Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jo Kox: Et muss ee virwëtzeg sinn!

Sot emol

Jo Kox: Et muss ee virwëtzeg sinn!

De Jo Kox ass éischte Conseiller am Kulturministère a war och chargéiert de Kulturentwécklungsplang auszeschaffen an ëm ëmsetzen. Hien hat ee räicht Beruffsliewen, a war an ass ëmmer fir nei Erausfuerderungen op.

auto_stories

2 min

De Jo Kox war administrativen Direkter vum Casino-Forum d'Art contemporain, hien huet de Gruppement vun de Stater Muséeë mat lancéiert, President vum CEPA a FOCUNA an nach virdru war am Tourismus aktiv, notamment als Chef Guide bei Luxair Tours:

"Jo wat wichteg ass, fir d'éischt muss een emol virwëtzeg sinn. A wann een net virwëtzeg ass fir nei Saachen ze entdecken, da spréngt een forcement jo och net op den éischten Zuch dee laanscht fiert. (...) All Kéiers, wann eng nei Opportunitéit sech ergëtt, dann einfach kucken: wat kënne mer dorausser maachen."

"Wéini soll een ophalen?"

Nodeems de Jo Kox als Direkter am Casino opgehalen huet, ass em schonn de Gedanke vun der Pensioun duerch de Kapp gaangen, besonnesch well och d'Gesondheet sech gemellt hat. Mee datt de Jo Kox vill méi lues géif trëppelen, do konnt ee schonn Doutten hunn.

"Ech hat guer kee Plang dono, voilà, ech hu gemengt, wäert schonn iergendee mech eng Kéier froen. Et war zwar net onbedéngt ganz erfreelech Doheem, ech menge Kanner, déi op der Uni waren. Et hänkt jo awer och da vun de Finanzen of, et hänkt vu villem of, mee et war mir einfach dono. Et ass besser et geet een deen Ament, wou et schéin ass"

"Spill net d'Schwéiermamm"

De Jo Kox huet als Direkter vum Casino opgehalen a gläichzäiteg ass och de Paul Reiles als President vum Casino-Verwaltungsrot gaangen. An deen huet dem Jo Kox e Rot mat op de Wee ginn, an zwar: E soll awer oppassen a net ufänken d'Schwéiermamm ze spillen.

"Wat ech och et gemaach hunn. Ech ënnerstëtzen all Aktivitéit vum Casino a si mam ganzen Häerz derbäi. Mee automatesch hëlt ee seng Distanz fir einfach ze soen: Laissons la place aux autres!"

Et wier schéin nach ëmmer kënnen zeréck ze goen a sech wuel ze fillen, seet de Jo Kox. Et kéint een zeréck, mee et misst een och lass loossen.