Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lokaliséierung vun den Auslänner zu Lëtzebuerg

Gesellschaft

Lokaliséierung vun den Auslänner zu Lëtzebuerg

48 Prozent vun den Awunner am Grand-Duché sinn Net-Lëtzebuerger. Wou wunne si a wéi wäit musse si fuere fir schaffen ze goen? Dëse Froen ass d'Uni Lëtzebuerg an enger Etude iwwert d'Lokaliséierung vun der auslännescher Populatioun den Nationalitéite nogaangen.

auto_stories

3 min

D'Etude déi vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mam Statec realiséiert gouf, baséiert sech op de Recensement vun 2011. Si weist drastesch Ënnerscheeder tëscht den Nationalitéiten.

D'Fransousen maachen, zum Zäitpunkt vum Recensement, sechs Prozent vun der Populatioun aus. An der Stad Lëtzebuerg sinn et 14 Prozent. Zanter 2011 geet deen Trend nach no uewen. An absoluten Zuelen hunn d'Fransousen an der Haaptstad d'Portugisen iwwerholl.

Héije Standard bei Fransousen

D'Fransousen déi zu Lëtzebuerg liewen hunn och dacks méi eng héich Qualifikatioun, seet de franséische Konsul zu Lëtzebuerg de Johann Godin. D'Majoritéit vun de Residenten am Déngschtleeschtungssecteur wiere Kaderen. Dat géif sech och an hirem Bildungsniveau erëmspigelen. Iwwer een Drëttel vun de franséische Residenten hätt ee Master. "Da gëtt et nach een anere Profil fir d'Frontalieren. Déi schaffe vill an de Banken a bei Affekoten. Verschiddener och bei internationalen Organisatiounen, dorënner och d'europäesch Institutiounen."

Déi héich Salairen, d'Liewensqualitéit an d'Sécherheet géifen dozou bäidroen, datt déi franséisch Communautéit zu Lëtzebuerg sou dynamesch wiisst, seet de Johann Godin.

Héich Konzentratioune vu Portugisen

16 Prozent vun der Bevëlkerung hat 2011 déi portugisesch Nationalitéit. D'Portugise liewen zu Lëtzebuerg majoritär an de Südgemengen, op der Musel an a verschiddene Gemengen am Éislek, seet d'Etude. An de Gemengen Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Iechternach, Veianen a ronderëm d'Fiels géif et eng Iwwerrepresentatioun ginn, seet d'Isabelle Pigeron vun der Uni Lëtzebuerg.

Déi Entwécklung kéim duerch d'Präisser um Immobiliemaart. Et hätt awer och domat ze doen, datt déi Populatioune sech ugezunn hätten, sou d'Paula Martins, Presidentin vun der Confederatioun vun der portugisescher Communautéit.

"Déi Éischt, déi komm sinn, hunn dann hir Famill mat ugezunn, fir op där selwechter Plaz ze schaffen."

Doduerch wier d'Konzentratioun op verschiddene Plazen ëmmer méi grouss ginn. Portugisen aus enger Regioun a Portugal hätte sech och zu Lëtzebuerg dacks regroupéiert.

Den Trajet op d'Schaff

Am Duerchschnëtt hunn d'Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen e Wee vu 15,2 Kilometer fir op d'Aarbecht. D'franséisch Residente fueren am mannste wäit mat enger Moyenne vun 11 Kilometer.

D'Lëtzebuerger deplacéiere sech mat 16 Kilometer méi wäit wéi d'Auslänner, seet d''Isabelle Pigeron. D'Lëtzebuerger géifen déi méi dicht besidelt Géigenden evitéieren. Et kéint een dovun ausgoen, datt d'Lëtzebuerger méi grouss Terrainen, méi grouss Appartementer a manner Kaméidi a Pollutioun géife sichen.

D'Portugise sinn déi Auslänner, déi mat 15,7 Kilometer am wäitste fueren. Dat kéint ee relativéieren, sou d'Paula Martins. Och wann de Sëtz vun der Firma no beim Wunnsëtz wier, géifen Aarbechter dacks duerch d'ganzt Land fueren, fir op engem Chantier ze schaffen. Allerdéngs géife si da vu betribsinternen Transportméiglechkeete profitéieren.

D'Etude vun der UNI Lëtzeuberg misst verdéift ginn, seet d'Isabelle Pigeron-Piroth. Virun allem fir déi weider Entwécklung vun de Communautéiten an der Zäit kënnen z'analyséieren.