Radioen

On air

De Moien  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kachrezepter mat Politik: Esou huet Fraen-Radio an de 50er geklongen

Zäitspuer: Episod 3

Kachrezepter mat Politik: Esou huet Fraen-Radio an de 50er geklongen

Fraen um Radio ze héieren ass haut zimmlech normal. Dat war awer net ëmmer esou: An der neier Zäitspuer-Episod kënnt dir iech ulauschteren, wéi Sendunge fir Fraen an de 50er Jore geklongen hunn.

auto_stories

1 min

Original Opnamen aus der Zäit vun de 50er Jore ginn et praktesch keng méi. Déi meescht Radio-Emissioune sinn deemools nämlech live iwwer d'Antenn gaangen, ouni datt e Band matgelaf ass.

D'Historiker Jens van de Maele a Julia Harnoncourt hu fir d'Online-Ausstellung "Minett Stories" awer nogestallt, wéi Fraen-Radio sech an de 50er Joren unhéieren huet. Eraus komm ass d'Audio-Stéck "Zuhause mit Ketty und Catherine".

Wéi ass dat Stéck entstan? A wat seet et iwwer déi gesellschaftlech Stellung vun de Fraen direkt nom zweete Weltkrich aus? Dat freet de Rick Mertens d'Julia Harnoncourt an der drëtter Episod vun der Zäitspuer.