Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Trainer-Duell

Fussball

Lëtzebuerger Trainer-Duell

An der 2. Däitscher Bundesliga spillt Kaiserslautern dëse Sonndeg géint Bielefeld. Zejoert ëm dës Zäit wär dat eng Affiche gewiescht, fir déi wuel just e klenge Krees vun Initiéierte sech interesséiert hätt. Dëst Joer ass dat anescht. De Match wäert an d'Annalen agoen: Et ass nämlech fir d'éischt, datt am professionelle Fussball zwou Equippe géinteneen untrieden, déi vu Lëtzebuerger trainéiert ginn.

auto_stories

4 min

Et huet net gutt ausgesi fir d'Arminia vu Bielefeld, Mëtt Mäerz dëst Joer. Am Keller vun der Tabell, a just nach néng Matcher ze spillen. De Veräin huet, wéi dat alt dacks esou ass, gehofft, mat engem neien Trainer in extremis d'Kéier vläicht awer nach ze kréien, a seng Plaz an der 2. Däitscher Bundesliga ze halen.

Den Numm um Internet nosichen

An deen neien Trainer, deen dunn den 20. Mäerz zu Bielefeld virgestallt ginn ass, war e gewëssene Jeff Saibene. Et hätt een als éischt missten den Numm um Internet nosichen fir erauszefannen, wien de Jeff Saibene iwwerhaapt wier. Et hätt een da gesinn, datt hie Lëtzebuerger wier, erënnert sech de Jens Brinkmeier, deen als Sportredakter am "Westfalenblatt" zu Bielefeld iwwer d'Arminia schreift.

Onbekannt ass relativ

Et war schonn iwwerraschend, datt den Traditiounsveräin an där déiwer Kris ausgerechent engem Nobody déi delikat Missioun zougetraut huet, den Ofstig ze verhënneren. Ze veräntwerten hat déi Decisioun de Samir Arabi, "Geschäftsführer Sport" bei Arminia Bielefeld.

"Onbekannt ass relativ", seet hien. De Jeff Saibene wier eng laang Zäit Trainer an der éischter Liga an der Schwäiz gewiescht, an do géing och gudde Fussball gespillt ginn.

En neien Defi

De Jeff Saibene huet deemools nach den FC Thun an der Schwäiz trainéiert, wousst awer datt säi Vertrag do net géif iwwer d'Enn vun der Saison eraus verlängert ginn. Hien huet den Defi ugeholl - ouni sech grouss Gedanken ze maachen.

Et wier ebe genau déi Situatioun gewiescht datt hie guer näischt ze verléieren hat. Hie wier schonn de véierten Trainer an dëser Saison gewiescht, an et hätt geheescht, d'Equippe wier souwisou net ze retten, do kéint komme wie wéilt. "A sou gesinn sot ech mer: Ze verléieren hunn ech näischt, awer gewanne kann ech enorm vill", mengt de Jeff Saibene.

"Jeff le Chef"

An hien huet enorm vill gewonnen: De Jeff Saibene a seng Equipe hunn dat méiglech gemaach, wat keen hinnen zougetraut hat: Just nach eemol an néng Matcher verluer, an d'Plaz an der 2. Liga domat gerett. "Jeff le Chef" hu se de Papp vun deem klenge Wonner gedeeft. Oder och nach "Graf von Luxemburg".

E katastrophale Start

Zeenewiessel: Kaiserslautern Enn September. De lokalen 1. FCK, och e Veräin mat vill Traditioun a grousser Vergaangenheet, ass katastrophal an d'Saison gestart: aacht Matcher gespillt, zwee Punkten um Kont. Trainerwiessel. De Choix fält op e jonke Coach, dee bis dohin just d'Fola vun Esch/Uelzecht trainéiert huet. Dat wär awer net näischt, an net deen eenzege Grond gewiescht, firwat de Jeff Strasser den Job kritt huet - seet de Boris Notzon, Sportdirekter vum 1. FC Kaiserslautern.

De Jeff Strasser hätt den Trainerschäin an Däitschland, an ee Stage beim 1. FC Kaiserslautern gemaach. Als Spiller hätt hien eng Carrière hannert sech mat villen Asätz, och an der Bundesliga, esou de Boris Notzon. "Die Gespräche mit Jeff waren sowohl fachlich wie auch menschlich so gut, und das hat uns alle überzeugt dass wir mit voller Überzeugung gesagt haben: 'Das ist unser neuer Cheftrainer'."

E Sprong an d'äiskaalt Waasser

Fir de Jeff Strasser war de Wiessel vum Gaalgebierg zu Esch op de Betzenberg, deen en als Spiller scho kannt huet, natierlech e Sprong an d'äiskaalt Waasser:

"Et ass eng Rise Mediepräsenz, natierlech ass d'Drocksituatioun vill méi grouss, dat ass jidderengem bewosst, inbesondere wann et ëm en Traditiounsveräin wéi Kaiserslautern geet. Inbesondere, wann een d'Situatioun, wéi se am Moment ass, betruecht. Mä déi Saach muss een natierlech och als Chance, a ganz positiv gesinn."

Zwee Méint sinn zënterhier vergaangen, Kaiserslautern huet zweemol gewonnen, zweemol gläich gespillt an zweemol verluer. Méi ausgeglach kann eng Bilanz net sinn

De Sportdirekter Notzon seet datt souwuel d'Mannschaft, wéi och de Veräin vun der Aarbecht vum Jeff Strasser ganz zefridden wieren.

Fréier Nationalspiller

De Jeff Saibene an de Jeff Strasser si fréier Nationalspiller, déi Trainer am Profi-Beräich gi sinn. Als Nationaltrainer huet den aktuellen FLF-President Paul Philipp déi zwee betreit. Hien erkläert wat se vuneneen ënnerscheet:

"Ech muss soen alles ënnerscheet si wat och de Charakter ugeet. De Jeff Saibene ass méi e coolen Typ, hëlt dat méi gelooss alles. Hie war och als Spiller méi relax, do huet een och vill méi oft missten hannendru si wéi hannert dem Jeff Strasser, dee sech permanent a Fro stellt, deen alles a Fro stellt an alles hannerfreet. [...] Vum Charakter si se allen zwee grondverschidden."

Kënne Succès gutt gebrauchen

E Sonndeg treffen déi zwou Equippen openeen, de Paul Philipp tendéiert dozou net kucken ze goen, well en natierlech béiden de Succès gënnt. Déi zwee kéinten en och gutt gebrauchen: Kaiserslautern ass ëmmer nach Tabelleleschten, a Bielefeld waart elo scho säit fënnef Matcher op en Erfolleg.

Trotzdeem wär et net esou wéi wann dem Jeff Saibene säi Stull elo géing wackelen. Et misst vill geschéien bis datt e Fan géif ruffen "Saibene raus!", mengt de Jens Brinkmeier.

Wien ass de Chef am Duell Jeff géint Jeff? De Match Kaiserslautern géint Bielefeld gëtt e Sonndeg, mëttes um hallwer zwou ugepaff.