Radioen

On air

Notturno  |  Modestine Ekete - Zing Ndana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jede Zeit hat den Kapitalismus den sie verdient"

Zäithistoriker

"Jede Zeit hat den Kapitalismus den sie verdient"

No den Offshore-Leaks (Abrëll 2013), de Luxemburg-Leaks (Abrëll 2014), de Swiss-Leaks (Februar 2015) ginn d'Panama Papers e weideren Abléck an d'Kulissen vum Finanzmaart-Kapitalismus. Eng Geleeënheet fir den Zäithistoriker Denis Scuto sech historesch mat der Entwécklung vum Kapitalismus a senger Kritik ze beschäftegen:

auto_stories

15 min

"Wenn sich die Systemfrage aufdrängt. Panama papers: Auswüchse des Turbokapitalismus", huet d'Tageblatt d'lescht Woch getittelt, wéi eng geleakt Sammlung vun 11,5 Milliounen Dokumenter iwwer d'Süddeutsche Zeitung an den International Consortium of Investigative Journalists an der Welt-Ëffentlechkeet den Ausmooss vu Steierhannerzéiung iwwer Offshore-Gesellschaften zu Panama public gemaach huet.

Den Titel ass fir den Zäithistoriker ganz interessant, well en zweedeiteg ass. Wat ass mat "Systemfrage" gemengt? Soll hei e System, de Kapitalismus an senger aktueller historescher Form vum Finanz-, Finanzmaart- oder Investitoren-Kapitalismus, a Fro gestallt ginn an zu senger Beseitegung opgefuerdert ginn? Oder solle krass, konkret a systemesch Mëssstänn ugeprangert ginn? Gëtt zur Revolutioun opgeruff oder gëtt radikal Kapitalismus-Kritik gefuerdert?

Zur Revolutioun huet d'Tageblatt an senger 100-järeger Existenz eigentlech nëmmen ee Mol opgeruff, 1918-1919, wéi et d'Ofdankung vum Marie-Adelheid an d'Proklamatioun vun der Republik Lëtzebuerg gefuerdert huet. D'Zeitung huet soss éischter ëmmer nees viru revolutionäre Regimer, revolutionär am Sënn vun Alternativen zum Kapitalismus an demokratesche Regierungsformen, gewarnt. Sief dat Nationalsozialismus a Faschismus oder Kommunismus. Déi Alternativen hunn sech dann och historesch als méi schlecht erwisen, als dem Kapitalismus ënnerleeën, souwuel wat d'Produktioun vu Wuelstand wéi wat d'Erreeche vu méi grousser Fräiheet betrëfft. D'Tageblatt huet dat éischter wéi vill anerer erkannt, déi dozou zwee Weltkricher an ee Mauerfall gebraucht hunn.

Den Titel schéngt mer also éischter als Opfuerderung zur fundamentaler Kritik vun den aktuelle Verhältnisser am Kapitalismus ze verstoen ze sinn.

Net alles schlecht

Wéi de bekannten däitschen Sozial-Historiker an emeritéierte Professer un der Fräier Universitéit Berlin Jürgen Kocka an senger Geschichte des Kapitalismus vun 2013 schreift, gleeft haut, ausser vläicht e Grapp voll neoliberal Denker, kee méi, am Géigesaz zu de Philosophen vun der Opklärung, dass de Kapitalismus als Kraaft, déi ziviliséiert, net nëmmen d'Gesellschaft méi räich, mee och d'Mënschen méi fräi, méi friddlech an iwwerhaapt besser géing maachen.

De Kocka weist awer och, dass d'Kapitalismus-Kritik sech am Laf vun der Zäit verännert. Eng Rei Kritiken sinn iwwerlieft oder goufen un de Rand gedrängt. D'kathoulesch Sozial-Léier an de Poopst warnen zwar weiderhin virun der "Vergötzung der Märkte" a virun der "radikaler kapitalistescher Ideologie", mee si hu sech distanzéiert vun der grondsätzlecher Kapitalismus-Kritik, mat hiren illiberalen an antisemiteschen Téin. Dem Marx seng Prognose vun der Proletariséierung, der Verelendung vun der Aarbechterklass, verbreeden och an der Gauche just nach e puer Illuminéiert.

E Minimum un historesche Kenntnisser an de Verglach mat den net oder wéineg kapitalisteschen Jorhonnerten virun 1800 weisen déi enorm Fortschrëtter, déi an der kapitalistescher Welt virun allem fir all déi, déi net der ieweschter Schicht vun der Gesellschaft ugehéieren, a punkto materiell Situatioun realiséiert gouf. Gewonne Liewenszäit a Gesondheet, Fräiheeten, d'Villfalt vu méigleche Liewensweeër a Famill, Aarbecht a Fräizäit. E Fortschrëtt, deen awer just méiglech war, well d'Montée vum Sozialstaat vu Enn vum 19. Jorhonnert un, de Kapitalismus selwer ziviliséiert huet.

