Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kris als Chance an donkelen Zäiten?

Prisma

D'Kris als Chance an donkelen Zäiten?

D'Corona-Kris bestëmmt de Moment eist Liewen a verännert d'Welt op eng Aart a Weis, déi ee sech virun e puer Joer nach net konnt virstellen. D'Zukunft schéngt eppes ze sinn, wat och just nach pessimistesch dierf geduecht ginn, oder? De Gilles Retter versicht elo emol einfach en anere Wee ze goen, an e vill méi positiivt Bild ze zeechnen. Nom Motto: Wat ee sech net virstelle kann, kann een och ni realiséieren. Gëtt et deemno héich Zäit, fir e "moralesche Fortschrëtt" unzegoen, wéi de Markus Gabriel an engem rezent publizéierte Buch proposéiert?

auto_stories

6 min

Mir sinn de Moment an enger Kris. A wat fir enger ass awer nach net ganz kloer. Eng ekonomesch, eng sanitär, eng Systemkris, eng Kris vun der liberaler Demokratie, oder just eng Corona-Kris? Kennt net och nach eng Finanzkris? Wat huet et mat der Virstellung vu Kris op sech? Ass et onst erkläerten Zil dës Kris oder Krisen ze iwwerwannen, fir datt dono nees alles kann esou lafe wéi virdrun? Kann eng Kris net och eng Chance sinn, fir sech als Mënschheet ze verbesseren? Eng Chance fir en moralesche Fortschrëtt? An déi Richtung denkt op jiddefalls de Markus Gabriel, en jonke Professer a Philosoph aus Bonn.

Eng Kris ass een Denklabor

Fir d'éischt awer klassesch philosophesch d'Genealogie vum Begrëff "Kris": Deen huet seng Originn am algriicheschen "krisis" (κρίσις), woumadder ursprénglech den decisive Moment vun engem gesondheetlechen Zoustand gemengt war, dee sech op eemol zum besseren oder schlechtere verännert huet. Am Griichesche war Kris deemno de Moment wou ee bei enger Behandlung huet missten eng Decisioun huelen, eng Decisioun déi en Zoustand vun engem Patient konnt dramatesch verbesseren oder verschlechteren. Haut gëtt mat Kris awer virun allem eng negativ Entwécklung betount. Bei der Flüchtlingskris oder der Finanzkris, déi déi lescht Joren an der Aktualitéit waren, gëtt virun allem d'Zäsur, mat deem wat war an déi negativ Konsequenze fir ons Gesellschaft, ervirgehuewen.

Am Markus Gabriel sengem neie Buch "Moralischer Fortschritt in dunkelen Zeiten: Universale Werte für das 21. Jahrhundert" heescht et elo awer "Eine Krise ist immer auch ein Denklabor. Die Corona-Krise macht uns klarer als zuvor, wer wir sind, und eröffnet Spielräume für neuartige Entscheidungen darüber, wer wir sein wollen. Die Gegenwart einer Krise geht immer mit einer neuen Zukunft schwanger."

Dat kléngt an dësem Moment natierlech immens optimistesch, erënnert och vläicht un den Ufanksoptimismus wärend dem Lockdown, wou een sech nach iwwer eng Entschleunegung an en Zeréckfanne vun de richtege Wäerter gefreet huet. Haut ass dësen Excitement ronderëm d'Erliewe vun enger Ausnamesituatioun schonn nees eriwwer. Bliwwen ass d'Gefill vun Angscht, Muechtlosegkeet an d'Erkenntnis, datt den Retour zur Normalitéit nach op sech waarde léist. Eng Normalitéit déi eventuell och guer net méi zeréckwënschen ass?

Eng letal Weltuerdnung viru Corona?

Dem Gabriel seng Kritik setzt hei un, andeem e pathetesch seet, dass d'Weltuerdnung wéi mir se kannt hunn, viru Corona, net normal war, mee vill méi letal war. Dat heescht ons Weltuerdnung war an ass doduerch gekennzeechent, dass mer onst Habitat zerstéieren, Stéchwuert Klimakatastrophe. Dobäi kënnt datt d'Produktionsketten, mat deem onse Wuelstand an onse räiche westleche Länner zesummenhänkt, doduerch entsteet, datt Mënschen an anere Regioune vun der Welt ausgebeut ginn, a massiv zu Schued kommen. Mir bezuelen zum Beispill kee Mindestloun am Bangladesch a China, wou Saache fir ons produzéiert ginn.

Och hei an Europa hu mer gesinn, datt do wou Leit wéi Véi gehale ginn, fir a Fleeschbetrieber oder als Erntehelfer, fir en Apel an a Stéck Brout ze schaffen, mer et kaum fäerdeg bréngen, fir mënschewierdeg Zoustänn ze suergen. An hei geet et ëm ons Grondversuergung u Liewensmëttel. Dat heescht: mat letalen oder lëtzebuergesch "déidlechen" Zoustänn ass gemengt, dass Mënsche stierwen, fir datt mir am Wuelstand kënne liewen.

Et ass net ze leegnen, datt de System, wéi en de Moment ass, fatal Konsequenze mat sech bréngt: D'Ausbeutung vun der Natur, d'Ausbeute vun de Mënsche wäit ewech, d'Ausnotze vun de Mënschen hei am Land, duerch een op Konkurrenz a Gewënnmaximéierung getrimmte Wirtschaftssystem.

