuerger Filmer an international Co-Produktiounen an huet esou och grouss international Kinosgréisste begéint.

"Jo mee dat huet mech ni impressionéiert. Fir mech waren dat Schauspiller wéi all aner, an natierlech ass et e bëssche komesch wann s du op ee mol mam Al pacino schaffs, oder mam William Dafoe, mam John Malkovich, oder den Nicolas Cage kënnt an däi Büro eran, an dann denks du op ee mol 'oh ma wat ass deen awer kleng'. Dat kann dech an der Aarbecht guer net impressionéieren dat ware wierklech gutt Zesummenaarbechten, wou s du gutt Souveniren hues. Ech ka mech ëmmer nach un den Al Pacino erënneren, dat war wierklech esou ee léiwe feine Männchen. En huet mech eng kéier a seng Karawann komme gelooss - well de Grand-Duc op den Tournage kucke komm ass - en huet mech extra an d'Karawann komme gelooss, fir mech ze froen wat hien dann elo misst als Referenz maachen a wéi hien de gudden Här da misst uspriechen. Dat huet déi Amerikaner dann och impressionéiert, datt mir dann hei zu Lëtzebuerg an deem klenge Ländchen... Neen dat war eng ganz schéin Zäit, do si vill grouss Staren hei an an aus gaangen, zu enger Zäit wou mer eigentlech net vill ze bidden haten, och nach professionell warscheinlech nach an eisem Ufanks Schong gestach hunn. Mee mir hunn deemools wierklech mat Passioun geschafft. Et ass ganz vill mat Passioun geschitt."

"Ech wollt kee Matleed"

2009 huet hie säin éischten eegene Film House of Boys erausbruecht, an deem d'Haapttheemen Homosexualitéit an AIDS an den 1980er Jore sinn. Domat huet hien een international héich acclaméierte Film signéiert. Dem Jean-Claude Schlim säi bis ewell eenzege Film, huet als éischte Film zu Lëtzebuerg HIV an AIDS thematiséiert a gewisen. Deemools ass souguer vu Courage geschwat ginn, dee Film ze weisen. Parallel huet hie säi symboleschen zweete coming out gemaach a mat der Sortie vum Film annoncéiert HIV-positiv ze sinn.

"Ech sinn zanter 32 Joer HIV-positiv an ech mengen ech hu kengem et wëlle soen, well ech och kee Matleed wollt. Wéi ech diagnostizéiert gi sinn, war et eng Zäit wou s du vum Dokter net belu gi bass, du krus ganz kloer gesot du géifs stierwen et ass gesot ginn 'zwee, dräi, véier, fënnef Joer' mee d'Mortalitéit déi s du annoncéiert krus war 100 Prozent. Do huet keen dat schéi geschwat an dat war fir mech e bësschen ee Grond fir dat Ganzt emol ze verdrängen a mäi Liewe weider ze maachen, wéi ech Loscht hat et weider ze maachen."