Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ligier Richier (1500 - 1567): D'Liewen op der Bün

Land a Leit

Ligier Richier (1500 - 1567): D'Liewen op der Bün

Dësen Deel vun eiser Serie "Land a Leit" féiert eis laanscht Metz, an d'Géigend vu Pont-à-Mousson, duerch de Parc naturel regional de Lorraine bis op Saint-Mihiel - der Heemechtsstad vum engem vun de gréisste franséische Sculpteuren aus der Renaissance, dem Ligier Richier.

auto_stories

5 min

Saint-Mihiel läit un der Meuse, déi och dem Departement hei säin Numm gëtt. Am 9. Joerhonnert ronderëm eng Benediktinerabtei gegrënnt, ass d'Stad am 16. Joerhonnert opgebléit. Virun allem wéinst der sougenannter Skulpturschoul vu Saint-Mihiel, déi eigentlech just eng kuerz Familljendynastie vu Kënschtler war an dach en absolutten Héichpunkt vun der Renaissance a Frankräich ass. De Ligier Richier gëtt am Joer 1500 an eng Famill vu Steemetzer eragebuer, zu enger Zäit wou d'Grofschafte vu Loutrengen a vu Bar nach onofhängeg waren.

Protestanismus a Resistenz

D'Zäit vun där mer hei schwätzen ass eng wou de Protestantismus aus Däitschland eriwwer a Frankräich sech verbreet an och a Stied wéi Metz oder Bar-le-Duc Zoulaf fënnt. 1523 léist den Antoine vu Loutrengen dofir d'Schrëfte vum Martin Luther verbidden a beschlagnamen. Zwee Joer drop, wéi déi däitsch Bauerekricher, bei deene sozial Revendicatiounen am Virdergrond stoungen op Loutrengen an den Elsass iwwerschwappen, léist hie 15.000 Mann fir e Kräizzuch zesummen zéien an d'Rebellioun bekämpfen.

Mee säi Géigeniwwer ass gutt organiséiert. Virun allem am Elsass ass d'Resistenz am Stäerksten. Kléischter ginn iwwerrannt an ugestach. Do awer, wou dem Antoine vu Loutrengen seng Leit d'Geleeënheet hunn, massakréieren si ouni ze ënnerscheeden. Tëscht 20.000 an 30.000 Bauere mussen hire Courage mam Liewe bezuelen.

Wat fir en Afloss dës Evenementer op de Ligier Richier haten, doriwwer kënne mer just spekuléieren. Den Numm Ligier Richier taucht eng éischte Kéier 1530 op, dat Joer wou hien an den Déngscht vum Antoine vu Loutrengen trëtt. Eent vu senge fréiste Wierker ass de Retable de la passion du Christ vu Vigneulles-les-Hattonchâtel, engem Duerf dat op enger Kopp läit a stolz d'Ëmgéigend dominéiert, eng 15 Minutte vu Saint-Mihiel eweg läit.

Wa Skulpturen zu Theater ginn

Hei, an der Collégiale Saint-Maur, enger gotescher Kierch, huet de Ligier Richier, deen deemools a sengen Zwanzeger war, e Wierk vun aussergewéinlecher technescher Qualitéit geschaaft. Op dräi Kapitele gëtt hei faarweg de Leidenswee vu Christus, d'Kräizegung an den doudege Jesus gewisen, nodeems e vum Kräiz erofgeholl gouf. An den Tréine vun der Maria Magdalena, déi hir och nach 450 Joer méi spéit an enger Manéier d'Baken eroflafen, wéi wann et grad eréischt gekrasch hätt, erkennt een eppes wat mol eng Kéier dem Ligier Richier säi Markenzeeche gi sollt: eng staark a gefillsbetount Opfaassung vu reliéisen Inhalter, déi net ëmsoss op en theatraleschen Effekt aus sinn.

D'Christusfigur, déi hei vum Kräiz geholl gouf an elo um Buedem läit erënnert dann och d'Pietà vun Etain, eng vun deenen aneren Destinatiounen op der "Route Ligier Richier", déi virun e puer Joren als touristesche Parcours duerch den Departement vun der Meuse an d'Liewe geruff gouf. Hei an der Eglise Saint-Martin huet de Ligier Richier en eigentlech klassescht d'Motiv, dat an der Reegel aus enger Mariefigur besteet, déi do sëtzt an op hirem Schouss hiren doudege Jong leien huet, weidergeduecht. An zwar weist seng Pietà e Maria dat op de Knéie sëtzt a sech iwwer säi verstuerwene Jong béckt.

