Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Braukultur vum Theodor Gansen bis zur Bertha Lewino

Lëtzebuerger Sachbicher

Lëtzebuerger Braukultur vum Theodor Gansen bis zur Bertha Lewino

De Musée Brassicole des Deux Luxembourg beméit sech zanter senger Grënnung am Joer 2015 de Patrimoine vun der Lëtzebuerger Braukultur oprechtzëerhalen. An enger Publikatioun erënnert de Veräin un déi verschwonne Brauereien an der Fiels an zu Eech. De Mohamed Hamdi huet sech d'Buch méi genee ugekuckt.

auto_stories

4 min

Eng Schlësselroll a béiden Uertschaften spillt den däitschen Immigrant Theodor Gansen. Am Joer 1853 iwwerhëllt hien déi al Brauerei vun der Famill Tschiderer an der Fiels. Zwee Joer méi spéit erweidert hie seng wirtschaftlech Aktivitéiten op Eech, wou hien zesumme mat sengem Eedem eng nei Brauerei grënnt.

D'Eecher Brauerei wiist a kuerzer Zäit zu engem erfollegräiche Kléngbetrib dee sech mat de groussen nationale Béierproduzente Mousel a Funck moose kann an zu engem seriöe Konkurrent gëtt. Och um politesche Niveau huet de naturaliséierte Lëtzebuerger Theodor Gansen Erfolleg. Am Joer 1870 gëtt hien zum Buergermeeschter vun Eech gewielt - ee Posten deen hie bis zu sengem Doud besetzt.

Den Titel vum Buch ass liicht ierféierend

Dem Theodor Gansen seng Geschicht fungéiert als Ausgangspunkt vum Buch, mee a Wierklechkeet huet hie just eng Nieweroll. Den eigentleche Fokus läit nämlech op der Famill Lewino-Bamberger aus Mainz.

Nom Theodor Gansen sengem Doud am Joer 1874 wiesselt d'Eecher Brauerei e puer Mol de Besëtzer a gëtt schlussendlech - no verschiddenen Deels spektakuläre Skandaler - un de Pius Lewino versteet. Lëtzebuerg gëtt sou den zweete Wunnsëtz vum däitsch-jüddesche Geschäftsmann. Ënnert der rigider Kontroll vu senger Duerchter Bertha moderniséiert sech d'Eecher Brauerei lues a lues, mee intern Streidereie verhënneren d'Opbesserung vun de Finanzen.

D'Eecher Brauerei am Zweete Weltkrich

D'Situatioun sollt sech ab 1933 drastesch verschlechteren. Mat der Muechtergräifung vun den Nationalsozialisten an Däitschland decidéiert d'Bertha Lewino, sech ganz zu Lëtzebuerg z'installéieren, an der Hoffnung sou de Juddeverfolgungen z'entgoen. Och hiren Neveu, de Rudolf Bamberger verléisst Däitschland zesumme mat senger Fra Johanna Beck, déi besser ënnert hirem Kënschtlernumm Hanna Waag bekannt ass. Alle béid hu wéinst dem wuessenden Antisemitismus eng villverspriechend Karriär an der däitscher Filmindustrie missten opginn. Zu Lëtzebuerg hu si sech ganz der Brauerei higinn. Et ass ënnert der Leedung vum Rudolf Bamberger, datt d'Firma trotz dem onstabile politesche Kontext an den interne Streidereien, hir finanziell Situatioun lues a lues verbessere konnt.

D'Freed war awer net vu laanger Dauer. 1940 marschéieren déi däitsch Truppen a Lëtzebuerg an. De Gauleiter Gustav Simon imposéiert och heizulands eng Ariséierungspolitik, däerer d'Lewinoen zum Affer ginn. Op Drock vum Gauleiter gëtt d'Eecher Brauerei vum Lëtzebuerger Brauverband konfiszéiert an aus dem Régistre de Commerce gestrach.

De Rudolf Bamberger a seng Fra Johanna Beck ginn de 6. Juni 1944 vun der Gestapo verhaft an am Stater Gronn internéiert. Zwee Méint méi spéit kënnt de Rudolf Bamberger op Auschwitz, wou hien een hallewt Joer méi spéit stierwe sollt. Seng Fra huet d'Schrecke vum KZ Bergen Belsen iwwerliewt.

D'Suerge vun der Famill Lewino Bamberger nom Krich

Nom Krich waren d'Suerge vun der Famill Lewino-Bamberger net eriwwer. Am Kontext vun der Epuratioun stoungen däitsch Matbierger zu Lëtzebuerg ënner Generalverdacht. Och de Cipri Adolf Biermann, de Mann vun der Bertha Lewino, gëtt verdächtegt mat de Nazie kollaboréiert ze hunn - an dat obwuel hien a seng Famill während der Okkupatioun wéins hirer Relioun diskriminéiert a verfollegt gi sinn. 1946 erléisst d'Regierung de Befeel, de Cipri Adolf Biermann aus dem Land ze verweisen - ee Befeel deen awer schlussendlech annuléiert gëtt. De Cipri Adolf Biermann stierwt ee Joer méi spéit zu Lëtzebuerg.

D'Brauerei zu Eech fällt nom Krich neess ënnert d'Kontroll vun der Famill Lewino-Bamberger. Et ass de Ludwig Berger, den Neveu vun der Bertha Lewino, deen d'Geschäft an d'Hand hëllt. Ënnert senger Leedung kann d'Fabrik soguer ee liichte Gewënn registréieren. Mee géint den neie Konkurrenzdrock kritt den ofgeschwächte Betrib sech netméi gewiert. Schlussendlech ass de Ludwig Berger gezwongen, sech vun senger Firma ze trennen. Sou kënnt et, datt d'Eecher Brauerei am Joer 1951 vu Mousel opkaf gëtt - nodeems se bal 50 Joer vun der Famill Lewino-Bamberger geréiert ginn ass.