Kapitalismus-Kritik

Dofir sinn anerer a genee sou fundamental Kritiken dobäikomm an d'Affär vun de Panama Papers ënnersträicht wéi pertinent se sinn. Et gëtt op systemesch Mëssstänn higewisen, wéi déi "strukturéiert Verantwortungslosegkeet" am Finanzsecteur, wou d'Entscheedung an d'Astoen fir d'Konsequenzen vun deenen Entscheedungen, näischt méi mateneen ze dinn hunn. D'Finanzmanager säckelen d'enorm Gewënner an, iwwerdeems déi enorm Verloschter, wéi am Fall vun de Banken och hei am Land an der Finanzkris no 2008, vun der ëffentlecher Hand also vum Steierzueler iwwerholl ginn. Nom Motto "too big to fail".

D'Kritik riicht sech donieft géint d'Inegalitéiten, déi als Follech vum Kapitalismus wuessen. Akommes- a Verméigens-Inegalitéiten an de westleche Länner: Wéi dëser Deeg souwuel d'Chambre des Salariés an hirem Sozialpanorama, wéi d'Caritas an hirem Sozialalmanach ënnersträichen, geet d'Akommes-Schéier weider op an den Ënnerscheed tëscht héijen an niddrege Revenuen hëlt zou. Zu Lëtzebuerg, mee och soss an Europa. Op Weltniveau hunn d'Inegalitéiten tëscht westleche Länner an dem Rescht vun der Welt zougeholl, als Resultat vum Industrie-Kapitalismus, deen d'Welt zënter dem 19. Jorhonnert charakteriséiert. Géigende wéi Japan, a méi rezent Südostasien a China hunn opgeholl. Aner Regioune wéi d'Afrique subsaharienne hunn nach méi Réckstand krut. 25 Milliounen Amerikaner (déi 10 % räichsten Awunner vun den USA) sinn esou räich wéi 2 Milliarden Persounen (d. h. déi 43 % äermsten Awunner vun eisem Planéit). Déi Entwécklung kann een relativ einfach all Joer dank de jäerleche Rapporten iwwert den développement humain vun der UNO an den Indexen, déi zënter 2010 och d'Inegalitéiten versichen ze moossen, suivéieren.

Eng aner Analys, déi Marx an Engels, 1848 an hirem Manifest der Kommunistescher Partei gemaach haten, ass weiderhin aktuell: "Die fortwährende Umwälzung der Produktion, die ununterbrochene Erschütterung der gesellschaftlichen Zustände, die ewige Unsicherheit und Bewegung zeichnet die Bourgeois-Epoche vor allen anderen aus." Et fënnt een dës Analys erëm an der haideger Kritik um kapitalistesche System: seng dauernd Onsécherheet, de permanenten Innovatiouns-Drock, sozial a kulturell Identitéiten, déi ëmmer nees nei verhandelt musse ginn an déi extrem Individualiséierung, déi soziaalt Liewen a Fro stellt an zu Vereinsamung féiert.

An eng ähnlech Richtung geet och d'Kritik un der Zerstéirungswut an der selbstzerstéirescher Dynamik vun engem Kapitalismus, deen op permanente Wuesstem an dauernd Expansioun setzt, op Käschte vun Ëmwelt a Klima, op Käschte vu Solidaritéit a vu Sënn. Dee selwechte Widdersproch besteet tëscht dem universalisteschen demokrateschen an humanitären Usproch an engem Kapitalismus, dee sech ëmmer nees demokratescher Kontroll a moralesche Kritären entzitt.

Kapitalismus zu Lëtzebuerg

Wéi verbreet déi kritesch Haltung ass, huet an der selwechter Tageblatt-Nummer vum 5. Abrëll 2016, eng kleng Ëmfro gewisen. D'Revelatioune vun de "Panama Papers", wéi déi Räich an déi Mächteg vun dëser Welt hiert Verméigen um Fisk laanscht schleisen ware fir 94 % vun de Lieser, déi sech un der Ëmfro bedeelegt hunn, keng Iwwerraschung.

Vläicht huet et se net verwonnert, soen ech mer als Zäithistoriker, well se zwar net onbedéngt d'historesch Analysen vun engem Jürgen Kocka oder Ralf Dahrendorf oder Karl Polanyi kennen, mee an engem Land liewen, Lëtzebuerg, wou se an de leschte 50 Joer selwer den epochale Wandel, innerhalb vun deem wat de Kocka ëmmer nach, menger Meenung no zu Recht, Industrie-Kapitalismus nennt, mat erfuer an och verstanen hunn: de Wandel vum "Eigentümer- zum Managerkapitalismus" a vum "Manager- zum Finanzkapitalismus.

