Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kommunen: déi aner Aart Gesellschaft ze maachen

1968

Kommunen: déi aner Aart Gesellschaft ze maachen

Déi zwou wuel bekanntste Kommune waren d'Kommune 1, an d'Kommune 2 zu Berlin. Si hu respektiv vun 1967 bis 69 a bis 68 gedauert. D'Zil vun dësen héich mediatiséierte politesche Wunngemeinschaften war et, d'Theorie vun der Revolutioun an d'Praxis iwwerzeféieren. An dat net vun Uewen erof, duerch eng Verännerung vum Staat a vun der Ekonomie, mee vun ënnen erop, duerch d'Revolutionéiere vun der Famill a vun den eenzelen Individuen. Mat de Kommune sollt d'Praxis vun der Utopie stënterlech méiglech ginn.

auto_stories

4 min

Thierry Simonelli

Ab 1965 hunn den Hans Magnus Enzensberger an de Karl Markus Michel d'Zäitschrëft Kursbuch bei Suhrkamp eraus ginn. Dës Zäitschrëft war d'Stëmm vun der APO - der ausserparlamentaresch Oppositioun, also haaptsächlech de Sozialisteschen Däitschen Studentenbond no sengem Ausschloss aus der SPD. An der Nummer vum Januar 1968 huet d'Kursbuch e Präis vun 1000 Deutsche Mark fir en Text iwwert déi beschte "konkret Utopie" proposéiert. De Präis gouf am August 68 vum Géza Kirchknopf gewonnenen mat sengem Text: "Vom elastischen Familienverband zur Kommune". An dësem Text huet de Kirchknopf de Modell vun der Kommune - also enger besonnescher Zort vun Wohngemeinschaft - duergestallt.

D'Kommune - den Numm erënnert net fir näischt un déi Paräiser Kommune an un de Begrëff vum Kommunismus, a senger basisdemokratescher an net a senger bolschewistescher Variant - sollt also eng Aart vun Zesummeliewen proposéieren, déi aus dem Kader vum Kapitalismus an der Konsumgesellschaft an hiren Institutiounen ausbrieche sollt. De Kirchknopf - et mengt een bal eng Paraphras vum Marcuse ze liesen:

"Die Utopie ist nicht das Fernziel, sondern der Anfang des Programms. Die politischen Voraussetzungen sind heute schon in der Industriegesellschaft vorhanden, gleichgültig, ob es sich dabei um eine sozialistesche oder kapitalistische Gesellschaftsform handelt. Die wichtigste Voraussetzung ist die Einsicht in die Notwendigkeit dieser Veränderung."

Zil: ekonomesch Strukturen änneren

Wat originell un dëser Iddi vun der Kommune ass, ass dat et sech ëm eng Revolutioun handele soll, déi net vun Uewen, vum Allgemengen ausgeet. Net déi staatlech oder esouguer déi international ekonomesch Strukture solle verännert ginn.

D'Iddi ass am Contraire vun ënnen unzefänken, vum Klengsten, vun der Eenzelzell vun der Gesellschaft. An dës Zell ass d'Famill, an den Individuum an der Famill.

Wien d'Gesellschaft also ännere wëllt, esou d'Iddi vun der Kommune, muss fir d'Éischt déi elementar Bausteng vun der Gesellschaft änneren, well do fänkt de Problem un. Famille sinn, dat däerf een sech op der Zong zergoen loossen "repressiv-neurotesch Zwangsverbänn" wou net nëmmen déi kapitalistesch Ideologien an d'Gehirer gebrannt ginn, mä wou och den "autoritären Charakter" erop gezillt gëtt. Dës Kritik kléngt wéi eng Zesummefaassung vun der "kritescher Theorie" vum Horkheimer, Adorno an Marcuse.

