Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Lëtzebuerger Dokter op de Philippinnen

Humanitär Hëllef

E Lëtzebuerger Dokter op de Philippinnen





De Jean-Claude Leners ass eigentlech Dokter zu Ettelbréck. Hien engagéiert sech, nieft senger medezinescher Aarbecht zu Lëtzebuerg awer regelméisseg an humanitäre Missiounen uechter d'Welt, fir déi däitsch ONG "German Doctors". Dës Kéier war den Dokter am Asaz an engem klengen Duerf op de Philippinnen, bei de Mang-yans, den "Native People".

auto_stories

2 min

D'Detektéiere vun Tuberkulos war fir de Jean-Claude Leners ee vun den Haaptschwéierpunkte vu senger Aarbecht op de Philippinnen. Et géif een Tuberkulos a Forme begéinen, déi een hei zu Lëtzebuerg seele géif gesinn. "Dohanne gesitt Dir Tuberkulos an den Lymphgefäässer, an de Knachen an nach op anere Plazen."

Zwar géif een nationale Programm bestoen, dee Medikamenter géint Tuberkulos gratis zu Verfügung stellt. D'Leit missten dann awer de Wee aus hirem Duerf an déi gréisser Stied fannen, fir déi néideg Medikamenter ze kréien.

"Just nach mat Palliativ-Medezin hëllefen"

Als Dokter schockéieren hie virun allem Situatiounen, bei deenen hie weess, datt de Leit näischt anescht méi hëllefe kann, wéi eng palliativ Betreiung.

"Dat klassescht Beispill ass vun enger Madame, déi mir an enger vun eisen Ambulanzen haten. Si ass mat enger schwéierer Bluttaarmut bei eis komm an um Pabeier stoung, datt si puer Deeg virdru schonn an der Klinik war. Do ass festgestallt ginn, datt hir Niere guer net méi schaffen. A fir datt si iwwerhaapt nach hätt kënnen iwwerliewen, hätt si missten an d'Dialys."

An deene Géigende wieren Dialysen awer net systematesch op 200 Kilometer erreechbar. An déi géifen dann och e Verméige kaschten.

"Do si Limitten, wou ee weess, datt een do just nach palliativ deene Leit eppes géint de Wéi oder aner Symptomer ka ginn. Et riskéiert een natierlech Leit haut ze gesinn, wou ee weess, datt se vläicht an e puer Wochen oder, am schlëmmste Fall, eréischt an e puer Méint awer gestuerwe sinn."

Grouss Ënnerscheeder am Verglach mat Lëtzebuerg

Dem Jean-Claude Leners no ass et och net einfach, den Ënnerscheed tëscht de Philippinnen a Lëtzebuerg ze gesinn. Hei zu Lëtzebuerg wiere bei enger Dialys zum Beispill keng Problemer mam Finanzement.

"Op de Philippinnen geet et schonn domat un, datt wann ech an e Spidol ginn, ech meng Medikamenter jo selwer muss bezuelen. Ech muss natierlech och ee mat dobäi hunn, dee mir do z'iesse bréngt. An der Klinik kréien ech zwar mäi Bett, en Dokter a villäicht och nach eng Infirmière."

Well awer net systematesch jiddereen an enger Krankekeess verséchert wier, missten d'Leit dat alles selwer bezuelen.