Radioen

On air

Kultur um 5  |  Fieh - Supergud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kapverdianer: Eng sozial benodeelegt Communautéit

Fräie Mikro

Kapverdianer: Eng sozial benodeelegt Communautéit

Den 1. Januar 2017 hu ronn 3.000 Kapverdianer zu Lëtzebuerg gelieft. Si sinn déi drëttgréisst Grupp vun net-EU Auslänner zu Lëtzebuerg, no de ronn 4.500 Montenegriner an den 3.200 Chinesen. Dobäi muss ee ronn 6.000 Awunner mat kapverdianeschen Originnen zielen, déi e Lëtzebuerger oder EU-Pass hunn.

auto_stories

4 min

Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI

De Centre d'étude et de formation interculturelle et sociale (CEFIS) huet am Kader vum europäesche Programm "Asile, Migration, Integration" a mam Kofinanzement vun der Immigratiounsdirektioun eng interessant Etude iwwert d'Kapverdianesch Diaspora zu Lëtzebuerg eraus ginn. D'Kapverdianer stellen deemno eng grouss a wichteg Grupp duer, déi aktiv zum Wuelstand vun eisem Land bäidréit. Mat engem Duerchschnëttsalter vun 31,2 Joer si si eng jonk Communautéit, d'Moyenne zu Lëtzebuerg läit ëmmerhi bei 38,7 Joer.

61 Prozent ginn als Ursaach fir hier Immigratioun op Lëtzebuerg d'Aarmut an d'Aarbechtslosegkeet an hirem Heemechtsland un. Si siche bei eis eng besser Zukunft fir sech an hir Famill, a loosse sech dofir bei eis nidder. Si gesi méi ewéi aner Auslänner keen Zeréck an hiert Land, bedéngt wahrscheinlech duerch déi schwiereg Liewenskonditiounen dohannen.

Sue fir d'Famill am Cap Vert

Si bleiwen awer allgemeng staark mat hirem Heemechtsland verbonnen a schécke reegelméisseg Suen un hir Famill am Cap Vert. Dës Suen hëllefen der Famill dohanne würdeg ze liewen. Vill kapverdianesch Veräiner finanzéieren am Cap Vert kleng Entwécklungsprojeten, si sammelen a verschécke Material fir Schoulen oder fir Gemeinschaftsinfrastrukturen an hiren Dierfer. Eng staark Solidaritéit zeechent hir Landsleit aus. Vill vun hinnen hoffen, datt si Familljememberen op Lëtzebuerg kënne nokomme loossen, fir och deene besser Liewensperspektiven ze erméiglechen!

Leider ass den Transfert vu Suen an Hëllefsmaterial an de Cap Vert mat héije Fraise verbonnen. Vill vun deem schwéier erspuerte Geld geet esou fir déi direkt Hëllef verluer. Kapverdianesch Veräiner vu Lëtzebuerg kréie kaum Ënnerstëtzung vun eisem Entwécklungsministère. Et ass un der Zäit, datt d'Aktioun an den Engagement vun der Kapverdianescher Diaspora, déi eng wichteg Kontributioun zur Entwécklung vum Cap Vert duerstellt, zu Lëtzebuerg unerkannt a gewierdegt gëtt.

Prekär Konditiounen

Vill vun de Kapverdianer zu Lëtzebuerg hunn eng niddreg Schoulausbildung. 74 Prozent hunn nëmmen d'Primärschoul besicht. Si schaffen deemno an niddreg qualifizéierte Beruffer, déi och deementspriechend schlecht bezuelt sinn. Esou läit d'Moyenne vum Stonneloun fir d'Kapverdianer zu Lëtzebuerg bei 13,07 Euro, während se fir d'Portugise bei 15,27 Euro a fir d'Lëtzebuerger bei 28,81 Euro pro Stonn läit! Dës Chifferen deite kloer drop hin, datt d'Kapverdianer zu Lëtzebuerg oft a ganz prekären ekonomesche Konditioune liewen, obwuel den Taux d'emploi, also de Prozentsaz u Leit aus der Communautéit, déi schaffen, fir d'Kapverdianer bei 65 Prozent läit, a fir d'Lëtzebuerger nëmme bei 35 Prozent!

Een erschreckend Resultat vun der Etüd weist, datt d'Kapverdianer an der Lëtzebuerger Schoul nach ëmmer massiv an déi Filièren orientéiert ginn an do hänke bleiwen, an deene si keng oder ganz wéineg Qualifikatiounen erreechen. D'Interviewen, déi am Kader vun dëser Etüde gemaach goufen, weisen däitlech, datt vill Eltere frustréiert sinn, well hier Kanner ëmmer erëm op niddreg Filière gedréckt ginn a fillen sech esou diskriminéiert. Eng Etüd méi, déi beweist, wéi sozial selektiv eis Schoul funktionéiert, wou nach ëmmer Kanner aus dem Aarbechtermilieu kaum Chancen hu weider ze kommen.

Winzeg Wunnengen

Nëmmen 32 Prozent vun de Kapverdianer zu Lëtzebuerg si Proprietär vun hirer Wunneng. Mat den deiere Wunnengspräisser an hirer niddreger Kafkraaft wäert sech dës Situatioun och kaum verbesseren. Mat 32 Quadratmeter pro Wunneng hunn d'Kapverdianer am Verglach zu allen aneren Nationalitéiten dee klengste Wunnraum zu hirer Verfügung. Datt d'Lëtzebuerger am Verglach op 73 Quadratmeter pro Persoun wunnen, also méi ewéi dat Duebelt, ënnersträicht déi staark sozial Ënnerscheeder an eisem Land.

Et wier ubruecht an dréngend noutwendeg, datt d'Politik, mä och d'Zivilgesellschaft, déi richteg Konklusiounen aus dëser Etüde zitt a gezielte Moossnamen am Sënn vun der sozialer Promotioun an der Chancëgläichheet an d'Weeër leet! Dofir musse Mëttelen zur Verfügung gestallt ginn. Kann dat e Wahlkampf Thema ginn? Doru woen ech ze zweiwelen!


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.