An de repressiv-neurotëschen Zwangsverbänn vun der traditioneller Famill, gëtt et de Kanner onméiglech gemaach en autonomen "Ech", en onofhängegen "Ego" am Freud sengem Sënn auszebilden. Dat féiert zu enger ängschtlech-autoritärer Perséinlechkeet, déi hir Aggressioun op d'Elteren nëmmen nach duerch eng symptomatesch Projektioun op Friemer, op Anerer, verschiben kann. Hei entstinn da Friemenhaass, Antisemitismus a méi allgemeng déi psychesch Viraussetzungen déi den Totalitarismus favoriséieren.

"Bal amusant naive Grondgedanken"

Andeems een dann dës Grondzell vum Schlëmmsten ofschaaft, an d'Gesellschaft vun den Famillen duerch en Netz vu Kommunen ersetzt, evitéiert een dat Schlëmmst a mécht gläichzäiteg d'Fortsetzung vum repressiven Zesummenhang vun der Kapitalistescher Gesellschaft onméiglech. Esou de bal amusant naive politesche Grondgedanken vun der Kommune.

De Problem mat de klassesch marxisteschen an och mat de bolschewistesche Revolutionstheorien, esou d'Iddi vum Adorno, vum Fromm a dem Marcuse, also och vum Projet vun der Kommune, war deen ënnerschätzt ze hunn, datt de Kapitalismus och an de gesellschaftlechen Institutiounen déi psychologesch Perséinlechkeetsprofiller produzéiert, déi dem System nëtzlech sinn, an e fortsetzen. Dofir geet et dann och net duer einfach e bessert oder méi e richtegt Bewosstsinn oder Klassebewosstin ze hunn. Och dat richtegt Bewosstsinn ännert nach net déi autoritär Perséinlechkeetsstrukturen déi zu Gewalt, Ausschloss an Totalitarismus féieren.

Originell Synthees

Déi revolutionär Ännerung muss dofir och vu bannen ufänken, an zwar an de Käpp vun de Revolutionären. Den Dieter Kunzelmann, e Situationist a Matbegrënner vun der Kommune I zu Berlin, huet dat radikal formuléiert:

"Ihr müßt euch entwurzeln! Die erste Form der Entwurzelung ist: weg mit euren Stipendien! Weg mit Eurer Sicherheit. Gebt das Studium auf! Riskiert eure Persönlichkeit! Und die zweite Entwurzelung heißt: Raus aus Euren Zweierbeziehungen. [...] Der Mensch besteht aus einer Vielzahl von Menschen, und in einer Zweierbeziehung findet permanent eine bespiegelte Selbstliebe statt. Die muss zerstört werden."

Hei kënnt op klengstem Raum esou zimlech alles an enger origineller Synthees zesummen. Kritik um Kapitalismus, Freudomarxismus, revolutionär Psychologie, sexuelle Kommunismus, Ëmwälzung vum Alldagsliewen, politeschen Aktivismus, eng Praxis déi Mikro- a Makropolitik verbënnt - "Das Private ist politisch" - a Gehirwäsch duerch d'Ophiewung vun der biergerlecher Privatsphär, vun der gruppenofhängeger Individualitéit déi d'Leit empfänglech mécht fir Sektenphänomener a Guru-Perséinlechkeeten.

Den Antrëtt an dës Kommunen hat dann och als Bedingung dat all d'Memberen sech hu mussen enger permanenter - an esou wéi mir et haut aus den Erfarungsberichter wëssen - aggressiver Zort vun Gruppepsychotherapie ënnerzéien, fir déi lescht Reschter vun hirem biergerlech-autoritären Onbewosste lass ze ginn. Eréischt déi déi esou duerch permanent Gruppentherapie op hir anti-revolutionär Perséinlechkeetszich konnte gerengegt ginn, sollten dann och fäeg ginn Kanner grouss ze zéien déi d'Bierger vun der neier Weltuerdnung gi sollten. Et weess een net richteg op een iwwert esou e simplistesche Gréissewahn laache soll, oder op een zidderen sollt virun der Widderhuelung vu genau deenen totalitären Organisatiounen, déi evitéiert sollte ginn.