E Choix, deen déi reliéis Virlag an dat bekannte Motiv aus der Konscht aktualiséiert. Fir de Ligier Richier si seng Skulpturen Theater an eng Méiglechkeet d'Figure vum Chrëschtentum, de Mënsch an d'Liewe selwer op d'Bün ze bréngen a virun eisem Bléck hiert Liewen op d'Spill ze setzen. Villäicht ass him déi Iddi jo an Italie komm, wou hie méi wéi sécher beim grousse Michelangelo studéiert hat an och de Vollekstheater entdeckt hat.

Am Kloerste kënnt dat an enger Skulptur mam Numm Le transi eraus, déi een an der Eglise Saint-Etienne zu Bar-le-Duc bewonnere kann a villäicht zu de bekanntste Skulpture vum Ligier Richer gehéiert. Bei dëser Grafskulptur, déi de Visiteur op radikal Aart a Weis mam Doud konfrontéiert, steet en 1 m 77 héicht Skelett dat awer nach deelweis mat Haut bedeckt ass, wéi e Liewegen opkriits op engem Altor an hält um Enn vu sengem ausgestreckten Aarm säin Häerz an der Hand. Eng Skulptur déi dem René de Chalon säi Graf ornéiert, Prënz vun Oranien - och nach als René vun Nassau-Breda bekannt. Hie war 1544 mat 25 Joer an enger Schluecht gefall. Duerch säin Doud ass d'Haus Oranien un déi haiteg Dynastie weiderverierft ginn. Säin eenzege Jong Palamed wäert spéiderhin d'Duechter vum Pierre-Ernest de Mansfeld bestueden.

De Kënschtler huet mussen an d'Exil

De Ligier Richier hat och Nokommen. A grad wéi hie war säi Bouf Gérard och Sculpteur. Esouguer dem Ligier Richier seng Enkele Jean-Joseph a Jacob wäerten an dëser Richtung weider schaffen an eng reegelrecht Dynastie vu Kënschtler uféieren a weider a Frankräich aktiv sinn. Am Géigesaz zu hirem Grousspapp, deen am Alter vun ongeféier 60 Joer eng Petitioun un de Charel vu Loutrenge geriicht hat, fir dierfe säi protestantesche Glawen auszeliewen.

De Ligier Richier war nämlech konvertéiert an obwuel hien déi lescht Joren e Wierk vun aussergewéinlecher Qualitéit geschafen hat, huet hien elo Loutrenge misse verloossen. Méi wéi 30 Joer no der bluddeger Repressioun vun de Bauerenopstänn, hat dem Ligier Richier seng Ufro elo dramatesch Konsequenze fir hien. An esou ass hien 1563, am Alter vun 63 Joer, 500 km méi wäit op Genf an den Exil gaangen, wou seng Schwëster gewunnt huet.

Tragescherweis sollt hien esou d 'Aweiung vu sengem wuel wichtegste Wierk verpassen. Mir schwätze vun der Mise au tombeau (och nach Sépulcre genannt) a senger Heemechtsstad Saint-Mihiel. Hei an enger verwëllefter Säitenniche vun der Eglise Saint-Etienne steet en impressionante Skulpturgrupp. An der Mëtt den doudege Christus, dee vun zwee eeleren Häre gedroe gëtt.

Säi Kapp hänkt op der lénker Schëller, mir gesinn e vun der Säit. Wéi ëmmer beim Ligier Richier sinn d'Gesiichtszich extrem genau an d'Kleeder ganz fein erausgeschafft. Hei e Grupp Zaldoten, déi am gaange si Wierfel ze spillen. Do en Engel mat engem Kräiz an donieft, d'Maria dat am Schmäerz erstéckt. Op der Christusfigur hirem Gesiicht léisst sech den Ausdrock zugläich vun immenser Péng wéi och Hoffnung erauszeliesen - a Vertrauen, op d'Enn vun allem Leiden, op Erléisung. De Ligier Richier selwer stierft 1567 a sengem Schwäizer Exil.