Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch an Edukatioun a Gesellschaft

Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuergesch an Edukatioun a Gesellschaft

Zanter 1912 gëtt Lëtzebuergesch enseignéiert. Dat Joer gouf och eng éischt Orthographie agefouert. Un der Sproochesituatioun huet sech zanterhir net vill geännert. Och net un der Astellung zu der Sprooch. De Chercheur Fernand Fehlen vun der Lëtzebuerger Uni analyséiert d'Unerkennung an d'Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Schoul an an der Gesellschaft.

auto_stories

4 min

Fernand Fehlen

D’Lëtzebuerger Sprooch gouf 1912 déi éischte Kéier als Fach an der Primärschoul agefouert. Eng hallef Stonn d'Woch krut d'Lëtzebuergesch zougestan. Trotzdem hat dës Decisioun e wichtegen Impakt op d'Bedeitung an d'Unerkennung vun der Sprooch. Well e Buch gebraucht gouf, huet eng Rechtschreiwung misse gemaach ginn, erkläert de Fernand Fehlen vun der Uni Lëtzebuerg. Déi nächst 35 Joer sollten d'Kanner mat dëser Orthographie vun 1912 léieren.

Lëtzebuergesch wär vun de Bierger zu där Zäit net als richteg Sprooch ugesi ginn. Trotzdem wär et d'Sprooch vum Lëtzebuerger Land gewiecht. "A wann d'Land seng Sprooch géif verléieren, géif et seng Onofhängegkeet verléieren," erkläert de Fernand Fehlen.

Den dräisproochegen Habitus

De Chercheur huet den dräisproochegen Habitus vun den 1920er Joere kloer zesummegefaasst: Den ideale Lëtzebuerger schwätzt Lëtzebuergesch, wuelwëssend, datt et keng Schrëftsprooch ass. Hie schreift Däitsch, obwuel hien et net als seng Sprooch empfënnt. An en deet sech méi oder manner Gewalt un, d’Franséischt dann ze benotzen wann et alt muss sinn.

Un dëser Astellung hätt sech prinzipiell nach näischt geännert. Och net um Fait, datt Lëtzebuerg dräi Landessproochen hätt, ënnersträicht de Fernand Fehlen. "Wann ee wëll wierklech dozou gehéieren, muss een déi dräi Sprooche beherrschen. Well et kënnt een ëmmer an Domainen, wou eng vun deenen dräi Sprooche virgeschriwwen ass."

​Lëtzebuergesch als Alphabetiséierungssprooch

Dem Fernand Fehlen seng Intentioun ass et nozeweisen, datt d’Lëtzebuergescht als Sprooch nach ëmmer net eescht geholl gëtt. Och wa se am Enseignement meeschtens "Langue véhiculaire" ass, sief et am Rechnen, mee och am Däitschen an am Franséischen Unterrecht, géif se net den aneren zwou Sprooche gläichgestallt. Obwuel se eng vun den dräi Landessproochen ass.

"An engem gewësse Sënn refuséiert d'Lëtzebuerger Schoul haut och nach ëmmer Lëtzebuergesch z'enseignéieren," sou den Enseignant. "D'Iddi, datt Lëtzebuergesch kéint Alphabetiséierungssprooch sinn an datt dat am Fong déi logesch Léisung vu ville Problemer vun der Lëtzebuerger Schoul wär, déi Iddi kann den Duerchschnëttslëtzebuerger eigentlech net richteg denken."

"D'Lëtzebuerger Schoul nei erfannen"

Wéi 1843 de System vun der däitsch-franséischer Primärschoul imposéiert gouf, huet d’Bevëlkerung sech als däitschsproocheg verstan. E System, dee spéitstens hautdesdaags keng sënnvoll a produktiv Plaz an eisem Schoulsystem huet.

Duerch d'Lëtzebuergescht wär e System entstan, deen nëmme praktikabel wär fir Kanner, déi Däitsch oder Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn. "Fir all déi aner Kanner ass et net praktikabel. An hautdesdaags hu mir 50 Prozent vun de Kanner, déi an d'Lëtzebuerger Primärschoul ginn, déi weder Däitsch, nach Lëtzebuergesch, nach Franséisch als Mammesprooch hunn. Dat heescht, mir musse fir déi Populatioun d'Lëtzebuerger Schoul nei erfannen."