Radioen

On air

Espresso Beats  |  David Holmes & Raven Violet - Necessary Genius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Le Loup dans la bergerie

Buchtipp

Le Loup dans la bergerie

Datt ëmmer méi individuell Rechter net onbedéngt ee Fortschrëtt musse sinn, dat weist de franséische Philosoph Jean-Claude Michéa a sengem leschte Buch "Le Loup dans la bergerie. Droit, libéralisme et vie commune".

auto_stories

3 min

Ob ech mir elo e Smartphone kafen oder net, ass jo meng fräi Entscheedung. Dat seet op d'mannst emol d'Theorie vun der fräier Maartwirtschaft. Datt dësen individuelle Choix awer Konsequenze fir d'Allgemengheet huet, nämlech datt fréier oder spéider jiddweree gezwonge gëtt, sech ee Smartphone unzeschafen, well een einfach net méi dolaanscht kënnt, gëtt vun der liberaler Theorie ausgeblent.

D'selwecht verhält et sech mat der Sonndesaarbecht: ob ech sonndes wëll schaffen oder net, mäi Choix. An awer: och dës perséinlech Wiel wäert sech iergendwann eng Kéier zu engem kollektiven Zwang entwéckelen, an zum Beispill d'Fräizäit an d'Familljeliewen, dat sech bis elo de Weekend konnt entfalen, desorganiséieren.

Kapitalismus wëllt vu Moral näischt wëssen

Där Logik geet de franséische Philosoph Jean-Claude Michéa a sengem Buch "Le Loup dans la bergerie. Droit, libéralisme et vie commune" op de Fong. Meng Fräiheet hält do op, wou deem anere seng ufänkt - déi Iddi ass am politesche Liberalismus verwuerzelt.

Fir déi éischt liberal Theoretiker wier dat net weider problematesch gewiescht, well si moralesch Wäerter konnte viraussetzen, déi virum Kapitalismus dat kollektiivt Liewe bestëmmt hunn. Mee vu Moral wëllt de Kapitalismus an Tëschenzäit näischt méi wëssen, schreift de Michéa. Dat eenzegt, wat déi gesellschaftlech Bezéiungen nach soll reegelen, dat ass d'Recht.

D'Mënsche sinn ëmmer manner autonom

De soziale Lien reduzéiert sech op d'Zomm vu private Verträg ënner Individuen. Theoretesch géife sech déi individuell, viru Geriicht aklobar Rechter bis an d'Onendlecht multiplizéieren. An der Praxis wieren d'Mënschen awer ëmmer manner autonom, hiert Liewe kéinte si ëmmer manner selwer bestëmmen.

A sou wiere mir beim komesche Spektakel ukomm, bei deem Mee 68 - am Numm vu senge Prinzipien - sech selwer uklot. Wie beim Kouchner ufänkt, dee kënnt beim Macron un: mat där knapper Formel resuméiert de Philosoph Jean-Claude Michéa seng Iwwerleeung.

Kritik gëtt deelweis iwwer Bord geheit

De fréiere Matbegrënner vu Médecins sans frontières Bernard Kouchner, sozialistesche Minister éier hien Ausseminister ënner dem Konservativen Nicolas Sarkozy gouf, war ee vun deenen éischten, déi déi widderspréchlech Iddi vun de sougenannten "humanitäre Kricher" populariséiert hat, also Kricher am Numm vun de Mënscherechter.

Fir de Philosoph Jean-Claude Michéa huet déi politesch Gauche d'Kritik vun de Liewensweisen ënner dem Kapitalismus iwwer Bord geheit am Numm vum politesche Liberalismus, dee se mengt kënne vum wirtschaftleche Liberalismus ze trennen. De Wollef vu Wall Street ass souzesoen an de sozialistesche Schofsstall eragelooss ginn. Dat ass - am Michéa sengem Wierk - keng nei Iddi, mee eng Weiderentwécklung vun engem méi ale Gedanken.

De Jargon vun der universitärer Philosophie bleift engem erspuert

Déi ronn 160 Säite vum "Loup dans la bergerie" bitt eng gutt Aleedung an déi erfrëschend Iwwerleeunge vun engem radikale Philosoph, dee sech ënner anerem op den "anarchisteschen Tory" George Orwell an op de Karl Marx bezitt.

Datt dat Ganzt an enger zum Deel ganz witzeger Sprooch geschriwwen ass, déi dem Lieser de Jargon vun der universitärer Philosophie erspuert, ass kee klenge Virdeel.