Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Bréck tëscht Pabeier an Écran

Nei Technologien

Eng Bréck tëscht Pabeier an Écran

Den Karl-Ludwig von Wendt huet mat senger App "Papego" den Titel vun der Content Start-up vum Joer 2016 gewonnen. Hie mécht et méiglech doheem op Papeier, an ënnerwee mobil ze liesen.

auto_stories

4 min

D'Bicherwelt sicht no Léisunge fir déi analog mat der digitaler Welt ze verbannen

Bicher an Innovatioun – geet dat zesummen? Jo, zum Beispill. mat elektronesche Bicher. Mee wat kann ee soss am Buchbetrieb nach innovativ änneren? Keng einfach Fro. Mee genau dës Fro gouf an Däitschland vum sougenannten "Branchen-Accelerator" vum "Börsenverein des deutschen Buchhandels", dem Content-Shift, gestallt. Dëse Moteur fir innovativ Iddien am Beräich vun de Bicher ze fërderen hat fir 2016 deen éischte Concours lancéiert fir "Content-Start-up" vum Joer ze gin.

Klengt alles bëssen denglësch – kann awer op lëtzebuergesch sou iwwersat ginn: Contentshift ass den Numm vun engem EU-wäiten Fërderprogramm deen et jonken Entreprisen erméiglecht, hir Iddie mat professioneller Berodung ëmzesetzen an ze optimiséieren. De Gewënner vum Concours vun dësem Joer heescht "Papego" an ass eng App, déi et méiglech mécht, fléissend tësche Buch a klasseschem Format, a Buch op elektroneschem Support hin an hier ze wiesselen.

Eng einfach Iddi

"Et scannt een einfach déi läscht Säit, déi een an engem Buch gelies huet. D'App erkennt dann, wou een am Buch drun ass, a schéckt engem d'Suite iwwer eng honnert Säiten op den Handy", erkläert de Karl-Ludwig von Wendt, deem seng Iddi "Papego" war. Wann de Lieser da erëm heem bei säi Buch kënnt, gëtt d'App him d'Säitenzuel un fir um Pabeier weiderzeliesen.

Eigentlech ass et eng simpel Iddi, op déi scho virum Karl-Ludwig von Wendt een hätt kënne kommen. Beim von Wendt ass d'Erënnerung un dee Moment, wou bei him d’Iddi fir "Papego" ze entwéckele koum, nach ganz kloer: "Ech sollt mat der U-Bahn bei ee Client fueren. Doheem war ech grad am Gaang ee Buch vum Stephen King ze liesen, Joyland. Ech hat awer keng Loscht dat déckt Stéck mat mir ronderëm ze schleefen – sou ass et gaang". Kuerz drop konnt de Karl-Ludwig von Wendt zwee Frënn fir d'Iddi begeeschteren an et gouf ee Prototyp entwéckelt – an deen huet fonctionnéiert.

Ee Problem am Alldag, eng Léisung

"Scratch your own itch" – "Kraz Dech do wou et Dech selwer bäisst": No dësem Motto aus der Start-Up-Zeen verfiert och de Karl-Ludwig von Wendt. Et geet drëm eng Léisung fir ee Problem ze sichen, deen ee selwer am Alldag huet, an deen een also gutt kann aschätzen.

Datt et beim Karl-Ludwig von Wendt net bei der Iddi bliwwen ass, mee datt hien déi konkret ëmgesat huet, ass och sengem berufflechen Wee bis dohin ze verdanken. Hien huet Eco studéiert, a sech während dem Studium schonn intensiv mat Programméieren auserneegesat. Seng Dokteraarbecht huet hien iwwer kënschtlech Intelligenz geschriwwen. "Et war kloer, datt dat Thema mech géif beschäftegen", sou den Däitschen, deen och an der Berodung vun Entreprisen aktiv war an haut doriwwer eraus Bicher schreift.

Ee Präis als Trampolin

De Karl-Ludwig von Wendt dierf sech mat senger Start-up a senger Papego-App elo also Content Start-up vum Joer 2016 nennen. De Jury seet a senger Begrënnung: "Papego hat das Potential ein Branchenstandard zu werden – national wie international. Mit Papego gelingt ein wichtiger Brückenschlag zwischen analogem und physischem Produkt."

Dëse Bréckeschlag tëscht op Papeier gedrécktem an elektronesch liesbarem Buch bréngt dem Entwéckler vu "Papego" a senger GmbH Briends 10.000 Euro. "Dat ass fir eis als kleng Start-up schonn eng schéin Zomm. Mir schaffen zum Deel fir näischt, respektiv fir ee ganz niddrege Loun". Méi wichteg ass fir de Karl-Ludwig von Wendt awer, datt de Präis him Kontakt zu Clienten an Investisseure bréngt.

Een anert Liesverhalen

Et sinn am Moment nach keng honnerte Bicher déi "Papego"-fäheg sinn. "Et sinn der just eng 40, haaptsächlech am Piper-Verlag", sou den Erfinder. Hie selwer seet, säi Liesverhalen hätt sech duerch seng eegen App verännert. "Ech wiessele ganz natierlech tëscht Pabeier an Écran hin an hir. Heiansdo weess ech mol net méi wéi een Deel vun engem Buch ech wéi gelies hunn", sou de von Wendt.

Ween sech fir dës nei Applikatioun interesséiert kann och op der Internetsäit www.papego.de weider Informatiounen kréien. Oder am Bicherbuttek d’Aen ophalen fir dee gielen Autocollant deen op "Papego"-gestëtzte Bicher hiweist.