Radioen

On air

Notturno  |  The Jam - English Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Déiereversich u Primaten"

Fonds National de la Recherche

"Keng Déiereversich u Primaten"

Den FNR huet d'lescht Joer 195 Projete mat 80 Milliounen Euro finanzéiert. Fënnef Prozent vun de Projeten d'lescht Joer hunn op Déiereversich baséiert. Dëst Joer waren et sechs Prozent. Et wéilt een dëse Prozentsaz an Zukunft reduzéieren, seet de Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, Marc Schiltz.

auto_stories

3 min

D'Fuerschungsprojeten, déi vum Fonds National de la Recherche finanzéiert ginn an op Déierenexperimenter zréckgräifen, mussen eng ganz Partie Critèrë respektéieren. Den FNR géif esou Projeten nëmme finanzéieren, wa keng alternativ Methoden existéieren. All Institutioun an der EU hätt eng Ethik-Komissioun, déi Déierenexperimenter evaluéiert. Och zu Lëtzebuerg géif et déi ginn.

D'Recherche-Projete géifen zum Beispill ausschliisslech Raten, Mais an Zebrafësch fir d'Versich benotzten. Et géifen also keng Experimenter u Primate gemaach ginn. D'Versich misste souwuel déi national wéi déi europäesch Gesetzer respektéieren. Zum legale Kader vu Fuerschungs-Collaboratioune mat Déiereversich baussent Europa seet den Dokter Marc Schiltz:

"Also ech mengen insbesonders an deene Länner, wou mir kooperéieren, dat sinn ausserhalb vun Europa natierlech d'USA, do sinn d'Reegelen och relativ strikt. Dat selwecht gëllt fir déi asiatesch Länner wéi Japan oder Singapur, wou mir gréisser Kollaboratiounen hunn. (...) An deene Länner ass mir kee Projet bekannt, wou mir an der Kooperatioun sinn a wou am grousse Stil géifen Déiereversich stattfannen."

Den FNR géif hoffen, d'Zuel vu Projeten, déi op Déiereversich baséieren, an Zukunft ze reduzéieren. Fuerschung, déi zu Lëtzebuerg géif gemaach ginn, géif dozou bäidroen, seet den FNR-Generaldirekter.

Fuerschungs-Prioritéiten

De Fonds National de la Recherche wëllt an Zukunft Fuerschungsprojeten an e puer neie Beräicher méi intensiv entwéckelen. Dorënner falen d'Secteure Bio-Medezin, digital Gesondheet, digital Informatioun an Datesécherheet. Dat soll och an der neier pluriannueller Konventioun festgehale ginn, déi nach dëst Joer soll ofgeseent soll ginn. Nodeems d'Regierung gréng Luucht ginn huet, soll se dann ugangs vum nächste Joer a Kraaft trieden.

D'Konventioun 2014-2017 huet d'Aktivitéite vum FNR mat am Ganzen 232 Milliounen Euro ënnerstëtzt. Am Budgetsprojet fir d'nächst Joer sinn 64,8 Milliounen Euro fir de Fong virgesinn.

Geeschteswëssenschaften

D'lescht Joer huet den FNR 195 Projeten, ënnert anerem an de Beräicher Bio-Medezin a Materialfuerschung, mat am Ganze ronn 80 Milliounen Euro finanzéiert. Am Duerchschnëtt si ronn 20 Prozent vun de Rechercheprojeten aus dem Beräich vun de Geeschteswëssenschaften.

"Iwwert d'Jore gekuckt hu mir duerchgehend 20 Prozent vun de Projeten, wou an de Sozial- an Humanwëssenschafte finanzéiert ginn. Budgetsméisseg ass et e bësse manner, do si mor éischter bei 16 bis 17 Prozent. Dat hänkt awer och domadder zesummen, datt Projeten an anere Gebidder, zum Beispill an de Naturwëssenschaften an an der Bio-Medezin, allgemeng méi deier sinn, well do vill méi Equipement a vill méi experimentell Aarbecht domadder verbonnen ass."

Fir déi néngt Editioun vun den FNR Awards gouf dëst Joer ee Fuerschungsprojet am Beräich vun de Geeschteswëssenschaften ausgezeechent. Dat an der Kategorie "bescht Doktorat-Thees".