Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Natalie Prass - The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kee Roboter, mee och e liewegt Wiesen"

Ënnerstëtzung fir Leit mat Behënnerung

"Kee Roboter, mee och e liewegt Wiesen"

Rahna ass eng unerkannten Associatioun, déi Mënschen hei zu Lëtzebuerg mat engem Handicap an enger ageschränkter Mobilitéit en Assistenzshond finanzéiert an och d'Iddi dohannert promouvéiert. D'Asbl heescht zwar am Ënnertitel "Muppen ënnerstëtze Leit am Rollstull", mee et muss een awer net am Rollstull sinn, fir en Assistenzhond ze kréien.

auto_stories

3 min

Leit mat enger Kierperbehënnerung, mat engem Multihandicap oder enger geeschteger Behënnerung kënnen och en Hond froen. Am leschte Fall wier dat éischter e sougenannten "Chien d'éveil", seet d'Presidentin vun der Asbl Rahna. D'Andrée Biltgen ergänzt, datt et awer och Leit mat Diabetis oder Epilepsie ginn, déi op en Assistenzhond zeréckgräifen.

D'Aufgabe kënne variéieren

Den Hond ass e richtege Familljemember a permanent bei der jeeweileger Persoun doheem. Hien huet awer speziell Aufgaben an ass soss integréiert an den Alldag.

A senger Ausbildung léiert en Assistenzhond bis zu 50 Kommandoen. D'Andrée Biltgen selwer huet och en Assistenzmupp. Dee geet mat hir schaffen oder op Versammlungen an hëlleft hir am Alldag a verschiddene Situatiounen.

Eng vu sengen Haaptaufgaben ass et, fir der Andrée Biltgen Saachen opzerafen. D'Aufgabe kënnen awer variéieren: En Hond, dee bei enger Persoun mat Diabetis ass, hëlleft zum Beispill dobäi den Zocker ze moossen.

"En Hond suergt dofir, datt et der Persoun gutt geet"

D'Hënn hunn e ganz gutt Gespier op et engem gutt geet oder net, seet d'Andrée Biltgen, Presidentin vun der Asbl Rahna.

"Grad Diabetiker- an Epilepsie-Warnhënn ginn drop trainéiert, datt et hinne gutt geet, wann et der Persoun gutt geet. Dat heescht, den Hond suergt dofir, datt et der Persoun gutt geet, fir datt si erëm kann no him kucken a sech mat him beschäftegen. Dat ass e bëssen d'Philosophie do dohannert."

D'Andrée Biltgen géif sech perséinlech vill méi sécher fillen, wann hiren Hond dobäi wier an och d'Ëmfeld kéint sécher goen, datt alles an der Rei ass, wa sech den Hond net mellt.

En Hond, deen déi zwee Joer laang Ausbildung mécht, gëtt schonn direkt als Welpe getest, ob en d'Ausbildung als Assistenzshond packt.

Déi meescht Associatiounen, déi d'Hënn ausbilden, géifen och meeschtens mat deenen nämmlechten Ziichter zesummeschaffen. Mat aacht bis néng Woche géifen déi kleng Hënn dann an eng Fleegefamill, wou si 16 bis 18 Méint bleiwen. Hei léiere si eng gutt Partie vun hire 50 Kommandoen. D'Hënn ginn hei awer och sozialiséiert.

Dat heescht mat Auto- oder Busfueren, e Lift huelen, mat Akafe goen a sech an enger Ëmgéigend beweegen ouni Panik ze kréien. Zum Beispill do, wou vill Leit openeen treffen.

Wat sinn d'Virstellunge vun engem Assistenzhond?

Wien op d'Hëllef vun engem Assistenzshond ugewisen ass, muss fir d'éischt eng Demande bei der Associatioun Rahna maachen, déi mat unerkannten Hondsschoulen zesummeschafft. Si selwer ginn da bei d'Leit heem kucken, wéi do d'Situatioun ass, wou d'Problemer sinn a wéi eng Virstellungen d'Persoun och vun esou engem Hond huet.

Déi Responsabel vun der Associatioun Rahna mussen d'Demande da fir gutt heeschen a ginn dës un eng Hondsschoul virun. D'Schoul decidéiert da schlussendlech, ob d'Persoun en Assistenzhond kritt oder net.

"En Hond och Hond si loossen"

Wichteg ass och ze kucken, ob d'Bezéiung tëschent dem Assistenzhond an der Persoun stëmmt an ob den Hond sech bei hir doheem wuel fillt.

"Et muss ee fäeg sinn, en Hond aartgerecht ze halen an en och Hond sinn ze loossen, fir mat ëm eraus kënnen ze goen, datt et him och gutt geet. Et ass jo kee Roboter, mee e liewegt Wiesen, dat och seng Besoinen huet."

Och dat misst een am Kapp behalen, wann ee bei eng Persoun heem kontrolléiere geet, seet d'Andrée Biltgen.