De Klassiker ënnert dem Béier war bis 2006 de Pils. Duerno huet de Craft Beer Mouvement aus den USA säi Wee och op Lëtzebuerg fonnt. De Mathias Lentz vun der Confédération des Brasseries et des Brasseurs seet, datt d'Drénkgewunnechte sech vun de Leit awer iwwert d'Jore verännert hunn.
"De Klassiker war bis 2006 de Pils"
Och zu Lëtzebuerg géifen d'Leit mëttlerweil méi experimentéieren. "D'Leit ginn an de Café an drénke keng siwen Humpen, mee si drénken dräi ganz verschidde Béieren,: een donkelen, e méi liichten an ee mat Fruucht zum Beispill", seet de Mathias Lentz.
De Pro-Kapp-Konsum hätt sech awer iwwer d'Joren net geännert. Dat wier doduerch bedéngt, datt Leit, déi fréier kee Béier gedronk hätten, elo lues a lues géifen domat ufänken. Dat ënner anerem, well d'Offer vill méi grouss wier, ewéi fréier. Dat heescht "méi Leit drénken u sech manner Béier," esou de Mathias Lentz.
Marketing gëtt ëmmer méi wichteg
E gudde Marketing a schéin, individualiséiert Etikette wieren haut immens wichteg ginn. Etiquette vu klenge Brauereie wieren dacks méi modern a méi faarweg, wéi eng klassesch Etikette vun enger méi grousser Brauerei. Mee och déi grouss Brauereien hätten d'Potential vun de ville verschiddene Béierzorten erkannt.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament dräi grouss Brauereien zu Lëtzebuerg. 21 Brauereie sinn Member bei der CBBL, et géifen der awer aktuell nach vill méi ginn an et géifen der och weider dobäi kommen.
D'Federatioun wier oppe fir nei Memberen unzehuelen, egal ob déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland brauen. Et wéilt een de groussen internationale Marken eppes entgéint setzen. "Mir wëllen eng Communitéit vu Béieren zu Lëtzebuerg zesummekréien," esou nach de Mathias Lentz vun der CBBL.