Radioen

On air

De Moien  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Klengbauer steet am Mëttelpunkt

Liewensmëttelsécherheet

De Klengbauer steet am Mëttelpunkt

Weltwäit ass d'EU de gréissten Donateur vun Entwécklungshëllef. Aarmutsbekämpfung bleift och am neien europäesche Konsens fir Entwécklungspolitik eng Prioritéit. Dëse gouf am Juni vun den EU-Memberstaaten ugeholl. An där Hisiicht ass e gesécherten Accès zu Liewensmëttel vu fundamentaler Bedeitung. An do stinn haaptsächlech Klengbaueren am Virdergrond.

auto_stories

5 min

Iwwert d'Hallschent vun de Liewensmëttel weltwäit gi vu Klengbauere produzéiert, also vu Familljebetriber. Datt dës Klengbaueren ënnerstëtzt musse ginn, fir déi global Liewensmëttelsécherheet ze verbesseren, doriwwer ass ee sech op béide Säite vum politesche Spektrum eens. Hefteg ëmstridde bléift awer d'Fro, wéi dës Ënnerstëtzung soll ausgesinn.

D'EU fuerdert eng Rei privat-ëffentlech Partenariater, bei deenen den private Secteur an déi agro-chemesch Industrie Zougang zu Entwécklungsgelder kréien, fir Klengbaueren an hir landwirtschaftlech Projeten am globale Süde mat anzebezéien.

En Ëmfeld fir privat Investitioune schafen

En interessant Beispill ass déi sougenannten "New Alliance" fir Liewensmëttelsécherheet an Ernärung, déi 2012 vun de G8-Länner gegrënnt gouf. Déi gréng Europa-Deputéiert Maria Heubuch a Rapportrice vun engem 2016-Rapport seet, datt d'Zil vun dëser Allianz ass, de Modell vun der grénger Revolutioun aus de siechzeger a siwwenzeger Joren an Asien an Afrika unzewennen.

"D'Grenze vun dëser Manéier a besonnesch déi domat verbonnen Ëmweltrisike sinn allgemeng bekannt. Am Kader vun der neier Allianz ginn déi afrikanesch Länner opgefuerdert, legislativ Reformen duerchzeféieren, fir en Ëmfeld fir privat Investitiounen an der afrikanescher Landwirtschaft ze schafen."

An Tansania, ee vun den afrikanesche Partnerlänner vun der "New Alliance", liewen ëm déi 80 Prozent vun der Populatioun vun der Landwirtschaft. Déi tansanesch Klengbauere verstinn Entwécklung gréisstendeels als eng Erhéijung vun hire Kapassitéiten an e besseren a virun allem gesécherten Accès zum Marché fir hir Produiten. "Mir probéieren, Klengbaueren dozou ze motivéieren, Landwirtschaft als e Business ze gesinn", seet den Nickson Elly vun der nationaler Klengbauer-Organisatioun Mviwata.

Mir trainéieren hir Kompetenzen als Entrepreneur, fir datt si e gudde Businessplang op d'Bee stelle kennen an hire Profit besser ausrechnen. De Problem ass, datt vill Klengbauere keng schrëftlech Comptabilitéit hunn a si hir agronomesch Praxis net onbedéngt dem Maart upassen.

"New Alliance"-Projeten an Tansania proposéiere Strategieë fir déi Klengbaueren dobäi z'ënnerstëtzen, e besseren Accès zum Marché, zu Informatiounen an zu Kapital ze kréien. Am sougenannten "Outgrower Modell" versprieche gréisser Agrarfirmen de Klengbaueren hir Produktioun zu engem bestëmmte Präis ofzekafen. Esou solle Baueren eng Verkaafssécherheet hunn a fir ee méi grousse Marché produzéiere kënnen.

"Landwirtschaft ass e Business"

Anerersäits musse si am Numm vun dëser Partnerschaft eng Rei Konditiounen erfëllen. Ënnert anerem solle si bestëmmte Geseems a Pestiziden benotzen. "Landwirtschaft ass e Business", mengt dozou den Nickson Elly.