Fir just ee Beispill ze nennen: Déi déi al genuch sinn, hunn an de leschte 50 Joer anengems den Héichpunkt an de relative Réckgang, op d'mannst zu Lëtzebuerg vun deem Betrib erlieft, deen eng vun de wichtege Stäipen vun der Lëtzebuerger Wirtschaft am 20. Jorhonnert war: de Stolkonzern Arbed. Entstanen als Inkarnéiere vum Iwwergank vum Eigentümer- zum Managerkapitalismus, mat de Famille Metz an Tesch, déi d'Kapital bereet stellen, mee wou relativ fréi Kooperatioun mat anere kapitalstaarke Partner a mat Banken eng Roll gespillt huet. Am Iwwergank zu enger ëmmer méi grousser multinationaler Kapitalgesellschaft si Lienen tëscht de Famille vu Pionéier-Entrepreneuren an der Entreprise bestoe bliwwen, iwwerdeems Manager eng ëmmer méi grouss Roll gespillt hunn. Déi waren zwar net onbedéngt familiär un de Konzern gebonnen, mee hire perséinlechen Erfolleg als Manager ass enk un den Erfolleg vum Konzern gebonne bliwwen, schonn eleng well en Deel vun hirem Manager-Revenu erfollegs-ofhäng war.

An den 1990er Joren an dono hu mer den Iwwergank zum Finanzkapitalismus dunn materlieft. Der Rupture am Fall vun der Arbed sinn ech perséinlech mer 1999 no enger Table ronde zur Zukunft vu Lëtzebuerg op RTL bewosst ginn. No der Table ronde, beim Patt, huet en Haaptmanager vun der Arbed mer dat neit wirtschaftlech Ëmfeld vun der Arbed esou beschriwwen: "Där musst Iech virstellen, Här Scuto, d’nächst Woch muss ech op New York op d’Wall Street pilgeren an engem jonke Broker, deen 80 Milliarden Dollar Pensiounsfongen geréiert erklären, wéi vill Benefice d’Arbed an den nächste sechs Méint opwërft. An dee Finanzmann interesséiert eis laangfristeg industriell Strategie rose wéineg an eis Aktie ginn ënner Wäert un der Bourse gehandelt." Wat d’Globaliséierung vun de Finanzmäert fir d’Zukunft vun der Arbed bedeit huet, wësse mer haut.

Zukunft ass op

Geneesou wéi mer haut wëssen, dass den haidege Finanzmaartkapitalismus mat senge groussen Investment- a Pensiounsfongen, wéi de Kocka et beschreift, steet fir d'Zouspëtze vun senge Zieler op kuerzfristege Profit bei gläichzäiteger Indifferenz géintiwwer allen aneren Ziler, fir d'Erausléisen vum wirtschaftlechen Handelen aus soziale Kontexter, fir d'Investitioun net fir produktiv Zwecker mee fir Spekulatioun, dat Ganzt erméiglecht duerch eng wirtschaftsliberal Deréguléierungspolitik, fir déi USA an England an de 70er an 80er Joren d'Weiche gestallt hunn.

Vläicht huet d'Tageblatt mat der "Systemfrage" och d'Fro wëlle stellen, ob d'international Staategemeinschaft eescht wëll maachen mat der Re-Reguléierung vum Finanzsecteur, eng Fro déi jo och fir d'Bankeplaz Lëtzebuerg zentral ass. Un d'neoliberaalt Dogma vun der Selbstreguléierung vun de Finanzmäert gleeft jo zënter der Finanzkris vun 2008 just nach de Kleeschen. Mee d'Institutiounen an d'Moossnamen fir eng Reguléierung duerchzesetzen, gesäit een nach keng um Horizont. Am Moment si mer wéineg iwwerrascht, wa mer d'Konsequenzen vun der Dereguléierung an engem weidere Skandal entdecken. D'Zukunft ass op, wéi de Jürgen Kocka et an sengem Ausbléck ausdréckt:

"Der Kapitalismus lebt von seiner sozialen, kulturellen und politischen Einbettung, so sehr er sie gleichzeitig bedroht und zersetzt. Er kann lernen, diesen Vorzug teilt er mit der Demokratie. Er kann durch politische und zivilgesellschaftliche Mittel beeinflusst werden, wenn diese nur stark und entschieden genug sind. (...) In gewisser Hinsicht hat jede Zeit und jede Zivilisation den Kapitalismus, den sie verdient. Gegenwärtig sind überlegene Alternativen zum Kapitalismus nicht erkennbar. Aber innerhalb des Kapitalismus sind sehr unterschiedliche Varianten und Alternativen denkbar und zum Teil auch beobachtbar. Um ihre Entwicklung geht es. Die Reform des Kapitalismus ist eine Daueraufgabe. Dabei spielt Kapitalismuskritik eine zentrale Rolle."