Mäin Europa Manner séier, manner Verkéiersaccidenter

Ëmmer méi EU-Länner reduzéieren déi erlaabte Vitessen op de Stroossen. Well manner séier fueren heescht manner déidlech Accidenter - soe vill Verkéiersexperten. Op der internationaler Konferenz fir Stroossesécherheet d'lescht Woch zu Stockholm gouf festgehalen: An den nächsten zéng Joer soll d'Zuel vu Verkéiersdoudegen weltwäit ëm d'Hallschent reduzéiert ginn.

Pierre Reyland / cbi

Autobunn
All Joer stierwen 1,4 Millioune Leit weltwäit bei Verkéiersaccidenter. Foto: Unsplash / Florian Steciuk

Zu Stockholm a Schweden war déi drëtt Editioun vun der globaler ministerieller Konferenz iwwer d'Sécherheet op de Stroossen. 1.700 Leit aus 140 Länner an 80 Ministere waren do, ënner hinnen de Lëtzebuerger Mobilitéitsminister François Bausch.

Zu Stockholm gouf e Kader definéiert, fir de Verkéier an den nächsten zéng Joer méi sécher, méi propper a méi effikass ze maachen. Datt de Verkéier och haut nach en därmoosse grousse Risiko fir Mënschen an Déiere bedeit wier inakzeptabel, sou de schwedeschen Transportminister Thomas Enerot.

Déidlech Accidenter sinn nach ëmmer e Problem

All Joer géifen 1,4 Millioune Leit op der Welt bei Verkéiersaccidenter stierwen. All Dag géifen deemno 3.500 Mënschen hiert Liewen op de Stroosse verléieren. Bei jonke Leit, tëschent fënnef a 29, wiere Verkéiersaccidenter déi heefegst Doudesursaach.

Den Haaptgrond fir d'Accidenter op de Stroossen wier och kloer, sot den Dokter Soames Job: Et wier d'Vitess. D'Vitess erofsetze wier ganz effikass fir d'Zuel vun Doudegen op de Stroossen ze reduzéieren: Well wann d'Vitess 1 Prozent erofgeet, géifen et véier Prozent manner Doudeger ginn.

Hëlleft d'Vitessreduktioun?

Dës Statistik hat de schwedesche Fuerscher Göran Nilsson schonn am Joer 2004 ausgerechent. Haut gëtt se vu Verkéiersexperten net méi a Fro gestallt. An och um politesche Plang gëtt et méi Akzeptanz fir iwwer Vitessreduktiounen ze diskutéieren, a se esouguer ëmzesetzen.

Déi skandinavesch Länner hunn do d'Nues vir. Mee Vitessreduktiounen, Radaren an aner Mesurë fir méi Sécherheet op de Stroosse kommen net bei jiddwerengem gutt un. A Frankräich, zum Beispill, gëtt weider gestridden, nodeems d'Vitess op ville Landstroosse vun 90 op 80 reduzéiert gouf.


Lauschtert de ganze Reportage vum Pierre Reyland, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Mäin Europa / / Pierre Reyland
Lauschteren

Méi zum Thema

SAMU
Urgence

An Zukunft soll bei Noutriff iwwer Handy d'Geolokalisatioun automatesch un den 112 matgeschéckt ginn. D'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter soll ënner anerem méi séier a méi prezis ginn, hofft de CGDIS.

Den nei Ambulanze vum CGDIS
Verkéiersaccidenter

22 Mënschen hunn 2019 hiert Liewen op de Stroosse verluer: en historesch niddregen Niveau. De François Bausch schwätzt vun enger gudder Nouvelle, d'AVR hofft, datt ee bei enger niddreger Zuel bleift.

Roud Luuchten
Verkéierssécherheet

Wien duerch rout fiert, kéint an Zukunft op d'mannst op dräi Plazen am Land geblëtzt ginn: Nieft der Stäreplaz an um Schlammestee, kéint och bei der Hollerecher Kierch esou ee Radar installéiert ginn.

Eng Strooss ouni Leitplanken
Verkéierssécherheet

D'Assocation des victimes de la route huet eng Partie Fuerderungen opgestallt, wat geschéie muss, fir d'Stroosse méi sécher ze maachen, a fir datt manner Leit stierwen oder blesséiert ginn.

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen