Sprooch Kënne Politiker d'Sprooch markéieren?

Kann d’Politik d’Sprooch markéieren? Eng Fro, déi sech an Däitschland direkt e puer Sproochwëssenschaftler gestallt hunn. Well mat Ausdréck wéi “sad”, “tremendous” oder “fake news” steet den amerikanesche President an där Diskussioun ganz uewen.

Jean-Claude Majerus

Jean-Claude Majerus
Jean-Claude Majerus

Et héiert ee jo den Ament awer och dacks an Däitschland, datt d’Kanzlerin Angela Merkel u ville mëssleche Situatioune Schold ass, an do geet jo dacks vun der Flüchtlingssituatioun riets. Abee, um rietse Bord hat sech an deem Kontext eng Ausso festgesat, an zwar “Danke Merkel”, déi och nawell gäre vun den Adepte vun der AfD genotzt gouf. Ewell huet dësen Term awer och ee méi allgemenge Charakter kritt. Wann d’Pizza kal ass oder de Krimi op der Televisioun ass näischt, och dann heescht et gäre beim Otto-Normalverbraucher “Danke Merkel”.

Iwwerhaapt gëtt et den Ament villes aus der Politik, dat sech an der Alldagssprooch erëm fënnt, jee no deem wéi a wou een déi politesch Aktualitéit suivéiert. Wien elo vill iwwert den amerikanesche President Donald Trump liest, lauschtert oder twittert, ma dee kann d’Party Owes oder e Foussballmatch “sad” oder “tremendous” fannen, de Sproochwëssenschaftler Anatol Stefanowitsch gesäit awer nach net, datt dëst op déi grouss Mass offierft.

Den Trump war eng Zort sproochleche Katalysator

Wann een awer elo de Begrëff “fake News” hëlt, da géif ee sécher net esou vill driwwer schwätze wann den Donald Trump net wier. Den Trump war eng Zort sproochleche Katalysator. An et ass dem Anatol Stefanowitsch no och net richteg, dem Trump en niddrege Sproochenniveau z’attestéieren oder ze soen, datt hien d’Sprooch vun de Spillschoulkanner schwätzt, well déi eben net esou schwätzen.

De Stefanowitsch gesäit dem Trump seng Sprooch éischter abstrakt an et wieren hypnotesch Sproochmuster: “Inhaltsleer und etwas prahlerisch, vielleicht am ehesten wie bei spätpubertierenden männlichen Jugendlichen”, esou de Sproochwëssenschaftler.

Mécht den Trump et dem Kennedy no?

En anere Linguist, de Lutz Kuntzsch, beschäftegt sech beim Trump virun allem mat Wuertspiller. Hien hat der schonn an engem Aufsatz iwwert d’Wierder vum Joer 2016 opgelëscht. Bei der amerikanescher Wahl goung vun “Trumpologie”, vun “Trumpismus”, “Donaldismus” an “Trumpokalypse” riets. An dat wiere Wuertkreatioune vun de Medien mat enger awer nach ganz vager Bedeitung.

Den Donald Trump huet elo déi éischt Méint als President hannert sech, mee op en emol weltwäit bekannt Aussoe wéi den John F. Kennedy - mat sengem “Ich bin ein Berliner” - hannerléisst, hänkt den Ament vu senger zukünfteger Karriär of.

Den Thomas Niehr, Linguist vun Oochen, seet, datt et besonnesch, wa Sätz kuerz a präzis formuléiert sinn a wa sech an de Säz déi politesch Kontrovers erëm spigelt, d’Wahrscheinlechkeet grouss ass, datt se ëmmer nees zitéiert ginn, an doduerch ëmmer méi bekannt ginn. Beispiller dofir sinn: “Mehr Demokratie wagen” vum Willy Brandt, “Ich bin schwul und das ist auch gut so” vum Klaus Wowereit oder “Niemand hat die Absicht, eine Mauer zu errichten” vum Walter Ulbricht. An dëse Beispiller gi gesellschaftlech Kontroverse kuerz resuméiert an d’Meenung bannent der Kontrovers präzis genannt.

Antisprooch

Am Verglach domat wier dem Trump seng Sprooch eng Antisprooch, seet déi Münchener Politikwëssenschaftlerin Astrid Séville. Wierder wéi “sad”, “bad”, “sick”, “fake” géifen am Däitschen net fonctionnéieren, dat géif de Wieler veronsécheren.

Fir d’Astrid Séville ass d’Angela Merkel en Anti-Trump: dréchen, zeréckhalend, brécheg. Mam Trump ass d’Sprooch awer aus der Reality-TV an d’Politik komm. Mee vun der Angela Merkel wäert awer wuel ee Saz op ëmmer bleiwen. An zwar dee ronderëm d’Flüchtlingssituatioun an Däitschland: “Wir schaffen das”.

Méi zum Thema

WASHINGTON - CIRCA 2012 - Smithsonian National Air and Space Museum display of flight test version of the Tomahawk, a U.S. Navy long-range, subsonic cruise missile capable of being launched from surface ships and submarines.  General Dynamics built this m
US-Aussepolitik

Den Donald Trump wëll Stäerkt weisen an huet elo - mat senger Interventioun géint de syresche Regime vum Bashar al-Assad - säin éischte Krich als amerikanesche President.

RER - Trump.JPG
RIICHT ERAUS

Den Donald Trump ass fir vill vu senge Supporteren eng Anti-Establishment-Figur. Hien entouréiert sech awer mat Leit aus dem "alen" Establishment, sou eng vun de Konklusioun an der Emissioun "Riicht Eraus".

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Trendscheif

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen