Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lauschter op däi Bauchgefill!

Invité am Moies-Magazin

Lauschter op däi Bauchgefill!

De Sven Hannawald war ee vun de beschte Schisprénger vun allen Zäiten. Den éischte Sportler, deen déi véier Kompetitioune vun der mythescher "4-Schanzen-Tournee" gewonnen huet, hie war Weltmeeschter a Goldmedaillegewënner bei den Olympesche Spiller zu Salt Lake City. Mee an der Zäit vum gréisste Succès koum d'Enn. De Sven Hannawald ass an e Burn Out gefall, ass awer mat vill Méi an Energie nees am normale Liewe gelant. Hien ass keen Eenzelfall an dofir wëllt hie mat senger Liewensgeschicht anere Mënschen hëllefen.

auto_stories

3 min

Datt engem eppes am Sport a besonnesch am Schisprangen, geschéie kann, domat géif een opwuessen, seet de Sven Hannawald. D'Thema Stress wier deemools allerdéngs net ugeschwat ginn. Wann hien elo zeréckbléckt, da war just de Futtballspiller Sebastian Deisler en Thema gewiescht, deen ënner Depressioune gelidden hat. De Sven Hannawald hat säi Sport gären an et war fir hien als Kand scho kloer, datt hien ee vun de Beschten op der Schanz wëllt ginn.

Den Driff zum Perfektionismus

Als Kand huet hie weider keng Konkurrenz gespiert, mee e war sech awer bewosst, wou hie bis bei de Grousse war, datt Trainingsintensitéit an och de Wëllen musse méi zolidd ginn. An deen Driff huet de Stress sécher net méi kleng gemaach. De Sven Hannawald huet dunn, praktesch um Héichpunkt vu senger Carrière gemierkt, datt hien net a senger Rei wier, mä wat war lass?

Annerhalleft Joer vun Dokter zu Dokter gerannt

Hien hat d'Vertrauen an d'Medezin esou gutt wéi verluer, bis en de richtegen Dokter fonnt huet. Endlech gouf och a Richtung vu stressbedéngten an psychesche Problemer gesicht an eng Diagnos konnt gestallt ginn: "Burn Out-Syndrom". De Sven Hannawald gouf stationär an enger Klinik opgeholl, an u sech war dat eng Erliichterung, fir endlech ze wëssen, wat lass ass. Den Traitement huet gehollef, an de Schiprénger war sécher, datt hien no der Zäit an der Klinik nees géif sprangen. Datt et um Enn anescht koum, huet hie mat der Zäit mussen akzeptéieren an och léieren, mat der neier Situatioun ëmzegoen.

Ech wollt am Spigel dee gesinn, deen ech sinn

De Sven Hannawald ass vun Ufank u ganz oppe mat senger Situatioun ëmgaangen. Hie wollt authentesch sinn an net an eng Roll eragedréckt ginn oder d'Wourecht verheemlechen. An och wann hie Schisprangen huet mussen un de berühmten Nol hänken, géif hien et haut nach emol d'selwecht maachen. Vill méi wichteg war deemools a senger Situatioun, datt et him nees besser goung, an datt hien nees an dat normaalt Liewen zeréckfonnt huet an nees Freed am Alldag gespuert huet.

De Kapp wollt nach, mee d'Bauchgefill war dogéint

D'Kanner lauschteren intuitiv op hir ënnerlech Stëmm. Mee an der séierer Welt, an där mir liewen, loosse mir eis vu villem matrappen. Dat war fir de Sven Hannawald och esou. No sengem "Burn Out" huet hien awer geléiert, sech net vu bausse soen ze loossen, wat gutt fir hien ass a wat net. Fir de Sven Hannawald ass eent kloer, datt déi ënnerlech Stëmm gutt fir eis ass:

"Es gibt hin und wieder auch Kopfentscheidungen aber letzten Endes 80 Prozent ist Bauchentscheidung, weil das ist das Gefühl, was wir haben. Wenn man zu der heutigen Zeit angestellt ist, und natürlich nur Stress hat, dass dann das Gefühl sagt: Man möchte lieber zu Hause bleiben. Das ist klar, dass man das nicht machen kann. Aber das Gefühl ist halt deswegen so, weil es zu stressig ist und dementsprechend muss man lernen damit umzugehen."

E Burn Out kennt keng Ënnerscheeder

E Burn Out-Syndrom ass net nëmmen eng Gefor fir Leeschtungssportler, seet de Seven Hannawald, mee jidderee ka concernéiert sinn. Duerch seng Konferenzen an Workshoppen, déi hien als Corporate Health-Ambassadeur a mat senger Berodungsfirma organiséiert, wëllt hien duerch seng Liewensgeschicht sensibiliséieren an hëllefen. Wat ee sech der Situatioun éischter bewosst gëtt an éischter medezinesch oder therapeutesch Hëllef kritt, wat et besser an de Grëff ze kréien ass.

De Sven Hannawald huet säi Wee duerch den Héichleeschtungssport an dono de Burn Out an engem Buch festgehalen. Den Titel "Mein Höhenflug, mein Absturz meine Landung im Leben". Erauskomm am ZS-Verlag.