"An e Business brauch Kapital. An der Landwirtschaft musse Klengbauere Geseems a Pestiziden kafen. Well Klengbaueren dacks net genuch Kapital hunn, kënne si nëmme kleng Flächen exploitéieren."

Klengbauere kréien dofir dacks e Prêt vu Mikrofinanz-Institutiounen ugebueden. Dëse Prêt erméiglecht hinnen dann, Cliente vun agro-chemesche Firmen ze ginn, déi och Member vun der "New Alliance" sinn.

Kritiker soen, datt dëse Modell eng Rei Gefore matsechbréngt, ënnert anerem eng gréisser Vulnerabilitéit vun de Klengbaueren. De Ben, e Klengbauer am Südweste vun Tansania, ass vu senger Kollaboratioun mat engem New Alliance Partner-Projet enttäuscht.

"D'Firma mat där mir zesummeschaffen huet eis dobäi gehollef, e Prêt bei der Bank ze kréien. D'lescht Joer huet et awer net genuch gereent a mir haten eng schlecht Rekolt. Dëst Joer wëlle mir probéieren, eis Scholde vum leschte Joer ze begläichen."

Esou Fäll weise verschidde Limitte vun engem Entwécklungsmodell op, dee vum private Secteur geleet gëtt. Et ginn ëmmer méi Alternativen zu dësem sougenannte "Outgrower"-Modell entwéckelt, déi dem Klengbauer e besseren Accès zum Marché erméiglechen. A gläichzäiteg awer dofir suergen, datt d'Baueren hir Autonomie behalen.

Gespuert gëtt an der Communautéit

D'Organisatioun "Sustainable Agriculture Tanzania" huet zum Beispill eng Rei lokal "Spuer- a Prêtsgruppen" op d'Bee gestallt. Kapital gëtt um Niveau vun der Communautéit accumuléiert an dës lokal Communautéit decidéiert selwer, wéi dëst Kapital agesat soll ginn.

"E Prêt vun enger Mikrofinanzinstitution bréngt och immens vill Stress mat sech," seet d'Janet Maro, Direktesch vun där Organisatioun.

"Wann een de Prêt net zréckbezuele kann, riskéiert een zum Beispill säin Haus ze verléieren. Bei lokale Spuergruppen ass déi Angscht net do. Et ass Mikrofinanz fir d'Leit vun de Leit, well d'Prêten op Sue baséiert sinn, déi schonn an der Communautéit sinn. Esou bleift d'Entscheedungskraaft an den Hänn vun der Communautéit, déi fir sech selwer entscheede kann an och d'Modalitéite vum Prêt determinéiert."

D'Organisatioun proposéiert de Baueren och, hir Produiten ofzekafen an ze vermaarten. D'Konditioun ass, datt d'Liewensmëttel ouni chemesch Pestiziden an Dünger produzéiert ginn. Dat féiert dann och dozou, datt d'Landwirtschaft manner kapitalintensiv a méi ëmweltfrëndlech ass.

E méi resistenten, landwirtschaftleche Modell

Dëse Modell ass e Beispill vun Entwécklungsstrategien, déi d'Klengbaueren an de Mëttelpunkt setzen amplaz vun den agro-chemesche Grousskonzerner. Souwuel d'Agenda 2030 fir nohalteg Entwécklung, wéi och de Paräisser Klimaschutzaccord weisen drop hin, datt e landwirtschaftleche Modell muss entwéckelt ginn, dee wesentlech méi resistent ass an nohalteg Ernährungssystemer schafe kann, sou déi gréng Europa-Deputéiert Maria Heubuch.

"Der Bericht fordert die Regierungen in Afrika auf, nicht das Modell einer unternehmensorientierten Landwirtschaft auf der Grundlage landwirtschaftlicher Großbetriebe zu unterstützen, sondern in landwirtschaftliche Familienbetriebe und Agrarökologie zu investieren."

An engem rezente Rapport ënnersträicht d'Organisatioun Oxfam, datt d'EU sech am Kader vun hirer Entwécklungspolitik ëmmer erëm dozou verflicht, Klengbaueren z'ënnerstëtzen. D'Organisatioun kritiséiert, datt dëst Versprieche sech net an den EU-Investissementer am afrikaneschen Agrarsecteur erëmspigele géif.