Feminismus "Kann ech dech upaken?"

De Klischee vun enger Feministin ass bestëmmt all Mënsch bekannt: e puer Piercingen, d'Hallschent vum Kapp ass raséiert, Hoer un de Been a meeschtens een net ganz léiwe Gesiichtsausdrock.

Lara Bousch / cbi

Milena Steinmetzer
D'Milena Steinmetzer. Foto: Archiv

D'Milena Steinmetzer huet nach all hir Hoer um Kapp, heiansdo och un de Been, awer net ëmmer, a si laacht och mol ëfters.

D'Lara Bousch huet sech mat hir getraff, fir datt si den Dschungel vum Feminismus erkläert. Et gëtt hautdesdaags nämlech net nëmmen ee Feminismus, et ginn eng ganz Rei vu feministeschen Theorien, déi och munchmol ënnerenee streiden.

An der Mediathéik:

Generator / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

Thierry Simonelli Meenung
Fräie Mikro

Net all Gläichberechtegung ass gläich. Et gëtt en aktuell immens populäre Feminismus, deen eigentlech alles beim Ale léisst. Paritéit léisst d'Ursaache vum Problem am Däischteren, mengt den Thierry Simonelli.

Lou Reckinger
Weltfraendag

Feministen hätte fir d'Frae vun haut gekämpft an et hätt een hinne vill ze verdanken. Där Meenung ass d'Lou Reckinger, Member beim Grupp "Voix des jeunes femmes". Dëse Kampf misst ee weiderféieren.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen