Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kreeslafwirtschaft an Holland

Hollännesch Staatsvisitt

Kreeslafwirtschaft an Holland

Den hollännesche Kinnek Willem-Alexander ass haut op offizieller Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. Mat dobäi ass och eng wirtschaftsdelegatioun vu 27 Firmen, déi sech op Kreeslafwirtschaft spezialiséiert hunn. Holland wëll nämlech, bis 2050, seng ganz Ekonomie dorop ëmstellen. An Holland ginn et scho Firme mat villen Iddien, wéi dës Transformatioun soll ausgesinn.

auto_stories

5 min

"Dat hei ass e Beispill vun engem Produit dee mir aus recycléiertem Plastik, an dësem Fall aus enger PET-Fläsch. Mir maachen aus dem Plastik Tënt fir en 3D-Drucker, dat gesäit sou aus, et ass en dënnen Drot. Mir kënnen dësen Drot an den 3D-Printer maachen, an domat kann een sou zimlech alles drécken, wat ee wëll."

De Bart Bleijerveld ass Grënner vum Start-up Better Future Factory" zu Rotterdam, déi sech op Recycling vu Plastik spezialiséiert huet. Duerch de Recyclage vu PET-Fläschen, oder vun der Verpackung vu Kaffisbounen, schafen si nei Weeër, fir Offall nei ze verwenden, an dat op eng innovativ Aart a Weis.

Mam 3D-Printer kënnen aus recycléierter Tënt nei Produite geschaf ginn.

Sief et Kopfhörer, déi ee sech selwer doheem drécke kann, oder en Zerwéierplateau aus den Iwwerreschter vun enger Verpackung, d'Méiglechkeete schéngen net limitéiert. An d'Material ass do, an dat deelweis souguer gratis, et läit nämlech dacks an der Poubelle, oder et fënnt ee se um Recycling-Center.

E Krees, dee sech schléisst

D'Approche hannert dësem Recycling-Prozess nennt sech "Circular Economy", "Kreeslafwirtschaft" op Lëtzebuergesch. D'Iddi ass et fir d'Offallprodukter op eng nohalteg Aart a Weis ze benotzen, an ze recycléieren, an zwar sou, datt de Krees sech ëmmer schléisst.

A Westeuropa gëtt momentan nëmme 24% vum Dreck recycléiert, an e groussen Deel vum Plastik lant och am Mier. Fir e méi nohaltege System ze schafen, huet sech Holland d'Kreeslafwirtschaft op de Fändel geschriwwen. Bis 2050 wëll d'Land hier ganz Ekonomie dorop ëmstellen.

E wichtege Schrëtt

Fir d'Stientje van Veldhoven, Staatssekretärin fir Infrastruktur a Waasserverwaltung, responsabel fir Kreeslafwirtschaft an Holland, ass dës Ëmstellung enorm wichteg:

"Ech mengen dës Ëmstellung ass enorm wichteg. D'Weltbevëlkerung wiisst, an d'Verflichtunge vis-à-vis vum Paräisser Klimaofkommes , mir mussen also méi wäit kucke wéi Stroum a Ressourcen. Duerfir schaffen ech mat Partner aus der ganzer Ekonomie zesumme fir sécherzestellen, datt net nëmmen eenzel Projete sinn, mee datt mer wierklech eng strukturell Ännerung an der Wirtschaft kënnen erreechen."

D'Stientje van Veldhoven

An där Partner an der Wirtschaft ginn et vill, d'Nofro ass grouss. Et sinn dacks Start-Uppe mat den innovativen Iddien. Et fänkt meeschtens schonn domat un, fir d'Material, dat benotzt gëtt, aus recycléiertem Offall hierzestellen. Sief et Firmen, déi den Offall aus de Kanäl vun Amsterdam fëschen, an dorausser Dëscher bauen, oder wéi d'Better Future Factory, déi aus PET-Fläschen, déi si op Museksfestival sammelen, nei Produite bastelen. Eng aner Approche ass et, biologescht Material hierzestellen, sou datt kee Plastik méi muss produzéiert ginn.

En Doheem fir nohalteg Start-Uppen

"Mir hunn d'Blue City als eng Grupp vun Entrepreneure gestart, well mer gesinn hunn, datt mer geschwë keng Ressourcë méi hunn. Mir benotzen der duebel souvill, wéi mer der eigentlech zur Verfügung hunn. Mir mengen, datt mer nei Zorte vu Produite brauchen, déi weisen, datt een den Dreck och anescht benotze kann, an datt mer schlussendlech keen Dreck méi hunn."

Dat seet d'Sabine Blesheuvel, Grënnerin vu Blue City zu Rotterdam.

Am Blue City hu vill Start-Uppen en Doheem fonnt.

D'Gebai, wat ursprénglech eng Schwämm an Erliefnispark war, ass haut komplett ëmgebaut. Op 12.000 Quadratmeter hunn haut vill Start-Uppen, déi sech mat Kreeslafwirtschaft befaassen, en Doheem fonnt. Nieft der Better Future Factory fënnt een hei och aner kreativ Leit mat innovativen Iddien, fir manner Offall ze produzéieren.

Biologeschen Offall

Esou wéi d'Nienke Binnendijk, wat am BlueCity Lab schafft. Si ziichten hei aus Champignone Material, wat se duerno als Verpackung ëmwandele kënnen. Dëse Modell ass an den USA scho Realitéit, wou d'Firma Ecovative aus dësem Champignon Verpackunge fir DELL hierstellt.

D'Iddi, fir d'Material biologesch unzebauen, ass net onbedéngt nei, kéint de Marché awer revolutionéieren. Produiten op biologescher Basis sinn nämlech och méi einfach ofzebauen. Eng Approche, déi och d'Jalila Essaïdi interesséiert. Si ass op Biotechnologie spezialiséiert a bekannt fir hir Erfindung, fir aus Spanneseid eng kugelsécher West ze bauen. Mëttlerweil huet si awer en anere Projet, deen de biologeschen Offall vu Kéi verwent:

"Mir produzéieren ze vill Koumëscht, eleng an Holland komme 4.000 Kilo pro Joer op all Awunner. Mir zerstéieren eis Ëmwelt, verschmotzen d'Loft an eist Waasser. Andeems ech d'Cellulose an der Koumëscht ëmwandelen a Chemikalie recycléieren, domat kann ech nei Produite wéi Kartrong, Plastik, a Kleeder. Et erschaaft een eng nei Ekonomie."

Iddien austauschen

Duerch dës nei Wirtschaft wier et beispillsweis méiglech bis zu engem Kilo CO2 Ausstéiss bei der Produktioun vun engem T-Shirt ze spueren. Duerch eng lokal Kreeslafwirtschaft ass et deemno méiglech, datt de Bauer den Offall vun de Kéi verkeeft, an déi och op eng nohalteg Aart a Weis benotzt ginn, an der Ëmwelt net schueden.

Projeten, déi an Holland schonn Alldag sinn, solle bei der Staatsvisitt vum haut mat Vertrieder vum Privatsecteur an der Chambre de Commerce virgestallt an diskutéiert, an Iddien ausgetosch ginn. Mee d'Delegatioun geet och Betriber zu Lëtzebuerg kucken, déi op eng nohalteg Aart a Weis funktionéieren. Well vläicht kann déi hollännesch Delegatioun och eppes vun eis léieren.