Ekonomesch Interessen an den Hannergrond stellen

Ass dëse System elo alternativlos? Quasi déi beschte méiglech Welt, déi duerch d'Beschafenheet vum Mënsch, als egoistesch, kuerzsiichteg a profitorientéiert Wiesen, einfach net anescht geduecht ka ginn? Ëmmerhin erlaabt ons, de System wéi e war, soulaang mer op der richteger Platz gebuer goufen, en ni gekanntenten Ausliewe vu Fräiheeten: Reese bis an de Weltall, Iessen a Drénken no Loscht a Laun, Verschwenden a Consomméieren ouni Sënn a schlecht Gewëssen.

D'Corona-Kris huet gewisen, datt Verännerunge méiglech sinn, déi mer net fir méiglech gehalen hätten. Mat dem etheschen Argument: eng Iwwerlaaschtung am Gesondheetswiesen ze verhënneren, goufe massiv Fräiheetsrechter ageschränkt. Vun engem moralesche Standpunkt aus, kann ee soen dass probéiert ginn ass dat richtegt ze maachen, ekonomesch Interesse sinn ouni laang ze zécken an den Hannergrond getrueden a mam Prinzip "Gesondheet vun vulnerabele Mënschen ze schützen" gouf, mam Peter Sloterdijk senge Wieder, en "sanitäre Staatsstreich" ugeuerdent. Dat klengt negativ, gëtt awer vum Sloterdijk selwer éischter positiv gedéit: Den demokratesche Staat, gläichsam als feelerbehafte Biergervertriedung, deen eng éischte Kéier, wirtschaftlech Interesse hannen ustellt, fir seng Bierger ze schützen.

Kann ee Corona-Kris deemno och als Startschoss gesinn, fir iwwer dat richtegt Handelen am allgemengen nozedenken? Diskussioun iwwer eng gerecht Bezuelung vun essentielle Beruffer, deiten an déi Richtung. Oder d'Afrostelle vun onser liberaler Liewensweis: iwwerméisseg Reesen, Globaliséierung als Bedéngung fir d'Ausbreedung vun der Pandemie, wier e weidert Beispill. Op der anerer Säit d'Erkenntnis, datt sécher gegleefte Fräiheete méi fragil sinn, wéi geduecht, Stéchwuert: Grenzkontrollen a Schengenraum.

Eng Wëssenschaft net eleng decidéiere loossen

Interessant bei dëser Kris ass och d'Fokusséieren op eenzel Wëssenschaftsdisziplinen als Heilsbréngen an enger verzweiwelter Lag. Besonnesch an enger Ufankszäit ware Wëssenschaftler aus dem Beräich vun der Medezin, en wichtegen Entscheedungsfaktor fir d'Politik. Eppes wat een duerchaus als Fortschrëtt kann déiten, wann een bedenkt, datt de Wëssenschaftler beim Klimawandel nëmme wéineg Gehéier geschenkt gëtt.

Op der anerer Säit ass et wichteg ze verstoen, datt d'Naturwëssenschaft als eenzel Disziplin, wéi d'Immunologie oder Statistik net eleng kann doriwwer informéieren, wat an dem een oder aneren Zenario muss oder soll gemaach ginn. Hei missten och aner Disziplinnen, notamment Geeschteswëssenschaftlecher zu Rot gezu ginn, wéi zum Beispill d'Philosophen, d'Soziologen an d'Ethiker, déi hei vläicht méi en breede Bléck kennen opmachen. Zum Beispill mat der Fro wat et fir eng Gesellschaft bedeit "Social distancing" iwwer laang Zäit ze bedreiwen.

Wat et bedeit all Dag d'Covidzuelen, praktesch als politeschen Handlungsbarometer ze publizéieren? Oder d'Fro wat d'Digitaliséierung, den Homeschooling an Homeoffice mat dem Eenzelen ustellt, wann doheem net méi doheem ass, mee gläichzäiteg och Büro an Versammlungsraum? Féiert dat net zu enger; an hei nees en Begrëff vum Gabriel, "Coronialiséierung vun onser Liewenswelt"? Als enger Duerchdréngung a Vermëschung vu Privatsphär an Aarbecht. Enger Omnipresenz vum Virus? Wou den Nächsten net méi als Matmënsch, mee just nach als potentiell Bedreeung, als Iwwerdroer vu Krankheet an Dout begraff gëtt.

De klengen Exkurs fir ze soen, datt d'Naturwëssenschaften, d'empiresch Daten eleng nach net soen, wéi een handele soll a muss a bestëmmte Situatiounen. Och hei kéint et als Fortschrëtt gedeit ginn, datt d'ëffentlech Debatten iwwer d'wëssenschaftlech Resultater ronderëm Corona, däitlech gemaach hunn, datt wëssenschaftlech Fuerschung keng endgülteg Wouerechte produzéiere kann, an nach manner Resultater ervirbréngt, déi onmëttelbar handlungsinititéierend sinn.

Eng Kris kann deemno esou wéi a senger ursprénglecher Bedeitung vum Begrëff en Punkt sinn, fir sech ze entscheeden. Mir kënnen ons als Mënschen entscheeden nei Weeër ze woen, nei Weeër ze denken. Nom Duerchbrieche vun Infektionskette quasi och Produktionsketten, a systemesch Ketten ze duerchbriechen. Sech als Gesellschaft nei opzestellen an ons moralesch an ethesch Widderspréch probéieren opzeléisen. Vläicht och einfach just de Courage hunn Zukunft als Utopie an net just als Dystopie ze denken.